Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 20 Resultater
  1. Am Kader vun der Digitalisatioun war et dem Ministère fir sozial Sécherheet wichteg, sämtlech sozial Entitéiten zesummenzebréngen, fir déi verschidden Online-Servicer fir déi Verséchert virzestellen an ze fërderen. Zu dësem Zweck sinn déi verschidde Servicer vun der CNS, der AAA, der CNAP, dem CCSS an der AEC vun der Fleegeversécherung virgestallt ginn.

  2. Nom Ausléise vun der Indextranche, déi duerch d'Publikatioun vun den Indexresultater fir de Mount Januar 2023 confirméiert gouf, an no der mensueller Sëtzung vun der Indexkommissioun den 10. Februar 2023, goufen déi sozial Parametere réckwierkend op den 1. Februar 2023 ugepasst.

  3. Den 8. Februar 2023 huet de Minister fir sozial Sécherheet, Claude Haagen, a Begleedung vum President vum Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC), dem Alain Reuter, déi zukünfteg "Cité de la sécurité sociale" besicht. D'Gebai gouf vum FDC gebaut a bleift och an hirem Besëtz.

  4. Den 20. Januar 2023 huet de Regierungsrot den Avant-Projet fir d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Nomenclature vun de medezineschen Akten a Servicer déi vun der Krankeversécherung iwwerholl gi guttgeheescht, fir esou de Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang ëmzesetzen.

  5. D'Tripartite-Ofkommes vum 28. September 2022 gesäit d'Ofschafe vum Akkont fir d'sozial Laaschten op den 1. Januar 2023 fir. Duerch dës Moossnam soll de Versement vun de Cotisatioune besser opgedeelt ginn an Employeuren an Independanten kënne besser finanziell ënnerstëtzt ginn.

  6. Wéinst der aussergewéinlecher Situatioun am Kontext vun der COVID-19-Kris, war beschloss ginn d'Teletravail-Deeg, déi an deem Kader geholl goufen, net ze berécksiichtege beim Bestëmme vun der Legislatioun am Beräich vun der Sozialversécherung fir Frontalieren. Dës aussergewéinlech Dispositioun sollt am Prinzip den 30. Juni 2022 auslafen.

  7. Wéinst dem Impakt vum COVID-19 op d'Entreprisen an déi Fräiberufflech zu Lëtzebuerg, hunn de gemeinsamen Zentrum fir sozial Sécherheet (Centre commun de la sécurité sociale) an de Minister fir sozial Sécherheet, Romain Schneider, eng Rei Mesurë geholl fir d'Entreprisen an d'Fräiberuffler z'ënnerstëtzen, andeems se méi Flexibilitéit bei der Bezuelung vun hire Sozialversécherungsbäiträg kréien.

  1. 1
  2. 2
  3. Lescht Säit