Mesuren um Niveau vun de Sozialkotisatiounen déi am Kader vun der COVID-19-Kris duerch de Centre commun de la sécurité sociale agefouert ginn

Wéinst dem Impakt vum COVID-19 op d'Entreprisen an déi Fräiberufflech zu Lëtzebuerg, hunn de gemeinsamen Zentrum fir sozial Sécherheet (Centre commun de la sécurité sociale) an de Minister fir sozial Sécherheet, Romain Schneider, eng Rei Mesurë geholl fir d'Entreprisen an d'Fräiberuffler z'ënnerstëtzen, andeems se méi Flexibilitéit bei der Bezuelung vun hire Sozialversécherungsbäiträg kréien.

Vun elo un, wäert d'CCSS folgend temporär Mesurë fir den 1. Abrëll ëmsetzen:

  • Aussetze vun der Berechnung fir "intérêts morataires" fir verspéite Bezuelungen;
  • Aussetze vun der Aféierung vun enger Prozedur fir de "recouvrement forcé" vu Kotisatiounen;
  • Aussetze vun der Duerchsetzung vun Oplagen duerch Geriichtsvollzéier
  • Aussetze vu Geldstrofen, déi Patronen ze bezuele kréien, déi a Retard si mat Deklaratiounen, déi se beim CCSS mussen ofginn.

Dës Mesurë bleiwe bestoen, bis dass de Verwaltungsrot vum CCSS feststellt, dass et kee Grond méi gëtt fir se weider z'applizéieren. Si erlaben et dem Patron, deen durech d'COVID-19-Kris an enger labiller finanzieller Situatioun ass, seng Bezuelunge vun de Sozialkotisatiounen an den nächste Woche besser ze verwalten, ouni awer administrativ Sanktioune mussen ze fäerten.

Et ass kloer, dass all d'Sozialkotisatioune musse bezuelt ginn, de Patron ka seng Finanzen awer besser organiséieren, an Zesummenhang mat aneren ekonomesche Mesuren, déi am Kader vun der COVID-19-Kris agefouert goufen.

Déi uewegenannte Mesurë sinn net just fir déi an Zukunft fälleg Kotisatiounen, mä zielen och fir den aktuelle Stand vun de Sozialkotisatiounen, onofhängeg vun eventuell aner Mentiounen (Zënsen, Geldstrofen, ...) um Kontenauszuch vum CCSS deen op de 14. Mäerz 2020 datéiert ass.

Zousätzlech zu dëse Mesuren, wäert d'CCSS eng Avance op finanziell Entschiedegung bezuele fir de "Congé pour raisons familiales extraordinaire" deen deenen Elteren accordéiert gouf, deenen hir Kanner duerch d'temporär Fermeture vun de Strukturen an der Grondschoul an am Enseignement secondaire betraff sinn, grad esou ewéi an der Formation professionnelle, an der Betreiung an esou weider.

Dës Mesure ass dofir do e groussen Deel vum Remboursement vun de Paien virzestrecken, déi d'Patronen de concernéiert Employéeë weiderhi musse bezuelen an déi normalerweis eréischt am Mee 2020 iwwer d'"Mutualité des employeurs" fälleg wären.

D'CCSS wäert déi duerch esou e "Congé pour raisons familiales extraordiaires", potentiell concernéiert Patrone kontaktéieren, fir hinnen déi néideg Informatiounen ze ginn, fir esou eng Avance vum Remboursement vun der "Mutualité des employeurs" unzefroen. D'Avance wäert Mëtt Abrëll 2020 bezuelt ginn.

 

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert