Neie Formulaire fir de "Congé pour raisons familiales" dee vum 30. Mäerz 2020 u gëllt

De Congé pour raisons familiales ass erweidert ginn, fir deenen Elteren ze hëllefen, déi keng Méiglechkeet hu fir d'Gard vun hire Kanner bis 12 Joer, respektiv bis 18 Joer "accomplis" am Fall vun engem handicapéierte Kand, z'assuréieren.

Dëse Congé muss nëmmen op déi eenzel Fäll limitéiert sinn, wou een Elterendeel, respektiv de Partner oder d'Partnerin, keng Méiglechkeet hu fir d'Gard vun hirem Kand z'assuréieren.

Vu Méindes dem 30. Mäerz un, ass et net méi méiglech de Congé pour raisons familiales am Kader vun der Limitatioun vun der Verbreedung vum COVID-19 ze huelen, wann de Salarié deen dësen ugefrot huet, den aneren Elterendeel oder een aner Member aus dem nemleschte Stoot ënnert de Regime vum Chômage partiel fällt, wéi virgesinn an den Artikelen L. 511-1 a folgend vum Code du travail wärend der Period fir déi de Congé sollicitéiert gëtt.

An aanere Wierder, wann deen aneren Elterendeel, respektiv de Partner oder Partnerin, oder een anere Member aus dem Stot, d'Gard vm Kand kann assuréieren, besonnesch dann wann hien am Chômage partiel ass, kann de Congé pour raisons familiales net zur selweschter Zäit geholl ginn.

Wann aner Mëttelen zur Kannerbetreiung disponibel sinn, beispillsweis eng spezifesch Struktur déi zur Verfügung gestallt gouf fir d'Gard vum Kand z'assuréieren, kann deen Elterendeel net de Congé pour raisons familiales huelen.

Et ass och net méiglech datt zwee Elterendeeler (oder Partner/ Partnerin) de Congé pour raisons familiales zesummen huelen.

Dës Limitatiounen applizéieren sech net op den Teletravail wou et ëm eng Aarbecht geet, déi vun doheem aus geleescht gëtt, a wärend där den Elterendeel d'Gard fir d'Kand net assuréiere kann.

Deen Elterendeel, deen d'Gard vum Kand ab dem 30. Mäerz 2020 muss assuréieren, muss en neie Formulaire ausfëllen an ouni Delai un säin Employeur an un d'CNS schécken.

Wa schonn een éischte Formulaire agereecht gouf, dann ass deen net méi valabel ab dem 30. Mäerz 2020 an e neie Formulaire muss agereecht ginn.

De neie Formulaire ass disponibel op Franséisch, Däitsch an Englesch op Guichet.lu: guichet.lu/cocrf

Independanten an Net-Salariéë kënnen och op de Congé pour raisons familiales zeréckgräifen, dat ënnert deene nämmlechte Konditioune wéi d'Salariéen.

De Congé pour raisons familiales kann opgedeelt ginn an Deeg, Hallef-Deeg oder Stonnen, jee no Besoin.

Et sief drun erënnert, datt deen Elterendeel, deen d'Demande areecht, säin/seng Employeur(en) schrëftlech oder mëndlech, an esou séier wéi méiglech muss informéieren, wann hie muss Congé pour raisons familiales ufroen.

D'Enn vum Congé pour raisons familiales am Kader vun der Limitatioun vun der Verbreedung vum COVID-19 gëtt vun der Lëtzebuerger Regierung festgeluecht.

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert