Mars Di Bartolomeo au sujet des hôpitaux au Luxembourg

Mars Di Bartolomeo: Gudde Moien.

Max Theis: An eisem Moiesjournal hate mir e Reportage iwwer d’Visioun vum Dokter Raymond Scharpantgen. Dee seet provokativ, ee Spidol fir Lëtzebuerg dat geet déck duer. Wat sot Dir dann zu sengen Iddien?

Mars Di Bartolomeo: Ech kann dat meescht vum Raymond Scharpantgen sengen Iddien ënnerschreiwen. En huet jo selwer gesot, datt en dat e bësse méi provokativ gemengt huet.

Ech mengen, et wär e Réckschrëtt wa mir géife soen, vum Norden bis an de Süden gëtt et nëmmen ee Spidol.

Mä ech gesinn dat wat e wëll soen e bësse méi bildlech. Ech wär scho frou, wa mir déi Spideeler déi mir elo hunn, an déi gutt opgestallt sinn, déi regional gutt verdeelt sinn, wa mir déi dozou géife kréie fir eng gemeinsam Approche ze hunn, eng gemeinsam Trägerschaft ze hunn. Sech net nëmme „Fédération des hopitaux“ ze nennen, mä wierklech federativ ze schaffen. Enk zesummen ze schaffen. Aufgabendeelung ze maachen.

Net jiddwereen alles a virun allem net erëm al Rivalitéiten, déi ech an den 80er Joren erlieft hunn, erëm opliewen ze loosse fir d’Spidolswiesen an 2 ze deelen: deen ëffentlechen Deel an dann dee méi kongregatiouns-, déi „katholische Krankenhäuser“. Deen Ënnerscheed gëtt et haut net méi. Si sinn alleguer privat géréiert a si si quasi zu 100% ëffentlech finanzéiert.

An da komm, mir hale mat deenen alen Zöpf do op, datt mir erëm falsch Rivalitéiten opbauen. Zesumme schaffen ass d’Gebot, well wann dat net geschitt, d’Konkurrenz dobausse schléift net. A wa mir eis hei am Land, op gutt Lëtzebuergesch, op d’Schnëss schloen, da laachen d’Konkurrenten déi Säit vun der Grenz.

Max Theis: Et goufe jo Efforte gemaach. Et gouf Fusiounen, et gouf och eng Centrale d’achat an d’Liewe geruff. Geet dat dann duer wat elo geschitt?

Mars Di Bartolomeo: Neen. Et si gutt Usätz do bei der Centrale d’achat ass Munches geschitt. Et ass nach villes ze maachen. Bei der Informatik ass villes ze maachen a bei de Laboen. Bei de Spideeler ass Munches ze maachen. Mä wann Dir mir erlaabt, just ee Saz awer nach zu aneren Aussoen déi den Dr. Scharpantgen gemaach huet.

Max Theis: Wat d’Roll vum Generalist ugeet?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, datt mir gutt drun dinn, fir d’Médecine de première ligne, d’Grondversuergung, den Hausdokter ze stäerken. Et ass och dat wat mir zesumme mat de Generaliste gemaach hunn. De Vertrauensdokter ass d’Zukunft. Mir mussen dem Patient e Referent ginn, deen no bei em ass, deen de Guide ass duerch e komplexe Gesondheetssystem.

An dat kann de Generalist, den Hausdokter am beschten. E kennt d’Familljen am beschten an e ka se duerch de System lotsen. An 100%eg richteg, den Dossier partagé gëtt e wichtegt Instrument an den Hänn vum Generalist fir de Patient ze guidéieren.

An et ass ganz richteg, mir hätten e seriöse Problem, wa mir d’Netz vun de Generaliste géife vernoléissegen, dofir Bedarfsplanung, richteg Zesummenaarbecht a Gruppepraxen. Absolut richteg. An dofir, mengen ech, gëtt et net vill Meenungsënnerscheeder zwëschent dem Raymond Scharpantgen a mir.

Max Theis: Stéchwuert Patientendossier. Dir hat en elo ugeschwat. Dee kënnt jo elo geschwënn dann?

Mars Di Bartolomeo: Jo, et ass ganz gutt geschafft ginn an där Agence eSanté, wou sämtlech Partner zesumme schaffen. Do gesäit een, wéi wäit datt ee kënnt wann een zesumme schafft, amplaz jiddwereen a sengem Eck oder, wéi dat zu Lëtzebuerg oft de Fall ass, och nach jiddweree géinteneen.

Max Theis: Wéini geet et da lass?

Mars Di Bartolomeo: Majo, déi éischt Applikatioune si fir Ufanks 2014 geplangt. De Projet ass ausgeschriwwen, en ass virbereet, ficeléiert, ausgeschriwwe fir déi technesch Hëllef vu baussen ze kréien. A mir gëtt gesot, datt déi éischt Applikatioune fir den Dossier partagé Ufanks 2014 prett wäerte sinn. Déi kleng Équipe huet eng formidabel Aarbecht geleescht.

Max Theis: Fir nach eng Kéier bei d’Kliniken, d’Spideeler zeréck ze kommen. D’Kompetenze regruppéieren ass jo de Motto gewiescht déi lescht Joren. Do gouf zum Beispill en Häerzinstitut geschaf an ähnlech soll et elo goen mam Kriibs?

Mars Di Bartolomeo: Iwwerall do wou zesumme geschafft ginn ass hu mir fantastesch Resultater. Den Häerzzentrum, de Kriibszentrum wat d’Radiotherapie ugeet, de Baclesse, dee sech mat all aneren Zentre ka moossen, de Rehazenter – an dat ass de Wee dee mir och an anere Pathologië musse maachen, Hireschlag.

An Dir sot et, beim Kriibs gëtt et am Ausland ëmmer méi Spezialiséierungen. A wa mir net op de Wee gi fir och am Kriibs zesummen ze schaffen an eis ze spezialiséieren, si mir um falsche Wee. An ech sinn dofir extrem frou, datt déi lescht Woch eng Initiativ gebuer ginn ass fir fir d’éischt e virtuellen, nationale Kriibszentrum opzebauen. Mä awer och mat der Perspektiv fir méi wäit ze goen. Mir haten an der éischter Ronn d’Spezialisten um Dësch, mat de Spideeler um Dësch. Mir wäerten och d’Dokteschvertriedung un den Dësch elo huelen.

An dat ass de richtege Wee. Zesummen eppes opbauen, och wann d’Maueren nach net do sinn, mä de Konzept, d’Guidelines, dat ass de richtege Wee fir déi beschtméiglech Qualitéit hei zu Lëtzebuerg ze schafen. A mir hunn de Potential. Et muss een en och just nach zesumme bréngen.

Max Theis: Bei den Zänn goufen ëmmer nees Verbesserunge versprach déi lescht Joren. Wou sinn déi dann drun?

Mars Di Bartolomeo: Majo, et géif ee mengen, Dir kéint Gedanke liesen. Vum 1. Oktober, ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Et héiert ee se jo och heiansdo lauden.

Mars Di Bartolomeo: Vu virgëschter u gëllt eng nei Regelung fir Kanner a Jugendlecher bis zum Alter vun 18 Joer ofgeschloss, wou et keng Participatioun méi un den Zännleeschtunge gëtt. Dat heescht, déi gängeg Traitementer fir Kanner a Jugendlecher ginn elo zu 100% am Rahme vun engem gemeinsame Präventiounsprogramm vu Santé a Sécurité sociale iwwerholl.

Max Theis: Dat heescht, dat ass elo a Kraaft.

Mars Di Bartolomeo: Dat ass zanter virgëschter a Kraaft. An dat ass iwwer budgetär Mëttele vum Staatsbudget ofgeséchert. Dir kënnt Iech erënneren, virun annerhallwem Joer ass et déi Diskussiounen an de Bipartitë ginn. An do hat d’Regierung als eng vun de Moossnamen, fir aner Moossnamen déi geholl hu misste ginn an der Kris, als Géigeleeschtung ugebueden, datt et zu Verbesserunge bei den Zänn géif kommen.

Max Theis: Dir sot, déi gängeg Behandlungen. Wat ass mat den Zahnspangen?

Mars Di Bartolomeo: Ma bei den Zahnspangen ass am Moment och, souwäit ech weess, eng Participatioun bei engem Maximalbetrag. Et ass awer net dee Betrag deen – den Tarif ass ze niddereg fir déi ganz Käschten ze iwwerhuelen. An zesumme mam Finanzminister hu mir do eng Solutioun ausgeschafft, déi och nach do mat den Orthodontisten diskutéiert wäert ginn, datt wa Familljen déi wierklech Schwieregkeeten hu fir dat aus der eegener Täsch ze bezuelen, datt déi zousätzlech gehollef kënne kréien. Mä dat geschitt dann iwwer eng speziell Demande. An do mengen ech missten dann d’Orthodontisten a sou Situatiounen och en Effort maachen, datt deen Tarif bei de Leit bleift.

Max Theis: Gëschter gouf et eng Konferenz mam Robert Kieffer, dem President vun der Pensiounskeess, wou et och kritesch Téin goufe géint Är Reform. Ganz kuerz, wat sot Dir zu deene Kritiken?

Mars Di Bartolomeo: Ech hu mol zeréck behalen, datt de Robert Kieffer gesot huet, datt déi éischte Kéier zanter 30 Joer eng Regierung de Courage hat fir d’Steier ëmzedréinen an eng Rei vu Moossnamen ze huelen.

Max Theis: Geet et duer?

Mars Di Bartolomeo: Mä ebe just dat dat ass déi Differenz an der Diskussioun.

Mir hunn hei e System opgebaut, deen Instrumenter huet deen op all Situatioune ka reagéieren. Experte soen, an 20, an 30 oder a 40 Joer kënnt dat an dat. Ech soen, komm mir kucken eis d’Instrumenter opzebauen déi an all Situatioune gräifen. Geet et gutt, da brauchen déi Instrumenter manner ze gräifen. Geet et e bësse manner gutt, gräifen déi Instrumenter méi staark.

A just sou niewebäi, et gëtt jo ëmmer gesot, déi géif eréischt an 10, oder an 20, oder an 30 Joer gräifen. Ma déi Pensionéiert hunn an dësem Joer iwwer den Ajustement deen net ausbezuelt ginn ass schonn e Bäitrag geleescht. Déi aktiv leeschten elo schonn e Bäitrag, well se progressiv méi laang musse schaffe goen, oder manner Leeschtung musse kréien.

An déi Chiffere vum Emploi déi do genannt ginn, datt den Emploi ëm 3,4% misst an d’Luucht goen, mengen ech, do ass gemengt, datt, wann näischt geschitt wär, hätte mir deen Emploi gebraucht. D’Reform baséiert op engem Zouwuess vum Emploi vun 1,5%. An ech wëll Iech just soen, datt am schlëmmste Krisejoer, oder mat deem schlëmmste Krisejoer wou mir elo an der lescht haten, an dësem Joer den Emploi nach ëm 1,8% gewuess ass. Am leschten ëm 2,2%. Dat heescht, mir sinn nach ëmmer iwwer deene Perspektiven op deenen déi Rentereform baséiert.

Also ënnert dem Stréch, d’Instrumenter sinn do, déi reagéieren op all Hypothesen a si schloen net scho mam Hummer dran, wann ee just am Kaffisaz seet, datt elo an 20 oder an 30 Joer d’Katastrof kënnt.

Max Theis: Jo-Nee Fro nach zum Schluss. Den 20. Oktober gi mir wielen. Gëtt et schwaarz-rout oder eng Dräier fir Iech?

Mars Di Bartolomeo: Dat seet [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Jo-Neen.

Mars Di Bartolomeo: Ech kann do net Jo-Nee soen. Dat seet an éischter Instanz de Wieler. Ech ka just nach eng Kéier widderhuelen: eng schwaarz-rout ass e bësse manner probabel wéi an der Vergaangenheet. Eng aner Konstellatioun ass e bësse méi probabel wéi an der Vergaangenheet. Mä do ass den Arbiter dee muss dat ganzt ofpäifen.

Max Theis: Da kucke mir wéi dee Match ausgeet. Mars Di Bartolomeo, Merci datt Dir de Moien an de Studio komm sidd.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour