E weidere Schrëtt a Richtung vun enger Prise en Charge vun de Käschte fir psychotherapeutesch Behandlungen

De Regierungsrot huet den 29. Dezember 2022 den Avant-projet vum groussherzogleche Reglement iwwer d'Aféierung vu psychotherapeutesche Behandlungen an d'Nomenclature ugeholl, an deem en op eng schrëftlech Prozedur zeréckgegraff huet. De Reglementsentworf gesäit d'Kreatioun vun 3 Akten an der Psychotherapie vir, dat op der Grondlag vun der ausféierlecher Recommandatioun vun der Nomenclaturekommissioun a senger Zesummesetzung "Psychotherapie".

D'Akte sinn déi folgend:

  1. Aleedend Psychotherapiesëtzung (code: SP01)
  2. Begleedent Psychotherapiesëtzung (code: SP02)
  3. Verlängert begleedend Psychotherapiesëtzung (code: SP03)

Des Weidere gesäit de Reglementsprojet technesch Elementer vir, fir datt d'Behandlunge kënne fakturéiert ginn a spéider vun der Krankeversécherung iwwerholl ginn.

De Projetsentworf gouf op den Instanzewee bruecht an domadder dem Staatsrot an de Beruffskummere fir eng Stellungnam virgeluecht.

"Dat zukünftegt a Kraaft triede vun dësem Reglement ass eng weider Etapp a Richtung vun enger Prise en Charge vun de Käschte vun de psychologesche Behandlungen. Déi Verséchert hunn eng Prise en Charge néideg. Si erwaarden sech deemno vun de concernéierten Acteuren datt dës Prise en Charge esou schnell wéi méiglech stattfanne kann. Ech bedanke mech bei de Bedeelegte vun der Nomenklaturkommissioun fir hiren Avis deen als Grondlag fir dëse Reglementsprojet gedéngt huet" huet de Claude Haagen, Minister fir sozial Sécherheet betount.

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet 

Aktualiséiert