Remboursement vun der Psychotherapie vum 1. Februar un

De 24. Januar 2023 huet de Staatsrot säin Avis zu zwee groussherzogleche Reglementer iwwer d'Modalitéite fir d'Iwwerhuele vun de Käschte fir Psychotherapie duerch d'Krankeversécherung bekannt ginn. Zesumme mat de Statutte vun der nationaler Gesondheetskeess (CNS), déi vum Verwaltungsrot vun der CNS ugeholl goufen, sinn domadder elo d'Konditiounen erfëllt, fir datt d'Krankeversécherung d'Käschte fir Psychotherapien iwwerhëlt.

Déi verschidden Texter trieden den 1. Februar 2023 a Kraaft. Deemno ginn ab deem Datum d'Käschte fir d'Psychotherapië rembourséiert.

De Claude Haagen kommentéiert: "Et freet mech, datt no jorelaangen Diskussiounen, déi Verséchert elo endlech kënne vum Remboursement vun de Psychotherapië profitéieren."

De Minister invitéiert d'Psychotherapeuten, déi dëst nach net gemaach hunn, e Code Prestataire bei der CNS unzefroen, wëll dës Formalitéit néideg ass fir kënnen Akten auszestellen, déi vun der Krankeversécherung iwwerholl ginn.

Zur Zäit gëtt de Remboursement vun de Prestatiounen an der Psychotherapie op Presentatioun vun acquittéierte Rechnungen iwwerholl. Fir e méi séiere Remboursement vun de Psychotherapie-Prestatiounen ze erméiglechen huet d'CNS op hirem Internetsite e Standardformulaire vun engem Mémoire d'Honoraires Formulaire-type Mémoire d'honoraires pour psychothérapeutes (Word) — CNS - Luxembourg (public.lu)) zur Verfügung gestallt. Dëse Formulaire enthält all déi néideg Informatioune fir datt se maschinell ofgelies kënne ginn, esou datt de Remboursement méi séier ofgewéckelt ka ginn.

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert