Nationalfeierdag 2019

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  1. ©SIP / Charles Caratini

    Relève vun der Garde - Militärmusek
  2. ©SIP / Charles Caratini

    Relève vun der Garde
  3. ©SIP / Charles Caratini

    Relève vun der Garde
  4. ©SIP / Charles Caratini

    Militärmusek, ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Lieutnant-colonel Jean-Claude Braun.
  5. ©Cour grand-ducale / Sophie Margue

    Arrivé vum Groussherzog an der Groussherzogin op Schlass Buerschent
  6. ©Cour grand-ducale / Sophie Margue

    D'groussherzoglech Koppel
  7. ©Cour grand-ducale / Sophie Margue

    Iwwereechung vun de CGDIS Medaillen
  8. ©Cour grand-ducale / Sophie Margue

    D'groussherzoglech Koppel
  9. ©Cour grand-ducale / Sophie Margue

    Treffe vun der groussherzoglecher Koppel mat der Bevëlkerung am Haff vum Schlass
  10. ©Cour grand-ducale / Sophie Margue

    Visite vum Schlass
  11. ©Cour grand-ducale / Sophie Margue

    Visite vum Schlass
  12. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    D'ierfgroussherzoglech Koppel gëtt empfangen vum Mars di Bartolomeo, dem Félix Braz an dem Georges Mischo
  13. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    D'ierfgroussherzoglech Koppel
  14. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Néierleeung vun enger Gerbe beim Monument aux morts op der Place de la Résistance
  15. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    An der Uelzechtstross
  16. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Ried vum Buergermeeschter vun Esch, Georges Mischo
  17. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Ënnerschreiwen vum Goldene Buch vun Esch-Ulezecht
  18. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Ënnerschreiwen vum Goldene Buch vun Esch-Ulezecht
  19. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Ufänken vun de Scouten hirem Lagerfeier
  20. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Defilé
  21. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Visite vun de Stänn
  22. ©SIP / Charles Caratini

    Arrivee vun der groussherzoglecher Famill um Boulevard Roosevelt
  23. ©SIP / Charles Caratini

    Offiziell Tribün
  24. ©SIP / Charles Caratini

    Fakelzuch
  25. ©SIP / Charles Caratini

    Place de la Constitution
  26. ©SIP / Charles Caratini

    Freedefeier
  27. ©SIP / Charles Caratini

    Freedefeier
  28. ©SIP/ Emmanuel Claude

    Arrivée vum Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel mat sengem Mann an der Philharmonie
  29. ©SIP / Emmanuel Claude

    Bei der Arrivée an der Philharmonie
  30. ©SIP/ Emmanuel Claude

    Arrivée vum Étienne Schneider, Vizepremierminister, Wirtschafts- a Gesondheetsminister mat sengem Mann
  31. ©SIP / Emmanuel Claude

    Arrivée vum Vizepremier- a Justizminister a senger Fra
  32. ©SIP/ Emmanuel Claude

    Arrivée vum Groussherzog an der Groussherzogin an der Philharmonie
  33. ©SIP / Emmanuel Claude

    Philharmonie
  34. ©SIP/ Emmanuel Claude

    Ried vum Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel
  35. ©SIP/ Emmanuel Claude

    Ried vum Chamberpresident Fernand Etgen
  36. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ried vu S.A.R. de Groussherzog
  37. ©SIP / Emmanuel Claude

    Bob Kneip, Grënner vun Kneip Communication mam "Officier Ordre de Mérite" ausgezeechent
  38. ©SIP / Emmanuel Claude

    Jean-Claude Reding, Gewerkschaftler a fréiere President vun der Salariatskammer mam "Commandeur Couronne de Chêne "
  39. ©SIP / Emmanuel Claude

    Michel Wurth, fréieren President vun der Handelkammer an Präsident vun ArcelorMittal mam "Grand Officier Couronne de Chêne"
  40. ©SIP / Emmanuel Claude

    Paul Habscheid, Grënner vun der Fondatioun Alzheimer mam "Commandeur Couronne de Chêne"
  41. ©SIP / Emmanuel Claude

    Tom Habscheid, Sportler, gëtt mam "Chevalier Ordre de Mérite"
  42. ©SIP / Emmanuel Claude

    Frank Elstner, Journalist an TV Produzent mam "Commandeur Ordre de Mérite"
  43. ©SIP / Emmanuel Claude

    Désirée Nosbusch, Schauspillerin mam "Officier Ordre de Mérite"
  44. ©SIP / Emmanuel Claude

    Fernand Fox, Schauspiller mam "Commandeur de l’Ordre de Mérite"
  45. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'Famillen vum Adjudant-major, Luc Derneden (†) an Adjudant-chef, Mike van de Berg (†) huelen d' "Croix d’honneur et de Mérite militaire en vermeil avec palmes" un, héichst militäresch Auszeechnung vu Lëtzebuerg, déi "à titre posthume" ka vergi ginn posthume
  46. ©SIP / Emmanuel Claude

    Den Adjudant-chef, Joe Cottong mam "Croix d’honneur et de Mérite militaire en vermeil" an den Adjudant major, Remy Eiffes mam "Chevalier Couronne de Chêne"
  47. ©SIP/ Emmanuel Claude

    Verlossen vun der offizieller Zeremonie an der Philharmonie
  48. ©SIP / Charles Caratini

    François Bausch, Verdeedegunsminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet, salutéiert de Fändel
  49. ©SIP / Charles Caratini

    Xavier Bettel, Premier- a Staatsminister salutéiert de Fändel
  50. ©SIP / Charles Caratini

    Fernand Etgen Chamberpresident salutéiert de Fändel
  51. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Inspectioun vun den Truppen
  52. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Déi offiziell Tribün
  53. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Parad
  54. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Parad

22. Juni 2019

Relève vun der Garde virum Palais

D'Festlechkeete fir Nationalfeierdag fänken e Freideg, den 22. Juni un, mat der Relève vun der Garde virum Palais, wourunner en Éieren-Detachement vun der Arméi participéiert, an dat ënnert dem Kommando vum Lieutenant en premier Pol Wagener.

Fir déi musikalesch Begleedung suergt d'Militärmusek, ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Lieutnant-colonel Jean-Claude Braun.

D'groussherzoglech Koppel zu Buerschent

Dëst Joer ginn de Groussherzog an d'Groussherzogin op d'Schlass Buerschent am Norde vum Land.

Déi groussherzoglech Koppel gëtt am spéide Nomëtteg vum Chamberspresident  Fernand Etgen, dem Minister fir d'Fonction publique, Minister fir d'Bezéiung zum Parlament, dem Marc Hansen, an dem Minister fir Landesplanung, Minister fir Energie, dem Claude Turmes, souwéi vun der Buergermeeschtesch vun der Gemeng Buerschent, dem Annie Nickels-Theis, a Präsenz vun anere nationalen a kommunalen Autoritéiten an Empfaang geholl.

Uschléissend steet eng Visite vum Schlass um Programm. Et sief drun erënnert, datt de Bau vum Schlass op d'Joer 1000 zeréckgeet. A véier Etappe gouf d'Schlass du vergréissert, fir d'lescht 1430.

No der Visite ginn de Groussherzog an d'Groussherzogin op d'Festplaz vum Schlass, wou de Groussherzog d'Medailen un de CGDIS iwwerreecht. Musikalesch gëtt d'Zeremonie vun de Kanner aus der Primärschoul vu Buerschent an de Gesangveräiner vun der Gemeng begleet.

Am Haus Stolzembourg, dat 1384 an der Haaptbuerg vum Schlass gebaut gouf, presentéiert d'Buergemeeschtesch Annie Nickels-Theis d'Renovatiounsaarbechten. Weider gëtt de Marco Van Maris, Tresorier vun der Associatioun "les Amis du château de Bourscheid", Erklärungen zu véier Maquette vum Schlass Buerschent.

