Ofschafe vum Akkont bei de Sozialversécherungscotisatiounen

D'Tripartite-Ofkommes vum 28. September 2022 gesäit d'Ofschafe vum Akkont fir d'sozial Laaschten op den 1. Januar 2023 fir. Duerch dës Moossnam soll de Versement vun de Cotisatioune besser opgedeelt ginn an Employeuren an Independanten kënne besser finanziell ënnerstëtzt ginn. Doduerch gëtt et den Employeuren erméiglecht eng méi breet finanziell Marge ze hunn, fir am Laf vum Joer 2023 déi zousätzlech Indextranche zu der Tranche, déi op Abrëll 2023 verluecht gouf, ze finanzéieren.

Duerch d'Reglement dat de 16. Dezember 2022 publizéiert ginn ass (http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2022/12/16/a634/jo), gouf d'Reglement dat d'Avance virgesäit (groussherzoglecht Reglement vum 28. Januar 1987 iwwer de Paiement vun de Cotisatiounen duerch de Centre d'informatique, d'affiliation et de perception des cotisations), op den 1. Januar 2023 ofgeschaaft.

Konkret stellt d'Ofschafe vun der Avance fir Employeuren an Independanten eng zousätzlech Liquiditéit duer, wat engem Mount Sozialversécherungscotisatiounen entsprécht.

Technesch gesinn, gi Rechnungen déi ab Januar 2023 vum Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) ausgestallt ginn ugepasst, fir des Ofschafung an 3 Etappen ëmzesetzen, esou dat d'Rechnung, déi am Mäerz 2023 ausgestallt gëtt, de Cotisatioune vu Januar 2023 entsprécht.

Fir zukünfteg Employeuren, Independanten a Persounen déi an der Landwirtschaft schaffen, wäert sech d'Ofschafe vum Akkont doran erëmspigelen, datt si beim Ufank vun hirer Aktivitéit keen Akkont méi musse bezuelen.

D'CCSS huet deene concernéierten Ariichtungen en Avis mat detailléierten Informatiounen zoukomme gelooss, déi een och um Site vun der CCSS consultéiere kann: https://ccss.public.lu/fr/actualites/2022/12/30.html.

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert