Mars Di Bartolomeo au sujet de la réforme de l'assurance pension

Sascha Georges: A mir leeën direkt lass mat enger éischter Fro. Dat ass eng Damm vu Suessem, d’Madame Klauner, wann ech richteg liesen. Si ass net d’accord datt d’Leit e Liewe laang geschafft hunn, an da sollen d’Pensioune gekierzt ginn. Madame Klauner.

Madame Klauner: Jo, gudde Mëtteg Dir Hären.

Sascha Georges: Gudde Mëtteg.

Madame Klauner: Jo, also ech denken, déi Diskussioun aus de leschte Wochen, déi geet mir ferm op de Wecker. Déi Leit, déi éierlech a brav hiert Liewe laang geschafft hunn, deene gitt Dir d’Rente kierzen, an déi aner Topegkeete wéi den Tram, nei Lycéeën, de Fussballsterrain, d’Renovatioun dovun, Freedefeieren an esou weider, dofir hu mir Suen. Also ech mengen, dat ass scho mam Pei Musée ugaangen, wou dir d’Suen nach mat de Gräpp zu der Fënster erausgehäit hutt. Déi kéimen eis jo elo ganz gutt, denken ech. Ech mengen d’Mammerenten, fir d’éischt gitt dir se, da kierzt der se erëm, d’Fëmme géift dir gäre verbidden, d’Steiere säckelt dir awer an. Also mat Verlab gesot, heiansdo mengen ech wierklech dir hätt se net méi all, an dat gëllt elo net fir Iech, Här Minister, dat gëllt fir se alleguer. Dat ass dat wat ech dozou ze soen hunn.

Sascha Georges: Här Minister.

Mars Di Bartolomeo: Bon, dat ass natierlech e ganze Programm, wann ech op all Punkte wéilt äntwerten. Mä fir d’éischt emol d’Rente ginn net gekierzt. Mir wëllen d’Renten ofsécheren.

Mir hunn e phantastesche Rentesystem vun eise Pappen, Mammen, Grousseltere geierft, a mir wëllen deen an engem méiglechst gudden Zoustand un déi Generatioune weiderginn, déi no eis kommen. Wa mir dat net maachen, a wa mir einfach nokucken, wat fir eng Risiken datt op dee System zoukommen, jo, da kommen déi nächst Generatioune schlecht ewech. Näischt maachen ass also keng Optioun.

A mir kierze jo och d’Renten net. Mir, d’Madame mengt vläicht den Ajustement vum 1. Januar 2013, deen net kënnt, mä do ginn d’Renten net gekierzt, do gi se net erhéicht, do gi se net ugepasst un d’Lounentwécklung. Et kritt also keen eppes ewechgeholl, mä d’Rente ginn net no uewen ugepasst.

Ech mengen, an dat wëll ech awer elo der Madame soen, datt mir, wa mir de Budget an d’Rei wëlle setzen, datt mir dat net maache fir d’Leit ze péngegen. Eis gutt Sozialleeschtunge si just dorop zeréckzeféieren, oder zu engem gudden Deel dorop zeréckzeféieren, datt de Staat iwwer säi Budget enorm an der Sozialversécherung investéiert an impliquéiert ass. A wann d’Staatsfinanzen net méi an der Rei sinn, wann déi géifen d’Baach erofgoen, da geet deen Engagement vum Staat an der Sozialpolitik erof, an doru leiden dann déi Schwächst als éischt.

Also wa mir de Budget consolidéieren, maache mir dat fir ganz staark an der Sozialpolitik engagéiert ze bleiwen. Et ass kee Selbstzweck, et huet just déi do Ursaachen.

Sascha Georges: A mir wiesselen bei den Här Schaack eriwwer. Hie war 33 Joer op der Bank, a kritt elo méi Pensioun wéi virdru Pei. Dat ass jo emol ganz interessant.

Här Schaack: Jo, hallo?

Sascha Georges: Gudde Mëtteg Här Schaack.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Här Schaack: Jo, Bonjour Här Minister. Et ass nämlech dat hei. Ech wëll gären deen Débat emol méi wäit maachen. Dat heescht, et ass bis elo nach ëmmer net geschwat ginn, wéi ass et mam Pensiounssystem vun der Fonction publique?

Ech sinn e bësse schockéiert wann ech gesinn, ech hunn en Noper, deen ass am Lycée technique, deen huet, unnähernd 7.000 Euro netto kritt en eran, net, a mir, loosse mir soen, an d’Employés privés déi kréien dann dee Moment, wat och e ganz gerechte System ass, muss ech soen well mir hunn do eng Zort Plafong. Dat heescht, ech hu während menger Carrière praktesch ënnert dem Plafong, an ech sinn eropgeréckelt un de Plafong.

Mäi Chef zum Beispill, Fondé de pouvoir principal war an esou virun, deen ass bei mech komm, tiens, ech hunn déi nämlecht Pensioun wéi s du, mat engem Ënnerscheed vläicht vu 40 bis 50 Euro Ënnerscheed. Dat ass zum Beispill e gerechte System.

Bei der Fonction publique par contre, éischtens emol variéiren d’Pensiounen enorm staark, dat heescht, déi héich Carrièren déi kréien da wahnsinneg héich Renten, an anerer déi kréie méi niddereg Renten.

Do misst emol fir d’éischt emol eng Justiz gemaach ginn, datt praktesch all Mënsch, all Pensionéiert, loosse mir soen, méi oder wéineger déi nämlecht Rent kritt. Well ech menge jiddwereen, ob dat elo Aarbechter ass, ob dat Employé ass, déi hunn hiert ganzt Liewe laang geschafft, an do soll dach méi oder wéineger, well Dir sidd jo och Sozialist, wéi gesot soll eng Pensioun juste sinn. An dat fannen ech also skandalös, datt ni iwwer d’Fonction publique geschwat gëtt, well dat ass hei zu Lëtzebuerg eng helleg Kou. Et ass kee Politiker iergendwéi deen dat do elo emol upaakt.

Sascha Georges: Här Schaack, soss loosse mir den Här Minister emol dorop äntwerten. Wat sot Dir dozou?

Mars Di Bartolomeo: Also ech versti selbstverständlech dem Här Schaack seng Iwwerleeungen. Et muss een awer wëssen, datt mir 1998 eng Reform vum ëffentleche Pensiounssystem gemaach hunn, an no där Reform, déi Joeren déi duerno komm sinn, ass de System Staat a Privatsecteur ganz no beieneen.

Richteg ass, datt eng Differenz bleift, dat ass déi vum Plafond cotisable, deen am Privatsecteur bei 5mol de Mindestloun läit, an am ëffentleche Secteur bei 7mol de Mindestloun läit. Déi Leit cotiséieren dann och op Héicht vu 7mol de Mindestloun.

Wann ech awer elo op d’Pensiounsreform aginn, déi mir muer an der Chamber wäerten diskutéieren, déi betrëfft am selwechte Mooss de Secteur public wéi de Secteur privé. Beim Ajustement ass dat genee dat selwecht. 1998 hu mir also e Riseschratt gemaach a Richtung Unnäherung zwëschent deenen zwee Regimer. Et bleift beim Plafong nach eng Differenz.

Sascha Georges: Okay. Mir hunn e weideren Appel um 1330, an dir kënnt och weiderhin uruffen, an dat ass d’Madame Bohler, pardon. Si freet vu wéi engem Joer u muss ee méi laang schaffe bis bei d’Pensioun. Madame Bohler Är Fro wann ech gelift?

Madame Bohler: Ma ech hätt eng Fro un den Här Minister. Bon, wann een elo zum Beispill knapp zwee Joer viru senger Pensioun steet, ob dann déi Pensiounsreform och scho fir déi Leit zielt, oder ob dat eréischt ab wat fir engem Joergank, dat heescht Gebuertsjoer u géif goen?

Mars Di Bartolomeo: Bein, wat emol wichteg ass fir d’Madame Bohler dat ass, datt d’Entréeskonditioune fir an d’Pensioun eranzegoen net änneren. Et kann een also bei 40 Versécherungsjoeren och an Zukunft nach mat 57, bei gemëscht Versécherungsjoeren a Stagezäite mat 60, a mat, ouni, quasi ouni Konditiounen - ausser datt een eng Mindestversécherungsdauer huet - mat 65 Joer an d’Pensioun goen.

Wann Dir zwee Joer vun der Pensioun ewech sidd, spiert Dir déi do Pensiounsreform quasi net. Do geet et, do hutt Dir de Choix entweder nach e puer Deeg méi laang schaffen ze goen, an do geet et wierklech em Deeg oder Wochen, oder ze soen, ech wëll net méi laang schaffe goen, an da sinn ech gegebenenfalls bereet deen oder aneren Euro falen ze loossen. Mä do hutt Dir déi Optioun, an dat baut sech progressiv op.

Déi Pensiounsreform leeft iwwer 40 Joer, déi déi haut op den Aarbechtsmaart kommen, och. An dat kann ee verifizéieren an deene leschte Joerzéngten, Liewensjoeren dobäi. Wa mir hunn entweder de Choix fir der Liewenserwaardung Rechnung ze droen, oder d’selwecht an d’Pensioun ze goe wéi haut, mä dann awer mat e bësse manner Pensioun. Also ënnert dem Stréch, Dir wäert déi do Pensiounsreform jiddwerfalls kaum negativ spieren.

Sascha Georges: Dat waren elo e puer Appelle vum 1330, d’Leit kënnen och weiderhin do drop uruffen. Mä mir ginn och elo emol kucke wat vläicht bei den SMSe geschitt ass. An déi huet eis de Frank Kuffer e bëssen zesumme gesammelt. Dat ass bis elo um 60330 erakomm.

Frank Kuffer: Jo, do ass elo déi lescht Stonn ganz vill erakomm. Mir hunn och e ganz laange Mail kritt, dee mir natierlech net kënne ganz virliese vum Här Kneip. En interessante Mail mat e puer Aspekter dran. Den Här Kneip schreift ënnert anerem, e kontestéiert e bëssen datt elo gesot gëtt, d’Jugend géif méi al ginn, dat wier zimlech onsécher awer, an och déi Berechnungen datt d’Bevëlkerung méi al soll ginn, déi hält de Minister aus dem Dokument vun Eurostat, behaapt den Här Kneip, dat Gremium war awer vu lëtzebuerger Säit duerch genee déi selwecht Persoun vun der IGSS vertrueden, déi dem Minister d’Gesetzesreform ausgeschafft huet. An Dat wier also net esou sécher. Spuereffekter géif een an den nächsten 10 Joer praktesch och keng gesinn, seet dësen Här. Dann ass de Pensiounssystem awer schonn am Déséquiliber. Haut net méi wäit ze goen, wier e Verbriechen géintiwwer vun eise Kanner.

An dann och eppes ganz Interessantes Här Minister, d’Berechnung fir jiddwereen an Zukunft wier eng aner. Et wier also onméiglech quasi fir auszerechnen, oder sech auszerechne loossen wat een da wéini kritt fir an d’Pensioun ze goen. Esouwäit also dëse Mail dee mir kritt hunn.

Dann zu den SMS. Ass d’Kris eriwwer?, freet een Nolauschterer. Ginn et genuch Aarbechtsplazen, datt jiddweree bis 68 Joer ka schaffe goen? A wéi ass et mat der Grondrent, gëtt déi nach ajustéiert, oder ginn déi Leit, déi scho mam Minimum mussen eensginn, ëmmer méi aarm.

Eng aner Fro, wéini kënnt de Rentesplitting, freet hei een?

Dann ee Pensionär mengt, mat der Reform géif d’Prime de fin d’année ewechfalen. Wann dat da misst sinn, mengt den Här Thinnes, da misst dat awer och fir d’Staatsbeamten an d’Parlamentarier gëllen. Et dierften net just déi Kleng bludden.

D’Reform ass absolut richteg, an dem Zäitpunkt entspriechend. Et deet mir Leed, Här Minister, dat war déi eenzeg positiv Note déi erakomm ass.

Firwat hutt Dir d’Cotisatiounen net gehéicht, domat wier jiddwereen, esouguer d’Gewerkschaften d’accord gewiescht, seet hei en aneren.

Eng Fra schreift, mäi Mann huet d’Pensioun op den 1. Februar ugefrot, wann d’Reform nach virdru kéim, wat geschitt dann, kritt hie se awer ënnert dem ale Regime?

Firwat kritt een no 43 Cotisatiounsjoere mat 55 Joer d’Pensioun nach net, freet de Georges.