Ofschléissend steet en Treffe vun der groussherzoglecher Koppel mat der Bevëlkerung am Haff vum Schlass um Programm. Am Kader vun de Festlechkeeten ass e Marionettentheater virgesinn, en Zauberer a Stroossekënschtler trieden op, a Mëttelalterspiller ginn opgefouert.

D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht

Den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin besichen hirersäits d'Festlechkeeten zu Esch-Uelzecht, déi zweetgréisst Stad am Land.

D'ierfgroussherzoglech Koppel gëtt op der Place de la Résistance vun enger Delegatioun empfaangen, déi aus dem Vize-President vun der Chamber Mars Di Bartolomeo, dem Vize-Premierminister a Justizminister Félix Braz, der Ministesch fir d'Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an Inneministesch Taina Bofferding, dem Escher Buergermeeschter Georges Mischo, souwéi dem Schäffen- a Gemengerot besteet.

Nom offiziellen Empfang gëtt eng Gerbe beim Monument aux Morts op der Place de la Résistance néiergeluecht. Duerno ginn den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin zesumme mat engem offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss bis op d'Gemeng, wou si sech op eng offiziell Tribün setzen, fir den Défilé vun ongeféier véierzeg Escher Veräiner nozekucken.

No der Receptioun, offréiert vum Escher Buergermeeschter, begréisst d'ierfgroussherzoglech Koppel d'Bevëlkerung um Balkon vun der Gemeng an duerno hëlt si um Escher Volleksfest deel, wou si d'traditionellt Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten umécht.

Ried vum Premierminister

Um Virowend vum Nationalfeierdag, den 22. Juni, mécht de Premierminister a Staatsminister Xavier Bettel seng traditionell Usprooch.

Fakelzuch a Freedefeier an der Stad Lëtzebuerg

Am Owend huelen de Groussherzog an d'Groussherzogin, begleet vun der ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Prënz Félix, dem Prënz Louis, der Prinzessin Alexandre an dem Prënz Sebastien un de Festlechkeeten an der Stad Lëtzebuerg deel.

Si gi vun der Stater Buergermeeschesch Lydie Polfer an dem éischte Schäffe Serge Wilmes op der Kräizung vun der Rue de l’ancien Athénée mam Boulevard Roosevelt empfaangen. Roosevelt. No der Presentation vum Schäffen- a Gemengerot steet d'groussherzoglech Famill op der offizieller Tribün, fir de Concert vun der Militärmusek an den traditionelle Fakelzuch ze suivéieren. 

Um Fakelzuch participéiere vill Veräiner. De Cortège besteet aus Pompjeeën, verschidde lokale Veräiner vun der Stad Lëtzebuerg, Guiden a Scouten, souwéi Percussiounsgruppen, Museks-, Gesang- a Folklorveräiner. Dono kommen nach eng 2.000 Leit a 7 Festween.

Fir den Ofschloss vum offizielle Programm vun de Festlechkeete vum  22. Juni gëtt et e Freedefeier, dat vun der Neier Bréck ofgeschoss gëtt, 17 Minutten dauert, a vun der Militärmusek musikalesch begleet gëtt.

23. Juni 2019

Offiziell Zeremonie an der Philharmonie

Den 23. Juni gëtt et en offizielle Festakt fir Nationalfeierdag an der Philharmonie. Do treffe sech d'groussherzoglech Famill, d'Deputéiert, Membere vun der Regierung a vum Staatsrot, Vertrieder vun der Justiz an der Justizverwaltung, vum Stater Schäffen- a Gemengerot, souwéi Vertrieder vu beim Lëtzebuerger Staatschef accreditéierten diplomatesche Corps.

