Nationalfeierdag 2018

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  1. ©EMA

    Relève vun der Garde virum Palais
  2. ©SIP / Emmanuel Claude

    Den Escher Buergermeeschter, Georges Mischo, begréisst d'Membere vun der Regierung
  3. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
  4. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
  5. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
  6. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
  7. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
  8. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
  9. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
  10. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
  11. ©Cour grand-ducale/ Claude Piscitelli

    D'groussherzoglech Koppel an der Fiels
  12. ©Cour-grand-ducale/ Claude Piscitelli

    D'groussherzoglech Koppel an der Fiels
  13. ©SIP / Charles Caratini

    Fakelzuch a Freedefeier zu Lëtzebuerg
  14. ©SIP / Charles Caratini

    Fakelzuch a Freedefeier zu Lëtzebuerg
  15. ©SIP / Charles Caratini

    Freedefeier zu Lëtzebuerg
  16. ©SIP / Charles Caratini

    Freedefeier zu Lëtzebuerg
  17. ©SIP / Emmanuel Claude

    Arrivée vun de Regierungsmemberen an der Philharmonie
  18. ©SIP / Charles Caratini

    Famillefoto
  19. ©SIP / Emmanuel Claude

    Famillefoto
  20. ©SIP / Emmanuel Claude

    Offiziell Zeremonie an der Philharmonie
  21. ©SIP / Charles Caratin

    Offiziell Zeremonie an der Philharmonie
  22. ©SIP / Charles Caratini

    Usprooch vum Premierminister a Staatsminister, Xavier Bettel
  23. ©SIP / Charles Caratini

    Usprooch vum Chamberpresident, Mars Di Bartolomeo
  24. ©SIP / Emmanuel Claude

    Usprooch vun S.K.A. dem Grand-Duc
  25. © SIP / Emmanuel Claude

    Militärparad
  26. ©SIP / Emmanuel Claude

    Militärparad
  27. ©SIP / Emmanuel Claude

    Famillefoto
  28. ©SIP / Emmanuel Claude

    Militärparad

22. Juni 2018

Relève vun der Garde virum Palais

D'Festlechkeete fir Nationalfeierdag fänken e Freideg, den 22. Juni un, mat der Relève vun der Garde virum Palais, wourunner en Éieren-Detachement vun der Arméi participéiert, an dat ënnert dem Kommando vum Lieutenant en premier Fabien Kieffer.

Fir déi musikalesch Begleedung suergt d'Militärmusek, ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Lieutnant-colonel Jean-Claude Braun.

D'groussherzoglech Koppel an der Fiels

Dëst Joer fiert d'groussherzoglech Koppel an d’Fiels, wou si am Enn vum Nomëtteg vum Vizepremierminister, Wirtschaftsminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet a Verteidegungsminister Etienne Schneider, vun der Staatssekretärin fir Wirtschaft, Staatssekretärin fir bannenzeg Sécherheet a Staatssekretärin fir Verteidegung Francine Closener, a vum Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen Claude Turmes, souwéi vun der Fielser Buergermeeschtesch Natalie Silva empfaange ginn.

No der Presentatioun vun de Gemengenautoritéite maachen HH.KK.AA.de Groussherzog an d'Groussherzogin eng Visite bei de Clientë vum Foyer de jour Elise de Roebe vun der Stëftung Hëllef Doheem.

D'groussherzoglech Koppel mécht och eng Visite am ale Quartier vun der Fiels, iwwert d'Paschtoueschhaus, d'Jugendhaus, den ale Wäschbur, souwéi d'Maison des Baillis. D'Erklärungen iwwert d'Geschicht vun der klenger Stad kréie si vum fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Fiels, dem Pierre Wies. Am Jugendhaus, dat sech fir d'Integratioun vun der Net-Lëtzebuerger Populatioun engagéiert, schwätzen HH.KK.AA. de Groussherzog an d'Groussherzogin mat der Jugend. Ausserdeem gëtt den ale Wäschbur benotzt, fir Rollespiller vun de Schoulkanner vun der Grondschoul z'entdecken.

