Discours de Lydia Mutsch, ministre de la Santé, à la presentation de la brochure d'information "Survivors informent les jeunes atteints d'un cancer"

"Survivors informéieren jonk Kriibspatienten"

"Kollég Minister,
Madame Präsidentin,
Herr Direktor,
Dir Dammen an Dir Hären,
a virun allem, léif Vertrieder vum Grupp „Survivors“,

Dir sidd haut jonk Erwuessener; jonk Erwuessener, mat schonns enger wichteger Liewenserfarung. Dir hutt nämlech eng schwéier a markant Phas an ärem Liewen duerch gemaach: dir sidd als Kand oder Jugendlechen mam Kriibs oder enger rarer Krankheet konfrontéiert ginn.

Dir hutt dës schlëmm Krankheet iwwerwonnen, mee esou eng haart Épreuve, duerch déi dir am jonken Alter gaang sidd, déi stécht een net esou einfach ewech.

Duerfir wëll ech iech hei als alleréischt meng Unerkennung ausdrécken.

Doriwwer eraus setzt dir iech weider an fir anere betraffene Kanner a Jugendlechen, grad ewéi hire Geschwëster oder Partner, ze hëllefen, fir hinnen ze weisen dass sie net eleng sinn, a fir hinne Mutt ze maachen, sech och an enger Reha hëllefen ze loossen.

Et ass bewonnerungswäert a wichteg, mat wéivill Optimismus, Engagement an Hëllefsbereetschaft dir aner Betraffener wëllt stäerken fir dass och si erëm kënnen no vir kucken, an hir schwéier Krankheet hannert sech loossen.

Dobäi spillen natierlech och d’asbl’en an hei speziell d’Elterevereenegung eng wichteg Roll, an ech wëll och hinnen hei fir hir Ënnerstëtzung e grousse Merci soen.

Als Gesondheetsministesch kann ech esou Initiativen nëmmen begréissen.

Dëse Projet vun de “Survivors” geet souzesoen Hand an Hand mat den Aktiounen déi mir am Kader vum Nationalen Kriibsplang opgestallt hunn.

Ech géng duerfir gären kuerz op zwee Programmer vum Nationalen Kriibsplang 2014-2018 agoën, déi an dësem Kader ze detailléiere sinn.

Esou huet en Aarbechtsgrupp e Konzept fir eng national Filière mat enger Unitéit fir Kriibs bei Kanner a Jugendlechen, a mat enger spezialiséierter Palliativ-Versuergung am Spidol an Doheem ausgeschafft.

An der Aarbechtsgrupp waren och d’asbl’en déi um Gebitt vun der Hëllef fir kriibskrank Kanner an Jugendlecher aktiv sinn, agebonnen.

E groussen Deel vum Diagnostic an der Behandlung vun onse kriibskranke Kanner gëtt momentan a 40 verschiddenen Zentren am Ausland gemaach. Och wann d’Qualitéit vun der Behandlung gutt ass, heescht daat nawéll fir d’Kanner an hir Elteren wochelaang Hospitalisatiounen an Openthalter am Ausland, reegelméisseg Déplacementer fir Behandlungen (z.B. Chimiothérapien) déi och deels ambulant kéinte gemaach gin, mee fir déi d’Kand all Kéiers muss hospitaliséiert gin.

Bei Schwieregkeeten an Urgencen mussen di kléng Patienten dann hei an d’Spidol goen, wou dacks keen iwer d’Krankheet an d’Behandlung Bescheed wees.

Den Zweck vun enger nationaler Filière mat enger Unitéit fir Kriibs bei Kanner a Jugendlechen ass et, déi Behandelungen déi hei zu Lëtzebuerg kënne gemaach ginn auszebauen, a Collaboratioun mat auslännesche Referenz Zentren, fir de Kanner an hiren Elteren méi Konfort z’offréieren; fir d‘Kand esou no wéi méiglech bei senger Famill an a sengem sozialen a schouleschen Ëmfeld ze halen, an den Elteren et méi einfach ze maachen sech em hiert Kand ze këmmeren an dobäi hire Beruff weider kënnen auszeüben wann si dat wëllen.

Dëst selbstverständlech net op Käschten vun der Qualitéit an der Sécherheet.

Nodeems di National Plattform vum Kriibs dës Konzepter fir gutt befonnt an u mech weidergeleet huet, hunn ech dem CHL mat senger Kannerklinik den Optrag ginn, dëse globalen Konzept an deenen nächste Méint a Joeren opzebauen.

Ech sinn frou dass d’Regierung dësen ganz kloeren „choix politique“ am Intérêt vun der Populatioun, spezifesch awer vun de klenge Patienten an hirer Famill, getraff huet.

Doniewt gouf zousätzlech am Kader vum Nationalen Kriibsplang och e Programm vun Réhabilitation Post-Oncologique vun engem breet opgestallten Aarbechtsgrupp ausgeschafft, an am März vun dësem Joër ënnerschriwwen.

Dëse Programm adresséiert sech un d’Altersgrupp iwert 18 Joer. Dobäi geet et ëm den Opbau hei am Land vun

• enger ambulanter Kur vun Rehabilitatioun (vun 12 x 3 Stonnen bannend 10 Wochen an der Moyenne)

• an engem stationären Programm vun Rehabilitatioun vun 3 Wochen.

Déi zwou Offren beinhalten zemools eng physesch Rehabilitatioun, psychologesch Ënnerstetzung, nutritionnel Berodung, an assistance sociale wann néideg.

D’Ziel dobäi ass et dem Patient no senger akuter Behandlung ze hëllefen seng physesch Konditioun ze verbesseren, Spaass um Sport ze kréien oder him erëm ze ginn, säin Optimismus erëmzeginn oder z’ ënnerstëtzen an esou seng Liewensqualitéit ze verbesseren.

Dës zwou Offren sinn elo amgaang opgebaut ze ginn an sinn eng wichteg Hëllef zousätzlech och zu den groupes sportifs oncologiques.

Bei all dësen Projeten an Initiativen sinn ech dankbar fir di wichteg Ënnerstetzung vun allen asbl‘en am Kader vum Kriibs, esou wéi allen engagéierte Gruppen ewéi dir (Survivors), vun den Gesondheetsberuffler an établissements hospitaliers, fir dass eng Kriibskrankheet zwar ëmmer eng schlëmm Saach fir den Eenzelnen ass, mee hien weder zu Lëtzebuerg nach a sengem Recours am Ausland nie eleng soll sinn, an iwerall di beschtméiglechst Hëllef kritt.

Zesummen schaffe mir un dëser “nobler cause”. Merci dofir."

Dernière mise à jour