Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 20 Resultater
  1. Den 20. Januar 2023 huet de Regierungsrot den Avant-Projet fir d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Nomenclature vun de medezineschen Akten a Servicer déi vun der Krankeversécherung iwwerholl gi guttgeheescht, fir esou de Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang ëmzesetzen.

  2. D'Tripartite-Ofkommes vum 28. September 2022 gesäit d'Ofschafe vum Akkont fir d'sozial Laaschten op den 1. Januar 2023 fir. Duerch dës Moossnam soll de Versement vun de Cotisatioune besser opgedeelt ginn an Employeuren an Independanten kënne besser finanziell ënnerstëtzt ginn.

  3. Wéinst der aussergewéinlecher Situatioun am Kontext vun der COVID-19-Kris, war beschloss ginn d'Teletravail-Deeg, déi an deem Kader geholl goufen, net ze berécksiichtege beim Bestëmme vun der Legislatioun am Beräich vun der Sozialversécherung fir Frontalieren. Dës aussergewéinlech Dispositioun sollt am Prinzip den 30. Juni 2022 auslafen.

  4. Wéinst dem Impakt vum COVID-19 op d'Entreprisen an déi Fräiberufflech zu Lëtzebuerg, hunn de gemeinsamen Zentrum fir sozial Sécherheet (Centre commun de la sécurité sociale) an de Minister fir sozial Sécherheet, Romain Schneider, eng Rei Mesurë geholl fir d'Entreprisen an d'Fräiberuffler z'ënnerstëtzen, andeems se méi Flexibilitéit bei der Bezuelung vun hire Sozialversécherungsbäiträg kréien.

  5. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, datt Seng Kinneklech Altesse de Grand-Duc dësen Nomëtteg den Étienne Schneider, Vizepremierminister, Wirtschaftsminister a Gesondheetsminister, op deem säi Wonsch hin éierenhaft entléisst.

  6. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  7. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2