De Ministère

D’Haaptmissioun vum Ministère fir d’sozial Sécherheet ass et, de Bierger d’sozial Sécherheet ze garantéieren, an op d’Risiken an d’Besoinen anzegoen déi hinnen am Laf vum Liewen am Beräich vun der Krankheet, dem Alter, der Ofhängegkeet, der Invaliditéit an dem Aarbechtsaccident begéine kënnen.

Fir seng Aufgaben an deene verschiddene Beräicher ze erfëllen, huet de Ministère fir sozial Sécherheet ënnert senger Opsiicht dräi Verwaltungen:

  • Generalinspektioun vun der sozialer Sécherheet (Inspection générale de la sécurité sociale)
  • Medizinesche Kontrolldéngscht vun der sozialer Sécherheet (Contrôle médical de la sécurité sociale)
  • Administratioun fir d’Evaluatioun an d’Kontroll vun der Fleegeversécherung (Administration d'évaluation et de contrôle de l'assurance-dépendance)

A verschidden ëffentlech Etablissementer:

  • Gesondheetskeess (Caisse nationale de santé)
  • Zenter fir Sozialversecherungen (Centre commun de la sécurité sociale)
  • Krankekeess vun de Beamten an Employéen aus dem ëffentleche Déngscht (Caisse de maladie des fonctionnaires et employés publics)
  • Krankekeess vun de Gemengebeamten an Employéen (Caisse de maladie des fonctionnaires et employés communaux)
  • Krankekeess fir d’Salariéë vun der CFL (Entraide médicale des CFL)
  • National Pensiounskeess (Caisse nationale d’assurance pension)
  • Kompensatiounsfong vum allgemengen Pensiounsregimm (Fonds de compensation commun au régime général de pension)
  • Onfallversécherung (Association d’assurance accident)
  • Mutualitéit vun den Employeuren (Mutualité des employeurs)

D’Gesellschafte fir géigesäiteg Hëllef (mutuelles) gehéieren och zur Zoustännegkeet vum Ministère fir sozial Sécherheet.

D’Schiidsgeriicht vun der sozialer Sécherheet (Conseil arbitral de la sécurité sociale) an den Ieweschten Rot vun der sozialer Sécherheet (Conseil supérieur de la sécurité sociale) bilden déi zwou Jurisdiktiounen am Beräich vun der sozialer Versécherung.

Aktualiséiert