Duerno ginn HH.KK.AA. de Groussherzog an d'Groussherzogin, zesumme mat de Gäscht, am Cortège bis op d'Place Bleech. Zum Programm gehéiert och e klenge Stopp beim Musée iwwert d'Textilindustrie mat Erklärungen iwwert d'Jangelisgare.

Op der Place Bleech hält d'Buergermeeschtesch Natalie Silva eng Usprooch an duerno iwwerreecht S.K.A. de Groussherzog Auszeechnungen.

Fir den Ofschloss vun de Festivitéiten zu Fiels gëtt et eng multikulturell Feier, wou d'groussherzoglech Koppel eng Demonstratioun vu Folklor-Dänz nokucke kann a wou si d'Populatioun treffe kann.

D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht

HH.KK.AA. den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin fueren op Esch-Uelzecht, déi zweetgréisst Stad am Land.

D'ierfgroussherzoglech Koppel gëtt op der Place de la Résistance vun enger Delegatioun empfaangen, déi aus dem Chamberpresident Mars Di Bartolomeo, dem Premierminister a Staatsminister Xavier Bettel, dem Justizminister Félix Braz, der Ministesch fir Chancëgläichheet Lydia Mutsch, dem Inneminister a Minister fir d'Fonction publique an d'Verwaltungsreform Dan Kersch, dem Escher Buergermeeschter Georges Mischo, souwéi dem Schäffen- a Gemengerot besteet.

Nom offiziellen Empfang gëtt eng Gerbe beim Monument aux Morts op der Place de la Résistance néiergeluecht. Duerno ginn HH.KK.AA. den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin zesumme mat engem offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss bis op d'Gemeng, wou si sech op eng offiziell Tribün setzen, fir den Défilé vun ongeféier véierzeg Escher Veräiner nozekucken.

No der Receptioun, offréiert vum Escher Buergermeeschter Georges Mischo, begréisst d'ierfgroussherzoglech Koppel d'Populatioun um Balkon vun der Gemeng an duerno hëlt si um Escher Volleksfest deel, wou si d'traditionellt Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten umécht.

Ried vum Premierminister

Um Virowend vum Nationalfeierdag, den 22. Juni, hält de Premierminister a Staatsminister Xavier Bettel seng traditionell Usprooch.

Fakelzuch a Freedefeier an der Stad Lëtzebuerg

Den Owend partizipéieren HH.KK.AA. de Groussherzog an d'Groussherzogin, zesumme mat hire Kanner un de Festlechkeeten, déi vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert sinn.

Si gi vun der Stater Buergermeeschesch Lydie Polfer an dem éischte Schäffe Serge Wilmes op der Kräizung vun der Rue de l’ancien Athénée mam Boulevard Roosevelt empfaangen. No der Presentation vum Schäffen- a Gemengerot steet d'groussherzoglech Famill op der offizieller Tribün, fir de Concert vun der Militärmusek an den traditionelle Fakelzuch ze suivéieren.

Um Fakelzuch partizipéiere vill Veräiner: de Cortège besteet aus Pompjeeën, verschidde lokale Veräiner vun der Stad Lëtzebuerg, Guiden a Scouten, souwéi Percussiounsgruppen, Museks-, Gesang- a Folklorveräiner.

Fir den Ofschloss vum offizielle Programm vun de Festlechkeete vum 22. Juni gëtt vun der Neier Bréck e Freedefeier ofgeschoss, dat vun enger Kompositioun vum Jacques Neuen musikalesch begleet gëtt.

23. Juni 2018

Offiziell Zeremonie an der Philharmonie

Den 23. Juni gëtt et en offizielle Festakt fir Nationalfeierdag an der Philharmonie. Do treffe sech d'groussherzoglech Famill, Vertrieder vun der Regierung, d'Deputéiert a Vertrieder vum Stater Schäffen- a Gemengerot, souwéi Vertrieder vum Staatsrot, vun der Justiz a vu beim Lëtzebuerger Staatschef accreditéierten diplomatesche Corps.

HH.KK.AA. de Groussherzog an d'Groussherzogin, HH.KK.AA. den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin, HH.KK.AA. de Prënz Félix an d'Prinzessin Claire, H.K.A. d'Prinzessin Alexandra an S.K.A. de Prënz Sébastien gi vum Chamberpresident Mars Di Bartolomeo, vum Premierminister a Staatsminister Xavier Bettel, a vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer empfaangen.

Am Kader vun der offizieller Zeremonie halen S.K.A. de Groussherzog, de Mars Di Bartolomeo an de Xavier Bettel eng Usprooch an duerno iwwerreeche si Auszeechnungen u biergerlech Perséinlechkeeten.

Den OPL (Orchestre philharmonique du Luxembourg), de Kammerchouer an d'Pueri Cantores vum Stater Conservatoire souwéi den INECC (Institut européen de chant choral Luxembourg) suerge fir d'musikalesch Begleedung. Um Programm steet och eng Kompositioun vum jonke Komponist Nik Bohnenberger, eng Commande vum Staatsministère a vum Kulturministère.

No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.

Militärparad

D'Prise d'armes op der Neier Avenue steet ënnert dem Kommando vum Colonel Yves Kalmes, Kommandant vun der Zeremonie a vum Militärzentrum zu Dikrech. D'Parad besteet aus Detachementer vun der Arméi a vun der Police, souwéi aus Zivildetachementer.

No der Mise en place vun den Detachementer ginn d'Truppen vun de folgende Persounen hannerteneen inspizéiert: de Chef vum Etat-Major vun der Arméi a Generol Alain Duschène, de Generaldirekter vun der Police Lëtzebuerg Philippe Schrantz an de Vizepremierminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet, a Verteidegungsminister Étienne Schneider.

Mëttes ginn d'Truppen da vum Staatschef a vu S.K.A. dem Ierfgroussherzog inspizéiert.

Nodeems den dräifachen "Vive" vun den Truppen exekutéiert gouf an d'Nationalhymn vum Sergent Stéphanie Schlink gesonge gouf, kënnt den zweeten Deel vun dëser Zeremonie, den Défilé vun de folgende Corps a Veräiner:

  • d'Lëtzebuerger Arméi – mat enger Éierkompagnie, engem Detachement mat Fändeldréier vun de fréiere Bataillonen a Veteranen, engem Detachement mat Gefierer, der Militärmusek souwéi enger Grupp vu Fändeldréier vun der litauescher Arméi, dat fir d’Kooperatioun tëscht der Republik Litauen a Lëtzebuerg ze ënnersträichen, déi sech béid am Kader vun der “Présence avancée renforcée” vun der NATO engagéieren;
  • d'Police Lëtzebuerg;
  • d'Douane;
  • de Prisongen;
  • d'Verwaltung vun de Rettungsdéngschter
  • d'Rout-Kräiz
  • d'UGDA (Union Grand-Duc Adolphe), mat der Harmonie Kleinbettingen;
  • Niddreg iwwert d'Nei Avenue fléien Helikopteren, wéi den NH-90 vum 1. Wing vun der Belscher Komponent, en MD 902 vun der Police, en Transportfliger vum Typ C-130 vum 15. Wing vun der Belscher Komponent an en Airbus A400M vum "Lufttransportgeschwader 62" vun der Däitscher Luftwaffe.

Te Deum

D'Zelebratioun vun engem feierlechen Te Deum ass an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg, an dëst a Präsenz vun der groussherzoglecher Famill.

E gëtt zelebréiert vum Monseigneur Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, vum Lëtzebuerger Groussrabbiner Alain Nacache, vun engem Imam vun der muslimescher Communautéit, dem Här Muhamed Rizvic, a vum Reverend Geoff Read, Kaplan vun der anglikanescher Kierch vu Lëtzebuerg.

De feierlechen Te Deum gëtt vun der Maitrise vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Dirigent Marc Dostert gesongen. De Paul Breisch spillt d'Uergel. En Trompetten-Ensembel vun der Militärmusek spillt d'Sonnerie nationale.

Aktualiséiert