Demarchen

Demarchen, déi direkt beim Ministère fir sozial Sécherheet kennen agereecht gin.

Demande fir eng Ausnamereegelung no Artikel 16 vum Reglement CE883/2004

En Bäibehale vun der Versécherung ënnert dem Regime vun der lëtzebuergescher Sozialversécherung no de Virgaben vum Artikel 16 vum Reglement  CE 883/2004 ass Méiglech wann den Detachement vum Assuré méi ewéi 24 Méint dauert, oder wann en Detachement iwwert d’Dauer vun 24 Méint eraus verlängert gëtt, bis zu engem Maximum vun 5 Joer.

En Detachement, den net méi ewéi 24 Méint dauert, fällt ënnert d’Kompetenz vum Centre commun de la sécurité sociale.

Falls Dir vun dëser Reegelung wëllt profitéieren, kennt Dir Är Demande beim Ministère vun der sozialer Sécherheet mat dem folgende Formulaire areechen:

Demande fir eng Ausnamereegelung no Artikel 16 vum Reglement CE883/2004

Aktualiséiert