D'Cité de la sécurité sociale mécht seng Diere fir d'Assuréen op

D'Institutiounen an d'Administratioune vun der Sozialversécherung, déi am Gebai "Office des assurances sociales", 125, route d'Esch zu Hollerech, ënnerbruecht waren, si geplënnert.

Ab Méindeg, dem 5. Juni 2023 wäert déi nei "Cité de la sécurité sociale" d'Assuréen op hirer neier Adress, 4, rue Mercier am Garer Quartier, empfänken.

Zukünfteg wäerten d'Administration d'évaluation et de contrôle de l'assurance dépendance (AEC), de Contrôle médical de la sécurité sociale (CMSS), d'Krankekeess (CNS), de Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) an d'Association d'assurance accident (AAA) déi geschützte Persoune mat méi frëndleche Guicheten an engem Waardesall mat 220 Sëtzplaze besser empfänke kënnen.

D'Proximitéit zu der Gare erméiglecht den Assuréen een einfachen Accès. Donieft ass d'Stad Lëtzebuerg amgaange 6 Parkplaze fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit an der Rue du Commerce, nieft dem Agang vun der Cité de la sécurité, anzeriichten.

Fir de Besoine vun den Organisme gerecht ze ginn, déi méi Plaz fir déi kontinuéierlech wuessend Unzuel u Personal gebraucht hunn, war d'Plënneren absolut noutwenneg. D'Cité de la sécurité sociale erméiglecht et, all d'Institutioune vun der sozialer Sécherheet op enger Plaz ze vereenen.

Als Rappell: De Projet "Cité de la sécurité sociale" ass an zwou Phasen agedeelt. Nom Ofschléisse vun der éischter Phas am Mee 2023, wäert déi zweet Bauphas am Hierscht 2023 ufänken. Am zweete Gebai wäerte mëttelfristeg d'Caisse nationale d'assurance pension (CNAP), d'Caisse pour l'avenir des enfants (CAE) an de Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC) ënnerkommen.

D'Telefonsnummere vun den Organisme bleiwen déi selwecht, mat Ausnam vum Contrôle médical de la sécurité sociale, deem seng Telefonszentral ënnert folgender Nummer erreechbar wäert sinn: (+352) 247-67500.

D'Postadresse bleiwen déi selwecht:

  • CNS: L-2980 Lëtzebuerg
  • CCSS: L-2975 Lëtzebuerg
  • AAA: L-2976 Lëtzebuerg
  • AEC: L-2974 Lëtzebuerg
  • CMSS: B.P: 1342 L-1013 Luxembourg

Fir weider Informatiounen, besicht d'Websäit www.citesecu.lu.

E puer interessant Fakten:

  • Bruttogesamtfläch (Sous-sol + Hors sol) vum Gebai: 52.197 m2
  • Bebaute Bruttogrondfläch vum Gebai: 37.333 m2
  • 4 Sous-solen an 10 Etagen hors sol
  • Flexibelt Gebai mat mindestens 1.230 Aarbechtsposten
  • 18 Guichete fir den Empfang vun de Versécherten, Wartesall mat 220 Sëtzplazen
  • Konferenzzenter mat enger Salle polyvalente fir ongeféier 150 Persounen
  • Ëmweltzertifizéierung BREAAM "exzellent"
  • Photovoltaikanlag an thermesch Solaranlag um Daach
  • Bauzäit: vu Mäerz 2019 bis Dezember 2022

Nei Adress:

Cité de la sécurité sociale
4, rue Mercier
L-2144 Luxembourg

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert