D'sozial Sécherheet un Ärer Säit

D'sozial Sécherheet zu Lëtzebuerg ass en eenzegaartegen a connectéierte System an de Beräicher vun der Krankheet, dem Alter, den Aarbechtsaccidenter an der Fleeg, dat jidderee wärend sengem ganze Liewe begleet.

D’Haaptpiliere vum System vun der sozialer Sécherheet funktionéieren nëmmen duerch eng grouss Unzuel vun engagéierte Mataarbechter, fir dass all Assuré deen de Besoin no enger Sozialleeschtung huet, och an dëse Genoss kennt.

Di verschidden Institutiounen an Administratioune vun der sozialer Sécherheet bidden etlech professionell Opportunitéiten, a siche jonk motivéiert Leit, ënnert anerem am Beräich vun der Digitalisatioun fir den Accès un d’Sozialleeschtunge fir di 800.000 Assuréen ze verbesseren.

Entdeckt de Fonctionnement vun der sozialer Sécherheet :

Léiert den interessanten an oofwiesslungsräiche Beräich vun der sozialer Sécherheet an eiser Broschür iwert di verschidden Beruffsprofiller kennen an entdeckt all d'Jobofferen op  GovJobs.lu

 

 

Aktualiséiert