Bei  der  Arrivée vun der groussherzoglecher Famill an der Philhamonie gëtt de Wilhelmus vun der Militärmusek gespillt. De Groussherzog an d'Groussherzogin, den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin, de Prënz Félix an d'Prinzessin Claire, d'Prinzessin Alexandra an de Prënz Sébastien gi vum Chamberpresident Fernand Etgen, vum Premierminister a Staatsminister Xavier Bettel, a vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer empfaangen.

Am Kader vun der offizieller Zeremonie halen de Groussherzog, de Fernand Etgen an de Xavier Bettel eng Usprooch an duerno iwwerreeche si Auszeechnungen u Persounen aus der Zivilgesellschaft, der Wirtschaft, dem Sport an dem Militär.

Musikalesch gëtt d'Zeremonie vum Philharmonieorchester Lëtzebuerg, vun de Pueri Cantores an dem Chouer vum Stater Conservatoire souwéi de Chouersänger vum europäeschen Institut fir Chouergesang (INECC) ënnert der Leedung vum Pierre Cao. Um musikalesche Programm steet och e Stéck dat de Staatsministère an de Kulturministère an Optrag ginn hunn. Et ass d'Kompositioun  REGIIS OSTIUM (Royal Ouverture) for symphonic orchestra and choir vum Lëtzebuerger Trompettist a Komponist Ernie Hammes, dee virun allem an de Beräicher Jazz a Klassik doheem ass.

No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.

Militärparad

Dëst Joer gëtt d'Militärparad fir d'éischte Kéier um Kierchbierg ofgehalen.

D'Militärparad,  a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel, der ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Prënz Sébastien, de Ministeren, de nationalen Autoritéiten an dem beim Lëtzebuerger Staatschef accreditéierten diplomatesche Corps, gëtt vum Colonel Yves Kalmes, Kommandant vun der Zeremonie a vum Härebierg, geleet. D'Parad besteet aus Detachementer vun der Arméi a vun der Police, souwéi aus Zivildetachementer.

No der Mise en place vun den Detachementer ginn d'Truppen vun de folgende Persounen hannerteneen inspizéiert: dem Chef vum Etat-Major vun der Arméi a Generol, Alain Duschène, dem Generaldirekter vun der Police Lëtzebuerg, Philippe Schrantz, an dem Verdeegegungsminister a Minister fir bannenzeg Sécherheet, François Bausch.

Mëttes ginn d'Truppen da vum Staatschef a vu dem Ierfgroussherzog inspizéiert.

Nodeems den dräifachen "Vive" vun den Truppen exekutéiert an d'Nationalhymn gesonge gouf, kënnt den zweeten Deel vun dëser Zeremonie, den Défilé vun de folgende Corpsen a Veräiner:

  • d'Lëtzebuerger Arméi – mat enger Éierkompagnie, engem Detachement mat Fändeldréier vun de fréiere Bataillonen a Veteranen, engem Detachement mat Gefierer an der Militärmusek;
  • d'Police Lëtzebuerg;
  • d'Douane;
  • d'Prisongsverwaltung;
  • de Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS);
  • d'Rout-Kräiz
  • d'UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) mat véier Museksgruppe vun der Gemeng Suessem

Ausserdem ass virgesinn, dass Fliegere vum Typ C-130, A400M a KDC-10 ganz niddereg iwwert d'Stad fléien. 

Te Deum

D'Zelebratioun vun  engem feierlechen Te Deum ass an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg, an dëst a Präsenz vun der groussherzoglecher Famill.

E gëtt zelebréiert  vum Monseigneur Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, vum Lëtzebuerger  Groussrabbiner Alain Nacache, vum Chef vun der muslimescher Communautéit, dem Här Rabie Fares, a vum Panagiotis Moschonas, Bëschofsvikar vun der griichescher orthodoxer Kierch zu Lëtzebuerg.

De  feierlechen Te Deum  gëtt vun der Maîtrise vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Dirigent Marc Dostert gesongen. De Paul Breisch spillt d'Uergel. En Trompetten-Ensembel vun der Militärmusek spillt d'Sonnerie nationale.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht

Aktualiséiert