Romain Schneider au sujet de la réforme du système des pensions

"Dee System, dee virun allem op d’Solidaritéit tëschent de Generatiounen opgebaut ass, ass fir mech och dee richtegen"

Interview vum Pia Oppel (Radio 100,7):

Am Dossier vun der Reform vum Pensiounssystem gëtt et keen neit Element, esou d’Reaktioun vum Sozialversécherungsminister Romain Schneider op e Bericht haut am “L’Essentiel”. D’gratis Zeitung hat mat Bezuch op de Stabilitéitsprogramm vun der Regierung d’Fro an de Raum gestallt, ob den effektive Rentenalter eropgesat gëtt.

Wéi am Regierungsprogramm virgesinn, géif 2016 e Bilan gemaach gi vun der Pensiounsreform, déi Ufank 2013 a Kraaft getrueden ass, esou den LSAP-Minister. U wéi enge Schrauwen deen Ament gedréint muss ginn, kéint een elo nach net soen. Zur Fro ob deen Ament eng Hausse vum Rentenalter en Tabuthema ass oder net, seet de Romain Schneider:

Romain Schneider: Tabuthema, et muss een ëmmer kucke wat eng Evaluatioun bréngt, an da schwätzt ee konkret iwwer Faiten, an da gesäit een ob eppes néideg ass. Mä ech mengen, et huet um Enn kee Wäert an de Raum schonn eppes ze geheie wat herno vläicht iwwerhaapt net muss spillen.

Pia Oppel: De Pensiounssystem zu Lëtzebuerg ass ënner Drock. Och wann een an der auslännescher Press kuckt, do kommen ëmmer emol nees Artikelen op, wou dann déi implizit Schold vun eisem Pensiounssystem opfält. Par rapport zu anere Länner wier déi immens héich. Do geet dann och deels Rieds vun iwwer 1000% par rapport zum PIB. Wat äntwert Dir op esou Artikelen, déi da jo awer och Panik verbreeden?

Romain Schneider: Jo, ech mengen, dat do sinn Artikelen, dat ass net nei, och dat wat elo erëm lancéiert gouf. Mä ech mengen et ass ganz kloer esou, och déi Artikelen, wann een déi eng Kéier analyséiert, an et analyséiert een eng Kéier genee op wat et berechent ass, muss ee soen, datt eng ganz Rei vun Inconnuen och do doranner sinn. Ech mengen, hei sinn eng Rei vu Parameteren dran, zum Beispill den Taux d’intérêts deen een hei fixéiert fir ze kucke wat eng Valeur vun haut muer wäert ass, dat ass eng déi kann een héich, déi kann een niddereg usetzen. Doduerch ass an deem Moment natierlech och d’Kapital wat hannen dobäi erauskënnt entweder grouss oder kleng.

Doniewent muss een oppassen, wann een déi Systemer hei kuckt, da muss een och alles mat arechnen. An dee System deen hei ugeschwat gëtt, dee rechent zum Beispill net a wat an Zukunft déi Recettë sinn, déi parallel dozou och nach lafen, dat heescht, déi nei Cotisatiounen déi mat erafléisse sinn iwwerhaapt net mat agerechent. Esou mengen ech datt dat hei déi Aussoen der sinn, déi ee mat Virsiicht muss genéissen.

Pia Oppel: Eurostat fuerdert elo vun de Memberstaaten, datt een a regelméissegen Zäitofstänn eng Statistik matliwwert iwwer déi implizit Schold vum Pensiounssystem. De President vun der Pensiounskeess, de Robert Kieffer, hat hei op der Antenn kritiséiert, datt eben esou eng Statistik relativ arbitraire kann ausfalen, an datt doduerch och kann Drock entstoen a Richtung vun enger Privatiséierung.

Wou ass déi Diskussioun zu Lëtzebuerg drun? D’Fongenindustrie ass jo do ganz interesséiert drun.

Romain Schneider: Et ass esou, datt mir ëmmer gesot hunn, an ech mengen, datt dat och am neie Regierungsprogramm ganz kloer steet, datt mir op dee staarke Pensiounssystem, respektiv dee ganze Sozialsystem och viru wäerte stellen. An do kann ee sécher an deenen nächste Méint, an den nächste Joere konkret Kontakter maache fir ze kucken, ob een eise Pensiounssystem nach par rapport zu der sou genannter Pension complémentaire ka stäipen, an doduerch eigentlech och fir verschidde Secteuren nach méi Garantië ka gi fir de Liewensalter, deen natierlech och, an dat ass och e Faktor dee spillt, ëmmer méi grouss gëtt, heescht dann eventuell och, wann d’Méiglechkeet do ass, och zesumme selbstverständlech mat der Privatindustrie ze kucken, ob een nei Modeller kann, doniewent kann och opbauen.

Pia Oppel: Wéini kéint sech dat konkretiséieren?

Romain Schneider: Bon, ech muss soen, ech hat éischt d’Échanges de vues mat enger Rei vun Acteuren, an ech mengen, an där nächster Zäit wäerte mir och dat do verdéiwe fir ze kucke wat een am Beräich vun der Pension complémentaire ka maachen.

Pia Oppel: De System wéi mir en zu Lëtzebuerg hunn, den ëmlagefinanzéierten, ass awer net a Fro gestallt vun dëser Regierung?

Romain Schneider: Ah neen, op jiddwer Fall ass deen net a Fro gestallt. Dat geet och doraus ervir. An ech mengen och, dee System dee virun allem op d’Solidaritéit tëschent de Generatiounen opgebaut ass, ass fir mech och dee richtegen, deen och an dëse schwéieren Zäite muss spillen.

Dernière mise à jour