D’Reform ass just eng Reförmchen, an de Pabeier net wäert wou se drop steet, well se op 3% Wuesstem baséiert. Dir street de Leit Sand an d’Aen Här Di Bartolomeo, an hutt mat Ärer Partei just déi nächst Wahlen am Viséier, fir do keng Stëmmen ze verléieren. Dir hätt Iech kënnen hei en Denkmal setzen.

Eng ähnlech Fro dann op déi Dir eis vläicht elo geschwë kënnt äntwerten. Déi Fro kënnt vum Här Linster. D’Ofsécherung vun de Pensioune baséiert op engem jäerleche Wuesstem vun 3%. Mir hunn awer schonn zanter Joere kee Wuesstem méi vun 3%, a mir wäerten och an deenen nächste Joere keng 3% méi kréien. Firwat léisst de Minister ee Gesetz stëmmen wou ee weess datt d’Rahmebedingunge falsch sinn? Huet hien net de Courage fir d’Wourecht ze soen? Dorop kënnt Dir vläicht elo geschwënn zeréckkommen, Här Minister.

An dann Här Minister, hei freet nach den André vun Izeg, ob Dir an d’Regierung dann drun denke fir Är Pensiounen als alleréischt ze kierzen.

Et huet och nach ee gefrot, ob d’Ministeren net sollten hir Gehälter emol kierzen. Déi Fro huet natierlech näischt direkt mat de Pensiounen ze dinn.

Sascha Georges: An der Rei, Merci Frank fir dësen Iwwerbléck. Picke mir emol vläicht eng Fro eraus, déi e puermol komm ass. Wéi ass dat mat deenen 3% jäerlechem Wuesstem? Ass do e bëssen ze optimistesch gesi ginn?

Mars Di Bartolomeo: Also wann een esou Wäerter bei der Ausaarbechtung vun engem Reformprojet festleet, da kuckt een 10, 20, 30, 40 Joer zeréck, an et kuckt een dee Moment wou ee se ausschafft, wéi déi Wäerter sinn. Wa mir déi jeeweileg Tranche vun 10,20, 30, 40 Joer zeréckkucken, dann ass deen do Wuesstem absolut realistesch, well iwwer déi ganz Period hu mir e Wuesstem gehat dee wiesentlech méi héich ass. Mä dat ass awer net dat Essentiellt.

Déi Reform hei baut net op déi 3% Wirtschaftswuesstem, oder 1,5% Wuesstem vum Emploi op, mä déi Reform gesäit e Mechanismus vir, dee méi lues wierkt wann de Wirtschaftswuesstem ganz gutt ass, a méi schnell wierkt wann de Wirtschaftswuesstem méi lues geet.

An anere Wierder: Wann et elo an deem selwechte Rythmus sollt virugoe wéi et am Moment ass, da kommen d’Rentekeesen, kënnt eis Rentekees méi séier an den Déséquiliber. Dat heescht, da sinn d’Ausgabe méi héich wéi d’Recetten. An do gesäit d’Reform vir datt mir dann den Ajustement, d’Upassung vun de Renten un d’Lounentwécklung ofbremsen. Entweder halbéieren, oder während enger gewëssener Zäit net ausbezuelen, an och just an deem Moment ass dru geduecht fir d’Allocation de fin d’année, dat ass keen 13. Mount, mä dat ass eng Indemnitéit vun em 600 Euro, déi iwweregens d’Staatsbeamten an d’Ministeren, déi pensionéiert net kréien. Dat ass just, déi Indemnité de fin d’année ass virgesi fir déi Pensionéiert aus dem Privatsecteur.

Also ënnert dem Stréch, et ass net esou datt déi Pensiounsreform eesäiteg op e Wirtschaftswuesstem vun 3% opgebaut ass, mä si wierkt méi schnell wann et manner gutt geet, a si wierkt méi lues wann et, pas impossible, méi gutt soll goen, oder besser soll goen.

Ech wëll iech awer och een Detail soen, well dat ëmmer vergiess gëtt. Mir stieche mëtten an der Kris zënter engem gudde Joer. Wësst dir wéi den Emploi an deem Joer nach geklommen ass? Em 2%, dat heescht, esouguer matten an enger Krisenzäit ass de Wuesstem vum Emploi nach méi héich wéi déi Basis déi mir am Projet dran hunn. Dat just fir d’Anekdot.

Wichteg ass datt de Projet esou flexibel ass, datt en an allen Hypothese sech kann upassen an dat Richtegt zum richtegen Zäitpunkt [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Här Minister, entschëllegt datt ech Iech ënnerbriechen, fir datt mir nach e puer Leit kënnen op Antenn huelen. Mir ginn nach eng Kéier kucke wat um 1330 erakoum. Do hu mir eng Madame Dijon vu Gréiwemaacher. Si huet e ganz spezielle Cas, vläicht kënnt Dir eis deen erklären. Gudde Mëtteg Madame Dijon.

Madame Dijon: Bonjour. Ech wollt dem Här Minister eng Fro stellen wéisou datt dat méiglech ass wann eng Fra mat hirem Mann schafft, an de Mann fält ewech, soudatt si dann nëmme esou vill Prozent méi kritt vun dem Mann senger Pensioun?

An dann déi zweet Fro ass, ech sinn elo ab Januar och an d’Pensioun gaangen, du hunn ech nawell erëm 500 Euro ewechgeholl kritt vu mengem Mann. Elo hunn ech eng Pensioun vu mengem Mann vu 1.400 Euro, wou kee Strummert dobaussen huet, an en huet säi ganzt Liewe geschafft.

Mars Di Bartolomeo: Also emol fir d’éischt wollt ech präziséieren, Dir hutt jo da 1.400 Euro vun der Pensioun vun Ärem Mann, Dir hutt jo sécher dann och nach eng eege Pensioun.

Madame Dijon: Ech hu jo och 48 Joer dofir geschafft.

Mars Di Bartolomeo: Voilà, mä mir hunn dann zwou Positiounen, déi verteidegt ginn. Déi eng, et soll jiddweree seng individuell Rechter hunn, da gëtt et net méi déi derivéiert Rechter, datt een also och nach, wann de Partner ewechfält, en Deel vun där Pensioun kritt. Dat ass dat éischt.

Also Dir hutt eng eege Pensioun, dofir hutt Dir abezuelt, an Dir kritt en Deel vun der Pensioun vun Ärem Mann, wou hien abezuelt huet. Dat ass zimlech eemoleg an den Nopeschlänner, well normalerweis kritt een déi do Leeschtungen net an deem do Mooss.

Firwat datt Är Pensioun gekierzt ginn ass, respektiv dat wat Dir insgesamt erauskritt, dat ass eege Pensioun, an déi derivéiert Rechter déi Dir vun Ärem Mann hutt, déi ginn zesummegeschloen, an déi ginn net iwwer e gewëssene Plafong.

Dir musst awer wëssen, Madame, datt dat och eemoleg ass, datt e Pensiounssystem wéi eisen, eigentlech déi duebel Leeschtung, seng eegen an déi derivéiert ausschëtt.

An et muss ee jo och soen, datt bei, wann zwee Leit op enger Pensioun sinn, dann ass dat 100%, wann een drop ass, da sinn dat 75%. Wou ech Iech zougestinn, datt et ongerecht schéngt, datt een als Fra, als Hinterbliebene nëmme 75%, wann Dir awer ewech géift falen, wat jo net de Fall ass, Äre Mann 100% kritt hätt. Dat ass effektiv e bësse méi schwéier eriwwer ze bréngen.

Sascha Georges: En aneren interessante Fall kéint dee vum Här Moajo sinn. Hien huet mat 16 Joer e CATP gemaach, kann elo awer net an d’Prépensioun goen. Firwat? Gudde Mëtteg op Stadbriedemes.

Här Moajo: Jo, Bonjour, meng Fro un de Minister war nämlech déi. Et gëtt ëmmer just vun de Leit déi bei de Banke schaffen, an d’Leit déi bei der Fonction publique, mä et sinn och Leit déi en Handwierk geléiert hunn. Dat heescht, déi ganz fréi mat 16 Joer schaffe gaange sinn. An déi meescht, esou wéi ech, mat 52 Joer hu mir scho 40 Joer laang cotiséiert. An et gëtt jo ëmmer gesot, elo mussen d’Leit méi laang schaffe goen. Firwat mussen déi Leit, déi scho mat 16 Joer ugefaangen hunn ze cotiséieren, mussen déi méi laang schaffe goen?

Mars Di Bartolomeo: Sot mir, wann Dir wëllt, wéi wäit sidd Dir nach vun der Pensioun ewech?

Här Moajo: Bein, ech sinn an der Mëttelklass, ech hunn nach 17 Joer normalerweis ze schaffen.

Mars Di Bartolomeo: Nach 17 Joer ze schaffen. Jo, dann ass et effektiv datt bei Iech eppes iwwer e Joer erausfällt. Mä Dir musst net méi laang schaffe goen.

Et ass esou, datt Dir de Choix hutt wéi bis elo mat 57, oder mat 60 wann Dir d’Conditiounen erfëllt, kënnen an d’Pensioun ze goen. Dat wat dee Moment de Fall ass, dat ass datt der Entwécklung vun der Liewenserwaardung, also der Tatsaach datt Dir Chance hutt déi Pensioun méi laang ausbezuelt ze kréien, domat Rechnung gedroe gëtt, datt Är Pensioun dann e bësse méi niddereg ass wéi haut.

Ech wëll Iech awer zu der Héicht vun der Pensioun just ee Wuert soen, wann Dir erlaabt, well dat awer wichteg ass fir dat eriwwer ze kréien. Zu Lëtzebuerg hu mir Pensiounsleeschtungen, déi tëschent zwee- bis dräimol esou héich si wéi an allen anere Länner op der Welt. An dat ass dorop zeréckzeféieren op dräi Haaptursaachen.

Éischtens, mir haten an deene leschten 20 bis 30 Joer e regelrecht Jobwonner, wou mir immens vill nei Assuréen kritt hunn, déi immens vill da cotiséiert hunn, a wou mir vill méi erakritt hu wéi erausginn hunn.

Dat zweet wat geschitt ass, dat ass, datt d’Zuel vun deene Pensionéierte sech vill méi lues entwéckelt huet.

An dat drëtt Phänomen dat dobäi komm ass, dat ass, datt de Staat massiv sech bedeelegt un de Rentekeesen, an dësem Joer wäit iwwer d’Milliard.

Et muss een awer wëssen, datt wann een héich Penisounsleeschtunge konnt ausbezuelen doduerch datt vill, vill, vill méi Leit heihinner schaffe komm sinn, an doduerch d’Recette vill, vill méi héich waren, a mir konnte Reserven op d’Säit leeën, datt déi honnertdausenden déi haut nach schaffen och muer den Usproch erhiewen, dee berechtegten Usproch erhiewe fir och selwer eng Pensioun ze kréien.

A wa mir dat einfach géife lafe loossen, da misste mir muer 750.000 Leit hunn déi zu Lëtzebuerg schaffen, oder eng Millioun, oder mir missten d’Cotisatiounen verduebelen oder verdräifachen. An dofir well mir och deenen Nächsten eppes vun deene gudde Pensioune wëllen hannerloossen, soe mir, jiddweree muss mat upake fir dat ze maachen. A wann ech mat de Leit dobausse schwätzen, ass keen dee seet, mir wëllen näischt maache fir datt eis Kanner och nach eng anstänneg Pensioun kréien.

An déi Pensiounsreform hei stellt e gudde Mixe duer. Engersäits paken déi Aktiv mat un duerch dee Choix entweder méi laang schaffen, oder e bësse manner Penisoun. An déi Pensionéiert, déi haut iwwer exzellent Leeschtunge verfügen, heiansdo besser wéi déi Zäit wou se geschafft hunn, déi pake mat u wann de System an den Déséquiliber kënnt, doduerch datt d’Rente méi lues ugepasst ginn, an doduerch datt een op esou Sonderleeschtunge wéi den 13. Mount, besser gesot, d’Allocation de fin d’année, dann a Fro gestallt gëtt.

Also ënnert dem Stréch, mir hu phantastesch gutt Leeschtungen.

Sascha Georges: Här Minister, entschëllegt, ech ënnerbriechen Iech erëm. Dir huelt ëmmer e bësse wäit aus.

Mars Di Bartolomeo: Neen, ech mengen et muss een de Gesamtkontext awer [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Absolut, mä et ass nach vill Kritik vun de Leit do, an ech wéilt Iech déi och net virenthalen. Hei ass zum Beispill de Guy vu Palzem. Ech hu just de Virnumm vum Här, ech huelen hien emol op d’Antenn. Gudde Mëtteg op Palzem.

Guy: A Moien, hei ass de Guy. De Problem, ech fannen emol eng Kéier dat hei. Ech sinn, ech hunn 32 Joer laang, oder 33 Joer Cotisatiounen abezuelt, a Frangen. An duerno kritt ee seng Pensioun an Euro. A wann ech dann emol eng Kéier de Kont maachen, wann ech, ech hu mat gutt Frangen abezuelt, an ech kréien Euro eraus, wou d’Kafkraaft all Dag manner gëtt, a wou ech mat 100.000 Frang, well dat wier meng Pensioun, e Chef wier, a mat 2.500 Euro fänken ech esou lues un en aarmen Däiwel ze ginn. Dat ass net gerecht wat do geschitt ass. Déi Generatiounen alleguer déi a Frangen abezuelt hunn, déi ginn alleguer vun iech geschrubbt. Dat wollt ech emol eng Kéier soen.

Mars Di Bartolomeo: Dozou just ee Wuert fir och erëm eng Kéier awer bei de Leit ze bleiwen.

Mir bezuelen alleguer 8% vun eisem Revenu an d’Pensiounskees an, 8%. De Staat bezilt 8%, de Patron bezilt 8%, dat si 24% déi insgesamt abezuelt ginn. Eis Pensiounskeese bezuele Leeschtungen aus déi tëschent 75% an 100% vun deene Léin ausmaachen, déi een an der ganzer Period verdéngt huet.

Also nach eng Kéier, fir 24% déi abezuelt ginn, kritt een tëschent 75% an 100%. Beim Mindestloun sinn et quasi 100% vun deem wat ee virdru verdéngt huet. Och dat muss ee sech awer eng Kéier duerch de Kapp goe loossen.

An déi héich Leeschtungen, déi 75% oder 100% vun der aktiver Carrière, déi sinn aus deenen Ursaachen zestane komm, well mir eben déi gutt Entwécklung haten.

Am Ausland, an et dierf ee jo awer heiansdo iwwer seng eege Grenze kucken, sinn d’Beiträg vill méi héich, vill méi héich, d’Leeschtunge vill, vill méi niddereg.

A wësst Dir d’Fro vum, ech wëll elo probéieren d’Fro vun de Pensiounen an dréchen Dicher fir déi nächst Joerzéngten ze kréien, jiddwerfalls och en Instrument ze schafen, dat eis et erlaabt eis op all Situatiounen anzestellen, ech kann éierlech gesot net och nach de Problem vum Euro vis-à-vis vum Frang léisen.

Sascha Georges: Loosst eis vläicht nach eng Kéier kuerz no hanne kucken. An dofir gi mir op Sandweiler bei den Här Block, well dat kann eng ganz interessant Remarque ginn. Hie schwätzt, dat ass 1988 wier et eng verstoppte Pensiounsreform ginn. Här Block, gudde Mëtteg.

Här Block: Bonjour. Majo, ech wollt den Här Minister froen, 1988 do ass jo och eng verstoppte Pensiounsreform gemaach ginn.

Wann ech zum Beispill d’Leit huelen, déi posté geschafft hunn, déi hunn als Inconvéniant de Samschdeg an de Sonndeg matgerechent kritt als geschafften Dag, dat heescht, déi koumen un 365 Deeg am Joer. De Mount vun der Pensioun gëtt gerechent mat 22,5 Deeg, esou datt d’Leit 16 Méint cotiséiert hunn. An ab 1988 sinn do nach 12 Méint opgeschriwwe ginn. Wann do eng Persoun déi nach 10 Joer ze schaffen hat, feelen deem 40 Méint.

Déi zweet Fro ass, firwat ass de Barème net méi adaptéiert gi vum Index? Dat heescht, mir hunn elo 5mol en Index kritt mat 2,5%, a fréier war et esou, an dat steet esouguer am Gesetz, datt wa misst de Barème adaptéiert ginn no ënnen, an neierdéngs gëtt jo schonn diskutéiert fir dat aus dem Index erauszehuelen.

An da meng lescht Fro wier déi. D’Deputéiert an alleguer déi Leit, firwat bezuelen déi nëmme 50% u Steiere vun hiren Diäten?

Mars Di Bartolomeo: Also dat éischt, dat war keng verstoppte Reform. Ech mengen an den 1980er Joeren ass et eng Pensiounsreform ginn, op déi mir eis och haut nach baséieren, déi och, muss ech soen, sech bewäert huet, well et e solidaresche Modell ass, wou dräi Parteie jee 8% abezuelen. Et ass also eng Tripartite-Finanzéierung, wou och d’Entréeskonditioune festgeluegt gi sinn, wou déi kleng Pensioune besonnesch behandelt gi sinn, a mengen ech och dauernd verbessert gi sinn, wou fir d’Pensiounen d’Indexéierung an d’Ajustéierung virgesi war, wou d’Prépensioun fir d’Schichtaarbechter an d’Nuetsaarbechter besonnesch Entréeskonditiounen hunn, wat och ganz gutt ass, a wat och soll fir d’Zukunft ofgeséchert ginn.

Bei dëser Pensiounsreform ginn d’Rechter vun deene Pensionéierte mat deenen Nuancë wou ech Iech virdru gesot hunn, wäitgehendst ofgeséchert.

Richteg ass, datt déi Comptabiliséierung vun Iwwerstonnen, oder vum laangen Tour an esou weider, datt dat deemools ofgeschaaft ginn ass. Net richteg ass, datt d’Pensiounen net méi indexéiert ginn.

Ech menge wat Dir mengt, dat ass d’Upassung vun der Steiertabell. Wëll Iech awer soen, datt d’Entréeskonditiounen an de lëtzebuerger Pensiounssystem am Verglach zu allen anere Länner, dat ass heiansdo verpönt datt een dee Verglach mécht, mä et muss een en awer maachen, datt d’Entréeskonditioune vill méi gënschteg si wéi an allen anere Länner, an datt d’Lëtzebuerger vun allen Europäer mat deem nidderegsten Alter an d’Pensioun ginn. Déi zweet hannendru sinn eis belsch Noperen. Also drënner wéi et haut ass, kann ee jiddwerfalls net goen, wann een de Pensiounssystem wëllt ofsécheren.

Et ass schwéier ze verteidegen datt een, an et dierf ee jo dreemen, datt ee wann ee während 40 Joer 8%, oder dräimol 8% abezilt, datt een dann nach eng Kéier während 25, 30 oder heiansdo esouguer méi Joeren 100% erauskritt. Dat geet iergendwéi net op.

An déi Pensiounsreform, loosst mech just dat an engem Saz soen, dat ass keng ideologesch Fro, dat ass eng reng arithmetesch, et ass eng arithmetesch Fro. Wann ee gesäit datt d’Zuel vun deene Pensionéierten an Zukunft wäert dramatesch an d’Luucht goen, well mir jo déi vill Leit hunn déi haut cotiséieren, da kenne mir déi Leit schonn, déi sinn alleguer do, déi an d’Pensioun ginn, et ass keng Kristallkugel.

A wann ee gesäit, datt dat de Fall ass, muss een haut dofir suergen, datt ee mat équilibréierten, mat verkraftbare Moossnamen dat preparéiert, an net waart.

An dat ass, wëll ech all deene Leit soen, déi soen, mir hätte jo gutt Zäit, mir hu Reserven. Iwweregens wa mir géife waarden, déi schmëlze grad esou séier wéi gëschter a virgëschter de Schnéi geschmolz ass, wa mir bis un d’Reserve ginn.

Mä dat wat ech wëll soen, dat ass, wat een haut mécht, wann een dat haut richteg équilibréiert mécht, da kann een déi drastesch Moossnamen, déi an anere Länner geholl gi sinn, kann een déi verhënneren.

Sascha Georges: An der Rei Här Minister, ech muss Iech elo erëm ënnerbriechen, et deet mir Leed. D’Zäit ass eis fortgelaf, et ass e ganz interessanten a komplexen Thema. Eis Linne sinn nach ëmmer all besat, also et sinn nach ëmmer ganz vill Froen do, also nach ganz vill Opklärungsbedarf. Fir haut si mir elo emol fäerdeg. Här Minister, Merci datt Dir Iech de Froen an de Commentaire vun eisen Nolauschterer gestallt hutt. An Iech dobaussen och en décke Merci fir d’Matmaachen, och wann net jiddwereen drukoum.

Dernière mise à jour