Iwwergangszäit bis Enn dës Jores mat Bezuch op den Teletravail an déi entspriechend Affiliatioun bei der Sozialversécherung fir Frontalieren

Wéinst der aussergewéinlecher Situatioun am Kontext vun der COVID-19-Kris, war beschloss ginn d'Teletravail-Deeg, déi an deem Kader geholl goufen, net ze berécksiichtege beim Bestëmme vun der Legislatioun am Beräich vun der Sozialversécherung fir Frontalieren. Dës aussergewéinlech Dispositioun sollt am Prinzip den 30. Juni 2022 auslafen.

D'Membere vun der administrativer Kommissioun fir d'Koordinatioun vun de Sozialversécherungssystemer vun der Europäescher Unioun hunn allerdéngs decidéiert an deem Zesummenhang eng Iwwergangszäit vu 6 Méint anzeféieren, déi vum 1. Juli 2022 bis den 31. Dezember 2022 gëllt. Wärend dëser Iwwergangszäit gëllt eng administrativ Toleranz, wouduerch Frontalieren hirer Aarbecht weiderhin ënnert der Form vum Teletravail vun doheem aus nogoe kënnen, ouni fäerten ze mussen, dass hir Affiliatioun bei der Sozialversécherung sech ännert, falls si déi 25%-Grenz iwwerschreiden, déi déi europäesch Legislatioun virgesäit.

Dës Dispositioun betrëfft nëmmen de Beräich vun der Sozialversécherung. Fir entspriechend Accorden am Beräich vun de Steieren ass de Finanzministère zoustänneg.

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert