Aféierung vum 3G-System op der Aarbechtsplaz: Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung

Säit dem 15. Januar 2022 gëllt op der Aarbechtsplaz déi legal Flicht e COVID-19-Impfcertificat, e Geheelt-Certificat oder en negativen Test-Certificat virzeweisen.

Dës sanitär Mesurë kënne sech och op d'Sozialversécherung auswierken, besonnesch wat d'Deklaratioune beim Centre commun de sécurité sociale (CCSS) betrëfft, sou wéi d'Aarbechtsonfäegkeetscertificaten (certificats pour incapacité de travail - CIT).

Deklaratioun vun net bezuelte Perioden

Den Artikel 3septies vum ofgeännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19 (COVID-Gesetz) preziséiert, dass de Salarié, deen den Accès op seng Aarbechtsplaz verweigert kritt, geméiss de Bestëmmunge vum Artikel L. 233-10 vum Code du travail déi gesetzlech oder konventionéiert Congésdeeg huele kann. Wa keen Accord fonnt gëtt oder wann de Salarié seng gesetzlech oder konventionéiert Congésdeeg net huele wëll, verléiert hien rechtméisseg den Deel vu senger Remuneratioun, deen den net geleeschten Aarbechtsstonnen entsprécht.

Wann de Salarié also déi gesetzlech Viraussetzungen net erfëllt fir op der Aarbechtsplaz present kënnen ze sinn an och kee Congé hëlt, oder dësen net accordéiert gëtt, ginn déi betraffe Stonnen oder Deeg net bezuelt.

D'Affiliatioun bei der Sozialversécherung bleift fir déi betraffe Persoun bestoen, allerdéngs mussen am Kontext vun der Pensiounskeess bestëmmte Reegelen agehale ginn.

Well déi net bezuelte Perioden, an der Limitit vu 64 Stonne pro Mount, als effektiv Zäit vun der Versécherungs-Karriär vum Salarié zielen, muss den Employeur oder säi Mandataire dës net bezuelte Periode beim CCSS deklaréieren, fir dass dës Perioden och matgerechent ginn an déi entspriechend Kotisatioune fir de Pensiounsrisiko festgeluecht kënne ginn.

Follgend Modalitéite musse bei dëser Deklaratioun respektéiert ginn:

  • Den Employeur oder säi Mandataire deklaréieren all Mount déi reell geleeschte Stonne vum Salarié an déi entspriechend Salairen, iwwert déi gewéinlech Prozedur (DECSAL Fichier fir d'Notzer vu SECUline oder Lëscht vun de Salairen).
  • Den Employeur oder säi Mandataire deklaréieren déi net bezuelte Perioden iwwert e spezifesche Formulaire um Internet-Portal vum CCSS (https://ccss.public.lu/fr/actualites/2022/01/07.html)

Déi net bezuelte Periode mussen de Mount drop beim CCSS deklaréiert ginn.

Et sief drop higewisen, dass Haushalter, déi eng Persoun agestallt hunn, och vun dësen Dispositioune betraff sinn.

D'Berechnung vun de Cotisatioune gëtt nodréiglech vum CCSS gemaach a kommunizéiert.

Periode vun Aarbechtsonfäegkeet (incapacité de travail)

Wat d'Aarbechts-Arrête wéinst Aarbechtsonfäegkeet vum Salarié betrëfft, gëtt nach eemol drop higewisen, dass dës Onfäegkeet vun engem Dokter muss festgestallt ginn, deen dann en entspriechenden Certificat d'incapacité de travail (CIT) ausstellt.

Obschonn ab dem 15. Januar 2022 keng spezifesch oder verstäertke Kontrolle vun der Krankekeess (CNS) virgesi sinn am Kontext vun den CIT déi an dëser Period ausgestallt ginn, sief nach eemol drun erënnert dass déi gängeg Kontrollsystemer am Beräich vun de CIT applizéiert ginn.

Engersäits realiséiert d'CNS eng administrativ Kontroll, bei där ë.a. kontrolléiert gëtt ob déi verséchert Persoun d'Ausgangs-Reegele wärend hirer Aarbechtsonfäegkeet respektéiert.

Weider Informatiounen fannt dir op der Säit vun der CNS:

https://cns.public.lu/fr/assure/vie-professionnelle/arret-de-travail.html

Ausserdeem realiséiert de Contrôle médical de la sécurité sociale (CMSS) medezinesch Ënnersichunge vu versécherte Salariéen, déi e CIT ageschéckt hunn. An dësem Kontext, ginn déi betraffe Persounen bei de CMSS convoquéiert, deen dann de Gesondheetszoustand vun der Persoun medezinesch evaluéiert an deen Ament determinéiert ob d'Aarbechtsonfäegkeet gerechtfertegt ass oder net.

Och wa keng spezifesch oder verstäerte Kontrolle säit dem 15. Januar 2022 vigesi sinn, gëtt d'Situatioun genau iwwerwaacht an entspriechend Mesurë geméiss dem legale Kader kënnen bei Bedarf nodréiglech geholl ginn.

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert