Mars Di Bartolomeo, invité de l'émission "Riicht eraus"

Carole Schimmer: Bonjour a wëllkomm an eiser Émissioun "Riicht eraus". Invité haut ass de Sozial- a Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Gudde Mëtteg Här Minister.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Carole Schimmer: Här Di Bartolomeo, Dir hutt haut am Regierungsrot, oder éischter gëschter am Regierungsrot den Avant-projet de loi presentéiert zur Rentereform. Wann een där Reform e graffen Titel misst ginn, wéi ee wier et?

Mars Di Bartolomeo: Ofsécherung vun deene gudden Elementer, déi mir vun eise Pappen a Mamme geierft hunn, an Ofsécherung vun deene Pilierë fir déi nächst Generatiounen, déi kommen.

Mir hunn de Renteregime nëmme geléint, mir mussen en an engem gudden Zoustand un eis Kanner iwwerginn.

Carole Schimmer: An enger éischter Presentatioun am Mäerz dëst Joer, hat Dir schonn d’Prinzipie vun där Rentereform presentéiert, eng Reform, déi Dir fir néideg haalt, wéinst der demographescher Entwécklung.

Esou Aussoe gouf et awer schonn an den 1980er Joeren, deemools gouf gesot, datt de Rentesystem schonn an den 1990er Joere géif zesummebriechen. Wéi wäit kann een dat dann haut iwwerhaapt behaapten?

Mars Di Bartolomeo: Also, ech mengen, et geet hei net drëm a Katastrophismus ze maachen, et geet drëm fir d’Stäerkten ze kucken, awer och d’Schwächten.

Wann een haut d’Stäerkte vun deem Regime kuckt, dann hëlt een als éischt d’Solidaritéit, op déi een opbaut, et hëlt een déi gutt Reserve, déi een huet, dat si bal 11 Milliarden, dat entsprécht iwwer 3,5 Mol d’Joeresausgaben.

D’Solidaritéit zwëschen de Generatiounen, déi een als groussen Avantage muss huelen, awer d’Solidaritéit zwëschen deenen, déi méi hunn, méi cotiséieren, déi déi manner hunn, a manner cotiséieren, an e gerechten Ausgläich zwëschen deene verschiddene Kategorien.

Dir hutt richteg gesot, datt déi Discussioun iwwer d’Gefore vun der Zukunft och scho fréier gefouert gi sinn. Déi waren och net esou falsch, mä do zwëschent, zwëschent deemools an haut läit eng beispilllos Entwécklung vun eiser Économie, läit eng beispilllos Entwécklung vum Emploi.

Innerhalb vun 30 Joer huet den Emploi sech méi wéi verduebelt, zwee an en hallef Mol, d’Zuel vun de Pensionéierten ass méi lues gewuess.

An et resuméiert een d’Problematik eigentlech am einfachsten duerch folgend Virstellung, a folgende Resumé.

Déi Stäerkten déi mir haut hunn, déi Trëmp déi mir haut hunn, ginn d’Risike vu muer. Déi gutt Pensioune verdanke mir deene ville Bäitragszueler, mä déi vill Bäitragszueler vun haut ginn déi ganz vill Pensionéiert vu muer. Bon, an déi hätten och gären eng Pensioun, an déi wëlle mir ofsécheren, an do gëtt et keng 10 Méiglechkeete fir dat ze maachen.

Carole Schimmer: D’Reserve vun de Pensiounskeesen, oder vun der Pensiounskees, leie bei 11 Milliarden Euro, Dir hutt et gesot. Dat geet awer duer fir d’Pensioune während dräi an en halleft Joer auszebezuelen, dat ass europawäit e Rekord, am Ausland hu se Reserve fir e puer Méint.

Mars Di Bartolomeo: Jo, mä do hippt de Vergläich schonn.

Am Ausland hu se Systemer opgebaut, wou et quasi aus der Hand an de Mond geet. Dat heescht, d’Recetten entspriechen ëmmer den Dépensen, wa méi Recetten do sinn, gi kleng Opbesserunge gemaach, wa manner Recetten do sinn, oder d’Dépensë steigen, da gi keng Verbesserunge gemaach, oder et ginn esouguer Kierzunge gemaach.

An allen europäesche Länner si relativ drastesch Methoden agesat ginn, ass den Alter, de Pensiounsalter zimlech onselektiv an d’Luucht gesat ginn, an Däitschland op 67, a Frankräich em zwee Joer elo, am leschte Joer.

A bei eis ass et richteg, datt mir kuerzfristeg iwwer e ganz gesonde System verfügen. Dat heescht, et ass net nëmmen esou, datt mir méi Recette wéi Dépensen hunn, mir hunn, iwwer den Tripartite-Finanzement hu mir 24% Bäiträg, a mir brauchen am Moment der nëmmen 21%, dat heescht mir kënnen 3% dovun an d’Reserve setzen.

Mä, an dat ass d’Problematik, vu datt mir jo déi do Situatioun dem Ëmstand verdanken, datt mir ganz, ganz, ganz vill a relativ kuerzer Zäit Bäitragszueler kritt hunn, kippt deen Équiliber, oder riskéiert deen Équiliber ze kippen, wann déi vill Bäitragszueler vun haut zu Pensionéierte vu muer ginn.

Wa mir näischt géife maache bei där steigender Zuel vu Pensionéierter, an d’Zuel wäert sech an deenen nächsten 10 Joer verduebelen, da géife mir a manner wéi 10 Joer en Déséquiliber zwëschent Recetten an Dépensë kréien.

No deenen 10 Joer, wa mir näischt géife maachen, géife mir un d’Reserve goen, weider 10 Joer méi spéit wiere keng Reserve méi do, an dann duerno, wa mir näischt géife maachen, géife mir Scholden, massiv Scholde misse maachen, fir déi Pensiounen nach ze bezuelen.

Duefir dee Vergläich hippt e bëssen. Bei eis hu mir eng bombastesch gutt Situatioun doduerch datt d’Beschäftegung regelrecht explodéiert ass, dat ass am Ausland net de Fall. An déi Problemer déi mir kréie vis-à-vis vum Ausland, wou dat méi équilibréiert war, dat ass, datt déi Bäitragszueler an d’Pensioun erawuessen.

Carole Schimmer: Eng Fro déi d’Gewerkschaften awer och stellen, ass déi, Dir sot d’Liewenserwaardung geet an d’Luucht, an den USA geet se erof, grad wéi a Russland. Wéi wäit kënnt Dir iwwerhaapt haut behaapten, datt d’Liewenserwaardung an Zukunft nach an d’Luucht geet.

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, dat miesst een net op ee Joer, dat miesst een iwwer länger Perioden.

A wann een elo déi lescht Statistike kuckt, déi mir kritt hunn, dat si ganz fiabel Statistiken, well se op d’Stierflechkeet, op d’Mortalitéitsrat an iwwer 50 Joer opgebaut sinn, da stelle mir fest, datt an den europäesche Länner, net nëmmen zu Lëtzebuerg, d’Liewenserwaardung an deene leschte 50 Joer em 10, 11, 12 Joer an d’Luucht gaangen ass.

Hei zu Lëtzebuerg ass se em 11 Joer an d’Luucht gaangen. An dat kann ee bestätegen, och wann een net elo déi laang Periode kuckt, mä Tranchen dovu kuckt. An déi Liewenserwaardung ass konstant an d’Luucht gaangen. An alleguer déi, déi eise Gesondheetssystem beobachten, an och d’Statistiken iwwer de sougenannte Vieillissement, déi soen eis, datt et domat net eriwwer ass.

Mir sinn an der Aschätzung méi virsiichteg wéi wa mir eis just géifen op d’Vergaangenheet baséieren. Mir soen net, an deenen nächste 50 Joer geet et nach eng Kéier em 11 Joer an d’Luucht, mä mir mengen awer, datt mir dovun aus kënne goen, datt mir an deenen nächsten 20, 30, 40 Joer nach eng Kéier 5 bis 6 Liewensjoer, gesond Liewensjoer wa méiglech, dobäi wannen. Dat heescht automatesch, datt dann d’Pensiounen deementspriechend méi laang ausbezuelt ginn.

Just ee klenge Phänomen deen interessant ass iwwer déi selwecht Periode ze beobachten. Während mir an deene leschten, komm mir soen 50 Joer, 11 Joer u Liewenserwaardung bäikritt hunn, ass de Pensiounsalter, de reelle Pensiounsalter an där selwechter Zäit em 5 Joer erof gaangen.

Wann een dat reng arithmetesch kuckt, do ass, dat trëfft openeen, an do geet d’Schéier auserneen, wat mir vu Moyenen hunn, a wat mir déi Moyenë méi laang mussen ausginn.

Ech mengen, déi wundersame Brotvermehrung, wéi mir virun 2000 Joer emol eng Kéier sollen erlieft hunn, déi ass an deem hei Beräich net esou einfach méiglech, soudatt ee sech mat enger Rei vu reelle Fakte muss ausernanersetzen, wann een, wéi gesot, eisen Nofolger och wëllt en intakte Pensiounssystem iwwerloossen.

Carole Schimmer: Op Basis vun deenen demographeschen Entwécklungen hutt Dir décidéiert, datt Dir de Rentesystem reforméiert.

Dir sitt net op de Wee gaange fir de Rentenalter direkt an d’Luucht ze setzen, wéi a Frankräich oder an der Belsch, hutt Dir gesot. Allerdéngs sollen d’Leit, wa se dat selwecht wéi haut wëlle kréien an hirer Pensioun, méi laang schaffe goen. Ass dat dann net dat selwecht am Gréngen?

Mars Di Bartolomeo: Mat Sécherheet net. Mä wann Dir erlaabt, et gëtt ëmmer eenzel Elementer aus där Reform erausgeholl. Déi Reform huet virun allem ee Verdéngscht, si wäert dat Bewäertend konsollidéieren.

An ech hu virdrun dat ugedeit, mir bleiwe bei dem Ëmlageverfahren, dat heescht, engem op Solidaritéit opgebaute System.

Mir bleiwe bei enger paritéitescher Bäitragszuelung.

Mir bleiwen dobäi, datt een den Entréesbillet an d’Pensioun zu deene selwechte Konditioune ka kréien, dat heescht, mat 57, wann ee 40 effektiv Versécherungsjoeren huet, mat 60, wann ee gemëscht effektiv Versécherungsjoere plus Stagezäiten huet, a mat 65, wann ee mindestens 10 Versécherungsjoeren huet.

Mir bleiwen dobäi, wéi dat am Regierungsprogramm ugekënnegt ass, datt mir bestoend Rechter net upaken.

Mir bleiwen dobäi, datt déi Verspriechen, déi also eng Kéier gemaach gi sinn, datt déi respektéiert ginn.

Dat ass, mengen ech, wichteg, datt een och erwähnt, wat een ofséchert, an net eenzel Mesuren erausgräift, déi wou drop erauslafen, datt wann een dat wëllt behalen, wat een huet, datt een och en Effort muss do duefir maachen.

Mir hunn et anescht gemaach wéi déi aner Länner. Déi aner Länner zwéngen d’Leit d’office méi laang schaffen ze goen. Si soen, de legale Pensiounsalter wéi an Däitschland, ass elo 67. An no enger klenger Iwwerganksperiod, net eng laang Iwwerganksperiod, dierfen d’Leit net viru 67 an d’Pensioun goen. A Frankräich ass et em zwee Joer och verlängert ginn, och do keng Optioun. Dat ass relativ schnell a Kraaft getrueden.

Mir soen, mir loossen de Leit eng Optioun zwëschent der Realitéit respektéieren, datt wann ee méi laang lieft, seng Pensioun méi laang kritt, datt een och do eppes a senger Beruffscarrière muss kënnen änneren. Dat geet ganz progressiv, do ginn och déi bestoend Rechter gewahrt.

Dat heescht, een dee kuerz virun der Pensioun ass, brauch nëmmen e ganz klengen Effort, wierklech e ganz klengen Effort ze maachen. An deen, deen haut nach an der Schoul ass, dee muss méi e groussen Effort maachen. Mä wa mir deem dat och kloer soen, da kann e sech dorop astellen.

Mir hu bewosst net deen Zwangscharakter geholl. Deen dee wëllt déi selwecht Pensioun halen, wéi mir haut hunn, deen deen zousäzlech Liewenserwaardung dobäi kritt, seng Pensioun méi laang kritt, dee soll, wann en dat selwecht also wëllt behalen, deen Effort maachen. Wann en dat net mécht, dann hëlt en a Kaf, datt seng Pensioun e bësse méi niddereg ass.

Ech mengen, datt et net gerecht wier, datt een, dee manner laang schafft an Zukunft, datt deen ënnert dem Stréch méi erauskritt wéi een, dee bereet ass, der steigender Liewenserwaardung Rechnung ze droen. Ech mengen, dat ass en Équiliber, deen aliicht.

Carole Schimmer: Also een Deel vun der zukünfteger Pensioun besteet grad wéi haut aus der Grondrent. Dobäi kënnt awer och déi Majoration proportionnelle. Béid Elementer wëllt Dir elo änneren. Ganz konkret, wéi gesäit et do aus?

Mars Di Bartolomeo: Also, et war jo an der Discussioun, datt mir mat de proportionelle Majoratiounen, dat heescht, déi Majoratioune wou een op Grond vun deem wat een abezilt, an déi Dauer wou een abezilt, seng Rent steigert.

Mir haten an enger éischter Phas geduecht, datt een déi géif fir déi zukünfteg Perioden erofsetze vun 1,85 op 1,60. Dat maache mir elo net.

Mir maachen e System, wou déi bestoend Rechter, déi Zäite wou ee scho geschafft huet, an déi Zäite wou een nach ze schaffen huet, kombinéiert ginn, an doraus entstinn d’Majoratiounen.

Am Kloertext, wann een nëmmen nach e puer Joer ze schaffen huet, dann ass ee ganz no bei deem heitege Steigerungssaz. A wann een nach méi laang ze schaffen huet, dann ass ee méi no bei deem méi nidderegen Taux de majoration vun 1,60.

Parallel dozou erhéije mir d’Grondrent och progressiv, no deem selwechte Modell. Dat heescht, wann ee ganz kuerz virun der Pensioun ass, spiert een dat manner. Wann een nach wäit vun der Pensioun ewech ass, gëtt duerch déi progressiv Erhéijung vun der Grondrent, vun deene sougenannte Majorations forfaitaires, gëtt en Deel dovun opgefaangen. Dat hu mir haaptsächlech gemaach, fir déi kleng Pensiounen, d’Mindestpensiounen, wou et hei zu Lëtzebuerg e grousse Konsens gëtt, datt een net dorun dierf kratze goen, fir déi ofzesécheren.

Dat heescht, dat ass e System wou progressiv, dat wat ee progressiv u Liewenserwaardung dobäi kritt, berücksiichtegt gëtt.

Esou Feststellunge wéi mir se virun e puer Méint haten, datt d’Leit elo alleguer missten dräi Joer méi laang schaffe goen, oder 15% manner géife kréien, dat ass eng schrecklech Simplifactioun.

Dat géif zoutreffe fir een, och déi 15% sinn aus der Loft gegraff, well se zum Deel kompenséiert ginn duerch d’Grondrent, dat géif am Zweiwelsfall héchstens zoutreffe fir een, deen eréischt just ufänkt, 40 Joer schafft, awer duefir am Duerchschnëtt 5 Liewensjoer dobäi kritt.

Fir een deen 10, 20 oder 30 Joer scho geschafft huet, oder 35 Joer, ass den Impakt vill, vill méi kleng, a stëmmen déi do Chifferen net.

Wann een et wëllt vereinfachen, wat ee manner laang nach ze schaffen huet virun deem Pensiounsalter, deen een huet, wat den Apport méi kleng ass.

Wat ee méi laang nach ze schaffen huet bis datt een a Pensioun geet, wat de Bäitrag fir d’Konsolidéierung vum Regime, a fir d’Berücksiichtegung vun der Liewenserwaardung, ënnert anerem, awer och vun de Problemer déi kënnen entstoen, wat dee méi grouss ass.

Carole Schimmer: D’Gewerkschaften hu gefaart, datt et zu engem Kahlschlag kéint kommen. An enger éischter Versioun hat Dir jo awer proposéiert direkt bei den 1,6 dann ze goe bei der Majoratioun?

Mars Di Bartolomeo: Mä och dat ass zum Deel falsch verstane ginn. Well déi Perioden, déi schonn zeréckleien, déi wou ee scho geschafft huet, déi wieren och an deem do System no deenen ale Majoratiounë berechent ginn, an eréischt déi, déi duerno leien, déi wieren no deem neie Berechnungsmodell. Dat heescht, och do wier den Impakt nëmme progressiv ginn(ënnerbrach)

Carole Schimmer: Trotz allem fir de Rescht vun der Pensioun wier dat awer de Fall gewiescht, fir de Rescht vun deene Cotisatiounsjoere wier dat de Fall gewiescht. Dat heescht, hei ass nach ofgeschwächt par rapport zur (ënnerbrach)

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir Madame Schimmer, et muss ee sech décidéieren, et muss ee sech wierklech décidéiere wat ee wëllt.

Mir hunn dräi Méiglechkeete fir dee Pensiounsregime an den Équiliber ze kréien. Wa mir muer 400.000 Pensionéierter hunn, da verloosse mir eis entweder drop, datt mir iwwermuer 700.000, 800.000, 900.000 oder eng Millioun Beschäftegt hu fir déi do Rechnung kënne bezuelen.

Oder mir akzeptéieren, datt mir déi zukünfteg Generatioune mat Cotisatiounë vun em 20% belaaschten, oder datt et fir déi nächst Generatiounen e Kahlschlag gëtt, datt d’Pensiounen nëmme méi d’Halschent wäerte sinn.

Mir hunn hei d’Optioun geholl fir elo schonn, wou de Pensiounssystem gesond ass, eng Rei vu Schrëtt ze maachen, déi keen iwwerfuerderen.

Dat heescht, déi Pensiounsreform baséiert op zukünftgen Erhéijunge vun de Recetten, iwwer Cotisatiounen oder aner gutt Iddien, déi zum Beispill vun de Gewerkschafte komm sinn, eng Berücksiichtegung vun der Entwécklung vun der Liewenserwaardung, mat Upassung vun de Leeschtungen, an e gemeinsamen Effort vun deenen déi schaffen, an deenen déi am Moment an der Pensioun sinn, dee Moment wou den Équiliber vun der Pensiounskees méi fragil gëtt.

De Verdéngscht vun deem Modell, dee mir entwéckelt hunn, ass, datt et en équilibréierten, net eesäitegen ass. Et kann een eesäiteg soen, nëmme Cotisatiounserhéijungen, wier an dëser Period zimlech fragwürdeg, wou d’Leit scho belaascht gi vun alle Säiten, oder e massiven Ofbau vun de Leeschtungen.

D’Gewerkschafte setzen éischter op de Recettevolet, an de Cotisatiounen. D’Patronen déi géifen am léifsten den Ajustement direkt ganz ofschafen, a wëllen iwwerhaapt keng Cotisatiounserhéijungen.

Dee Modell dee mir proposéieren, deen ass e gudde Kompromëss, an ass en équilibréierte Kompromëss, wou een déi, déi schaffen, an déi déi a Pensioun sinn, biet, invitéiert duerch en anert Verhalen deenen nächste Generatiounen hire Pensiounsregime ze erhalen.

Carole Schimmer: Den Ajustement bleift deen?

Mars Di Bartolomeo: Wa mir alleguer upaken, a wa mir bereet sinn elo ze handelen, wou et net deier gëtt, wou et verkraftbar gëtt, progressiv deen Équiliber hierzestellen, wou mir, wéi ech virdru gesot hunn, op déi puer Schrauwen ugewise sinn, wou mir och frou kënne sinn, fir dat Ganzt ofzefiederen, progressiv duerch déi héich Reserven déi mir hunn, a wou mir durch déi verschidde Schrëtt fäerdegbréngen innerhalb vun deenen nächste 40 Joer dee Regime méi staark ze équilibréieren.

Elo gëtt et der, déi am léifsten dee ganze System géife begruewen, a soen, hei déi do Approche, déi Dir hutt, ass déi falsch, gitt a Richtung Eegeverantwortung, jiddwereen ass fir sech verantwortlech, gitt a Richtung Kapitaliséierungssystem, wou jiddweree geméiss vu sengem Revenu Suen op d’Säit leet. Dat ass a mengen Aen no beim Dschungelgesetz. Do kann dee mam décke Portefeuille dee ka fir seng Zukunft suergen, an dee mam klenge Portefeuille, deen nëmme wéineg ka cotiséieren, an deen net vun der Solidaritéit, vum Ausgläich iwwer déi méi héich Revenuë profitéiert, dee gëtt aarm.

An eise System, deen heitege System, deen ëmmer als deiere System duergestallt gëtt, huet een Element dat onbezuelbar ass. Mir hunn e ganz nidderegen Taux vun Altersaarmut hei zu Lëtzebuerg.

De Pensiounssystem ass besonnesch a Krisenzäiten e wiesentleche Stabilisatiounsfacteur, well d’Kafkraaft vun deene Pensionéierten intakt ass. An do warnen ech ganz staark virdru fir Radikalléisungen ze huelen. Déi Radikalléisungen hätten och den Désavantage, datt dobaussen déi Betraffen dat ganz staark géifen ofleenen, a mir géife riskéieren fir am Endeffekt iwwerhaapt näischt ze hunn.

Hei soe mir, mir maachen eng Politik vun décidéierte Schrëtt, wou jiddweree muss matmaachen, mä mir erhalen dat Bewäertent, a mir halen d’Fundamenter vun deem solidaresche Regime.

Et gëtt ëmmer eenzel Elementer erausgepickt, an et gëtt vergiess, datt mir hei de grousse Verdéngscht hunn, eent vun deene wéinege Länner nach ze sinn, déi esou e System hunn, e generéise System. Ech verheemlechen Iech och net, datt hei zu Lëtzebuerg dat wat vum Regime ausbezuelt gëtt, vis-à-vis vun allen anere Länner, an ech ënnersträichen allen anere Länner, zwee Mol bis dräi Mol esou héich ass wéi an deenen anere Länner.

Dat heescht, et soll een hei net soen, datt ee sozialen Ofbau mécht. Hei maache mir sozial, mir maachen eng Consolidatioun vu sozialen Errungenschaften, déi net nëmme fir eis do sinn, mä och fir eis Kanner.

Carole Schimmer: Wéi héich ass den Taux de remplacement?

Mars Di Bartolomeo: Dat ass eng vun deene spannende Froen.

Mir hunn hei zu Lëtzebuerg, bei ganz klenge Revenuen hu mir en Taux de remplacement bis zu 105%. Dat heescht, et huet een eigentlech an der Pensioun méi wéi ee während sengem Beruffsliewen huet.

Bei mëttelere Revenuen läit den Taux de remplacement bei iwwer 80%, a bei méi héije Revenuen läit den Taux de remplacement, dat heescht de Vergläich wat een an der Pensioun kritt mat senger aktiver Lafbunn, ëmmer nach tëschent 60% a 70%.

Ech wëll just eng Kéier de Vergläich maachen zwëschent enger Duerchschnëttspensioun vun engem lëtzebuerger Résident, hei an dësem Fall e Mann, déi läit bei 3.100, an an Däitschland läit d’Duerchschnëttspensioun bei 900 Euro. Dat heescht, dat bestätegt dat, wat ech virdru gesot hunn, mol dräi.

A bei de Frae läit d’Duerchschnëttspensioun hei zu Lëtzebuerg bei em 2.400 Euro. Dat ass net drop zeréckzeféieren, datt elo d’Cotisatiounë vun de Frae manner wäert wieren, mä datt ganz vill Fraen haut nach nëmmen Deelcarrièren hunn, a Beruffsënnerbriechungen haten.

Carole Schimmer: Här Di Bartolomeo, Här Minister, et ass elo halwer, et ass Zäit fir en Noriichteniwwerbléck. No dëser Ënnerbriechung komme mir natierlech mat eisem Invité, dem Gesonheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo op d’Dossiere Renten- a Gesondheetsreform zeréck.

Här Minister, mir hunn, kuerz virun de Noriichten hu mir ganz vill iwwer d’Reform geschwat. Et sinn awer verschidde Konditiounen, déi néideg sinn, fir dës Reform kënnen ëmzesetzen.

Notamment ginn et ganz ënnerschiddlech Situatiounen, wéi déi méi eeler Mataarbechter, déi elo sollen am Fong méi laang schaffe goen. Do mussen d’Konditiounen awer och beim Patronat stëmmen. Wat wëllt Dir do iwwerhaapt elo an d’Weeër leeden?

Mars Di Bartolomeo: Dir hutt ganz Recht. Ech mengen, et ass kee Geheimnis, datt Aarbecht an Aarbecht zweeërlee ass, an datt een Aarbechten huet, wou ee mat Freed ganz laang ka maachen, an datt et aner Aarbechte gëtt, déi de Kierper, an och aner Saache vill méi schnell uséieren, an deem muss een och Rechnung droen.

Fir d’éischt emol ass et eng Viraussetzung, datt déi hei Équatioun, Liewenserwaardung a Beruffscarrière harmoniséieren, datt jiddweree matspillt, also och d’Betriber, an datt verhënnert gëtt, datt eenzel Betriber hir eeler Mataarbechter quasi encouragéieren, esou fréi wéi méiglech ze goen. Dat ass aus enger Rei vun Ursaachen néideg, och am Intérêt vun de Betriber.

An deenen nächste Joere wäerten hei zu Lëtzebuerg duebel esou vill Leit an d’Pensioun goen, an da riskéieren d’Betriber wichteg, gutt Mataarbechter ze verléieren. An duefir musse se elo virsuergen, fir datt d’Leit an de Betriber, an der Aarbecht och gutt alteren, an datt d’Aarbecht net futti mécht.

Duefir wëll d’Regierung, zesumme mat de Sozialpartner, och mat de Betriber, e regelrechte Pacte pour l’emploi des seniors (ënnerbrach)

Carole Schimmer: E verbindleche Pakt?

Mars Di Bartolomeo: E verbindleche Pakt! Et kann net sinn, datt een nëmme léif doriwwer schwätzt, mä datt ee sech Objektiver setzt, an datt ee sech och e Mechanismus gëtt, wéi een dat mécht, fir datt een also d’Leit esou laang wéi dat méiglech ass, ënnert gudde Konditioune kann an de Betriber halen

Carole Schimmer: Wéi kann ee sech dat virstellen?

Mars Di Bartolomeo: Ma relativ einfach. Et gëtt aner Sujeten, déi am Sozialdialog systematesch musse beréiert ginn, dat hei wäert an Zukunft och ee vun deene sinn, déi esou schnell wéi méiglech och systematesch mussen duerchdiskutéiert ginn, mat Accorden.

Ech ka mir duerchaus virstellen, datt mir en Accord, e bindenden Accord, deen d’Obligation générale gëtt zwëschent Regierung an de Sozialpartner, ofschléissen, wou a regelméissegen Ofstänn d’Sozialpartner an de Betriber d’Analys maache vun der Problematik vun den eelere Mataarbechter, an och zesumme Moossnamen décidéieren, fir déi Konditiounen esou gutt wéi méiglech ze maachen. Dat ass deen ee Volet.

Deen zweete Volet, dat ass datt dee Projet de loi, wann en dann elo definitiv fäerdeg ass, an en ass kuerz virdrun, och virgesäit, datt een d’Vereinbarkeet zwëschent Pensioun, Deelpensioun, Schaffen, Deelschaffe verbessert, een och wann een a Pensioun ass, ënnert bessere Konditiounen och nach en Deeljob ka maachen, och d’Wiel kann hunn e gewëssene Prozentsaz nach weider ze schaffen, an e gewëssene Prozentsaz an der Pensioun ze hunn.

A parallel zu deem hei Projet wäerte mir och Verbesserungen bei deem sougenannte Reklassementsgesetz bréngen, dat et soll erméiglechen, Leit déi hir lescht Aarbecht net méi kënne maachen, opzefänken, Aménagementer am Betrib am léifsten. Wann dat net de Fall ass, iwwer extern Reklassementer, se weider forméieren, fir kënne weider ze schaffen an eventuell engem anere Betrib, an hinne regelrecht de Statut vum Reklassement assuréieren. D’Instructioun vun deem Projet wäert quasi parallel zu der Rentereform lafen.

Mir sinn eis wierklech bewosst, datt een net all Aarbecht kann iwwer ee Leescht zéien, an datt een do flexibel, nei Mechanismen, an nei Offere muss kënne maachen, fir datt déi hei Rechnung opgeet.

Carole Schimmer: Dir sot, e Recht drop hu fir méi laang schaffen ze goen soll et ginn, an Ären Aen, Här Di Bartolomeo, zum Beispill och hallefdaags.

Soll dat dann e Choix si vum Salarié, oder kann deen och dozou gezwonge ginn, wéi dat zum Beispill an den USA ass?

Mars Di Bartolomeo: Also ech gesinn dat net als Zwang, ech gesinn dat éischter als Offer (ënnerbrach)

Carole Schimmer: Gëtt et e Recht?

Mars Di Bartolomeo: Recht ass ëmmer eppes Relatives. Wann een e Recht mécht, da gëtt et och erëm en Zwang op enger anerer Säit, dann ass et net den Zwang fir de Salarié, mä dann ass et den Zwang fir de Betrib.

Ech mengen, datt dat eng Optioun muss sinn, wann et am Intérêt vum Salarié ass, a wann et am Intérêt och vum Betrib ass.

Mir hunn där do Formelen. An der Fonction publique gëtt et e conditionéiert Recht. An ech mengen, datt een an déi Richtung och soll weider iwwerleeën, datt ee conditionéiert Rechter mécht, wann een duerch esou Formelen net verhënnert, datt jonk Leit an d’Betriber erakommen, a wann een net dem Betrib oniwwerbréckbar Schwieregkeeten doduerch schaaft. Mä dat ass, mengen ech, den Inhalt vun esou engem Pacte pour l’emploi des seniors. E Pakt fir d’Beschäftegung vun deenen, d’Förderung vun der Beschäftegung vun deenen eelere Mataarbechter.

Ech megen, datt déi Iwwerleeungen, déi mir haut féieren iwwer d’aktiv Carrière, e bëssen tronquéiert sinn doduerch, datt mir eis eigentlech zënter der Stolkris an de 1970er, 1980er Joeren, un eppes gewinnt hunn, wat fréier net de Fall war.

An der Stolkris ass d’Prépensioun agefouert ginn. Net elo fir onbedéngt de Pensiounsalter erofzedrécken, mä fir ze verhënneren, datt et zu Massenentloossunge komm ass (ënnerbrach)

Carole Schimmer: Dat heescht, et war eng Beschäftegungsmoossnam.

Mars Di Bartolomeo: Et war eng Moossnam fir d’Leit net op d’Strooss ze setzen, fir se an engem Zwëscheregime ze halen, zwëschent Pensioun an Aktivitéit.

A bei der Prépensioun ass och weider cotiséiert ginn. D’Leit sinn zwar mat 57 an d’Pensioun gaangen, mä et ass nach während dräi Joer weider cotiséiert ginn.

A komescherweis, wéi d’Stolkris eriwwer war, an d’Wirtschaft erëm ugezunn huet, a mir vill nei Aarbechtsplaze geschaaft hunn, ass am Kapp hänke bliwwen, als iewëscht Zil, datt ee misst kënne mat 57, oder spéitstens mat 60 an d’Pensioun goen. Dat huet sech bei eis festgesat, dat war awer sengerzäit net d’Zil dovunner.

A wann een haut mat Realitéite confrontéiert gëtt, wat jo gutt Realitéite sinn, wéi zum Beispill, datt de Mënsch anescht, wéi déi Zäit wou de Pensiounssystem geschaf ginn ass, wou e 60 Joer al ginn ass, der haut 80, 85 oder esouguer 90 al gëtt, da muss ee soen, majo dat do si Realitéiten, op déi sech och e Pensiounssystem muss astellen. Wann een dat niéiert, mécht een eigentlech dat Wäertvollt kabott.

An ech muss Iech soen, datt wann een herno 25 oder 30 Joer nach huet no der Pensioun, datt et menger Meenung no och schwéier virstellbar ass, datt een déi 30 Joer an enger gewëssener Inaktivitéit huet, besonnesch dann, wann een nach ënner gudde Konditioune ka schaffen.

Carole Schimmer: Eng Préretraite progressive, dat gëtt et eigentlech haut, si gëtt awer net dacks gefrot, 21 Demande gouf et, krut ech gesot. Firwat hat dat da kee Succès?

Mars Di Bartolomeo: Well d’Konditioune ganz restriktiv waren, an dat muss een op de Leescht huelen.

Dat ass eng gutt Optioun, déi Préretraite progressive, well se den Avantage huet, datt een an der Aarbecht ka bleiwen, datt ee weider cotiséiert, datt een en Deel méi Fräizäit huet.

Et ass eigentlech eng ganz flexibel Approche, déi komescherweis net esou promovéiert ginn ass, et ass en Emploi compensatoire och gefrot ginn.

Menger Meenung no muss een déi do, an ech sinn och do eens mat mengem Kolleg a Frënd dem Aarbechtsminister, datt mir déi do Saachen och sollen op de Leescht huelen, an do nei Perspektive solle schafen.

Ech wollt awer just vläicht, well mir riskéiere soss dat ze vergiessen, drop hiweisen, datt déi Reform och eng ganz Rei vu ganz positiven Elementer beinhalt, wéi zum Beispill d’Förderung vu komplette Versécherungszäiten.

Déi Reform hei gesäit vir, datt een d’Leit déi de Beruff ënnerbriechen, sief dat fir weider ze studéieren, sief dat fir sech em d’Famill an em d’Kanner ze këmmeren, ob dat de Mann oder d’Fra ass, fir deene weider Cotisatiounë vill méi liicht ze maachen, doduerch datt ee mam Minimum cotisable erofgeet, esou wéi mir dat schonn an der Beschäftegung gemaach hunn, wou Leit déi mindestens 64 Stonnen de Mount schaffen, kënnen op deem Drëttel vum Mindestloun cotiséieren.

Dat wëlle mir och an Zukunft opmaache fir Leit, déi aus gudde Grënn eng Beruffsënnerbriechung maachen(ënnerbrach)

Carole Schimmer: Fir d’Erzéiung vun hire Kanner, oder fir (ënnerbrach)

Mars Di Bartolomeo: Fir d’Erzéiung vun hire Kanner, fir (ënnerbrach)

Carole Schimmer: fir ze studéieren.

Mars Di Bartolomeo: Fir ze studéieren, oder fir weider ze studéieren, fir eng Année sabatique ze maachen. An dat ass, mengen ech, ee vun deene staarken Elementer, déi am Projet dra sinn.

Wéi gesot, besser Kombinatioun vun deene verschiddenen Episoden am Liewen, schaffen, Pensioun, an, an, an.

Mir mengen, datt ënnert dem Stréch dat hei ee ganz gudden Équiliber ass, mir och déi hei Reform net an enger Katastrophesituatioun maachen, mä an enger Situatioun, wou de Gesondheetszoustand vum Pensiounssystem gutt ass, a mir duefir déi Reform mat vernünftege Moyenë kënnen offiederen, an e gudde Mix kënne maache fir datt keen iwwerfuedert gëtt.

Wa mir waarden, wa mir elo déi Reform hei géife schlecht maachen, oder mir géife probéiere fir se ofzeschéissen, entweder well se ze wäit geet, oder well se net wäit genuch geet, wa mir se géifen ofschéissen, da kann ech soen, datt déi Rechnung déi mir muer ze bezuelen hunn, vill, vill méi gesalz gëtt.

An à supposer datt mir iwwerhaapt näischt géife fäerdegbréngen, da wieren et déi, déi no eis kommen, also eis Kanner, déi e grujelege Präis duefir géife bezuelen.

Duefir sinn ech vun där Reform hei ganz iwwerzeegt. A vu sozialem Ofbau ze schwätzen, dat ass d’Situatioun verkennen.

Näischt maachen, géif heeschen de sozialen Ofbau virprogramméieren!

Carole Schimmer: Dir sot, sozialen Ofbau. Trotz allem, an der Vergaangenheet gouf et Hongersrenten. Ass déi Situatioun elo total ausgeschloss an Zukunft, oder net?

Mars Di Bartolomeo: Also, jiddwerfalls schaaft deen hei Projet keng Hongerrenten. Ech hu virdru gesot, déi kleng Rente ginn integral ofgeséchert.

Déi successiv Reformen, déi mir gemaach hunn an deene leschte Joerzéngten, hunn dozou bäigedroen, datt bei eis d’Mindestrent esou héich ass, wéi an anere Länner d’Duerchschnëttspensiounen, an esouguer an eenzelne Fäll bal duebel esou héich ass wéi an eisen Nopeschlänner d’Duerchschnëttspensiounen.

Mir mussen ëmmer en A drop behalen op déi méi atypesch Situatiounen, mir mussen en A drop behalen op déi Schwaach.

Genee dat ass de Verdéngscht vun eisem Pensiounssystem, deen op Solidaritéit opgebaut ass. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg déi nidderegst Altersaarmut iwwerhaapt ronderëm, an an der europäescher Zon.

Wann een de System wéilt ëmkrempelen a Richtung Kapitaliséierung, da wiere mir sécher, a ganz séier bei deene Länner, déi vill méi en héijen Taux vun Altersaarmut hunn. An dat wëlle mir net.

Carole Schimmer: Stéchwuert Fleegeversécherung.

Dir sitt als Gesondheetsminister och zoustänneg fir dee Volet. D’Populatioun gëtt méi al, an d’Dépensë ginn do natierlech an d’Luucht. Fir d’nächst Joer, krut ech gesot, géif et en Déficit nees ginn. Sollen do d’Cotisatiounen an d’Luucht goen?

Mars Di Bartolomeo: Neen, d’Cotisatiounë wäerten net an d’Luucht goen.

Dir wësst, datt mir bei där leschter méi problematescher Situatioun bei de Staatsfinanzen am Joer 2005, 2006 décidéiert hate fir d’staatlech Participatioun ze blockéieren op 140 Milliounen. Doduerch ass an deene leschte Joeren d’staatlech Participatioun em 30% erofgaangen.

Mir hunn dës Kéier, am Budget 2012, an och am Budget 2013, décidéiert, datt d’staatlech Participatioun progressiv an zwou Étappen erëm op 40% geet.(ënnerbrach)

Carole Schimmer: Geet dann duer fir d’nächst Joer?

Mars Di Bartolomeo: Dat heescht, dat heescht, datt an zwou Étappen d’staatlech Participatioun tëschent 70 an 80 Millioune klëmmt.

Mir haten am leschte Joer en Deficit vun em 20, 25 Milliounen. Doduerch datt de Staat de Motor erëm asprange léisst, si mir fir eng Rei vu Joeren am Dréchenen.

Dat hënnert awer net drun, datt mir och eis Fleegeversécherung musse kritesch hannerfroen. Dat ass eng phantastesch Reform gewiescht, déi d’Mady Delvaux virun 13 Joer entaméiert huet. Wa mir se net hätten, misste mir se erfannen. Mir gehéieren zu deene 6 Länner, déi se hunn, mä mir mussen dat Wäertvollt versuergen.

Duefir no der Unfallreform, déi mir gutt hannerun eis bruecht hunn, no der Schafung vum Statut unique, no der Gesondheetsreform, déi mir och gutt iwwer d’Bühn bruecht hunn, no der Pensiounsreform, wou mir elo am Moment amgaange sinn, pake mir d’Fleegeversécherung un, fir déi och fir déi nächst Generatioun ze pérenniséieren. An do, mengen ech, dat ass deen nächste Chantier, deen op eis waart.

Mäin Zil ass, datt wann ech, wa mir bis 2014 ukomm sinn, datt mir déi grouss Pilierë vun der Sozialpolitik esou wäit wéi méiglech krisefest gemaach hunn.

Carole Schimmer: Et war elo d’Tripartite, oder et sollt Tripartite, eng Tripartiteréunioun sinn, déi ass geplatzt,

De Sozialdialog ass zu Lëtzebuerg, wéi et schéngt, net méi méiglech. Ass e Sozialdialog an der aktueller Situatioun an Ären Aen effektiv net méiglech, oder hänkt et of vu verschiddene Perséinlechkeeten?

Mars Di Bartolomeo: Also, ech mengen, datt et eng Katastroph wier, datt een, wann een elo gesäit, datt eng Tripartite net zu deene Resultater komm ass, déi wënschenswäert gewiescht wieren, datt een da scho vun engem Begriefnes vum lëtzebuerger Modell, oder vun engem Begriefnes vum Sozialdialog schwätzt. Dat ass eng komplett falsch Duerstellung, well och wann ee separat matenee schwätzt, ass ëmmer een do deen nolauschtert. A wann een do ass deen nolauschtert, an dësem Fall d’Regierung, da bréngt en et och fäerdeg fir équilibréiert Propositiounen ze maachen.

Mir sollen alles maache fir d’Partner erëm un en Dësch ze kréien. Hei ass eng Épisode, déi schwiereg ass, well dat Ëmfanne vun der Kris vläicht och net bei jiddwerengem nach d’selwecht assDeemools wéi mir den Tripartitesmodell erfonnt hunn, do ware mir wierklech a ganz, ganz, ganz schlechten Dicher, a jiddwereen huet dat deemools matkritt gehat.

D’Stolindustrie ass deemools d’Baach erofgaangen, 10.000de ware virun dem Näischt, an do ass, sinn esou Solutiounen da méi liicht gaangen.

Haut ass, an der Interpretatioun vun der Situatioun gëtt et Divergenzen, an do muss d’Regierung hir Verantwortung iwwerhuelen, iwwerhëlt d’Regierung hir Verantwortung!

An ech wëll emol eng Kéier wierklech ganz kloer soen, datt ënnert dëser Regierung eng Rei vun fundamentale Strukturreformen ugepaakt ginn, déi vun anere Politiker, déi haut virun allem quaken, net ugepaakt gi sinn.

Just wa mir nach eng Kéier zu der Pensiounsreform (ënnerbrach)

Carole Schimmer: Den Index och, oder gëtt den Index an Ären Aen dann och elo reforméiert, et gëtt geschwat vum Wuerekuerf?

Mars Di Bartolomeo: Den Index gëtt ofgeséchert. Ech mengen, wann ee vum Index, wann een elo iwwer (ënnerbrach)

Carole Schimmer: Mä wann een un de Wuerekuerf geet, ass dat dann net eng fundamental Ännerung?

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, wann een driwwer nodenkt, a proposéiert fir zum Beispill d’Zigaretten an den haarden Alkohol net méi ze répercutéieren (ënnerbrach)

Carole Schimmer: An d’Pëtrolspräisser?

Mars Di Bartolomeo: Dat ass eng Discussioun déi eréischt kënnt. Wann een doriwwer nodenkt, dann huet een den Index net a Fro gestallt.

Wann ech déi Propositiounen huelen, déi d’Regierung haut gemaach huet, gëschter gemaach huet, dann ass dat eng Ofsécherung vun der Indexéierung.

Et ass festgehalen, datt am Joer maximal eng Indextranche soll ausbezuelt ginn, innerhalb vun enger minimaler Frist vun engem Joer, ma dat ass d’Ofsécherung vun der Adaptatioun vun der Kafkraaft. Dat gëtt et ausser an der Belsch a kaum engem aneren europäesche Land.

A während eng ganz Rei vu Lobbyen fuerderen, datt mir deen Index begruewen, huet d’Regierung eng ganz kloer, e ganz kloert Bekenntnis zu der Indexéierung gemaach.

Gutt, mir hunn duefir Suerg gedroen, datt net zwou oder dräi Indextranchen an engem Joer géifen erfalen, well dat den Indexsystem géif futti maachen, dee Moment, wann dat an enger Krisesituatioun de Fall war.

Mä déi Solutioun, déi mir hei proposéieren, ass équilibréiert duerch eng Rei vu Sozialmoossnamen, déi do doniewent geholl ginn, an eng Rei vu Bewegungen, déi d’Regierung a Richtung vu méi désavantagéierte Populatiounsschichte mécht.

Duefir an dëser Situatioun der Regierung ze ënnerstellen, si wéilt den Index ofschafen, oder si wéilt e bis zur Onkenntlechkeet manipuléieren, dat ass eng ganz speziell Vue vun der Situatioun, an do mengen ech, gesäit ee net méi wéi iwwer seng Nuesspëtz eraus. Mir hunn hei en Équiliber (ënnerbrach)

Carole Schimmer: Géing d’LSAP dat do och soen?

Mars Di Bartolomeo: Ma zu wat fir enger Partei gehéieren ech? Ech mengen (ënnerbrach)

Carole Schimmer: Et goufen awer ganz vill Discussiounen bannent der LSAP.

Mars Di Bartolomeo: De Journalist an de Politiker hunn eppes heiansdo gemeinsam. Wa se de Choix hunn zwëschent engem negative Volet an engem positive Volet, dann hu se éischter d’Tendenz fir sech op deen negative Volet ze fokaliséieren, an dat Positivt un der Saach schlecht ze rieden.

Ech muss Iech soen, datt wann een an enger Krisesituatioun ass, datt een eng verdammte Flicht huet fir seng Staatsfinanzen an der Rei ze behalen, well wa mir schwindsüchteg Staatsfinanzen hunn, da kënne mir net méi zwou Milliarden an d’Sozialpolitik stiechen. Zwou Milliarde ginn an d’Sécurité sociale, insgesamt 4 Milliarden an dee ganze Sozialvolet. Duefir hu mir Intérêt fir den Équiliber, hu mir Intérêt fir den Équiliber ze halen.

A wann eng Économie an der Kris ass, ma da musse mir kucken, datt déi Éonomie aus der Kris erauskënnt, well an enger éischter Phas kann ee soen, dat geet eis näischt un, mä an enger zweeter Phas falen Aarbechtsplazen, an da bezuele mir erëm eng Kéier duebel.

Duefir, et ass jo ëmmer gesot ginn, d’Regierung soll hir Verantwortung iwwerhuelen.

Ech kennen, an ech beobachten déi politesch Szen elo zënter iwwer 35 Joer, als Journalist an als selwer Politiker. Ech ka mech net erënneren, datt, ausser an där Period wou mir mëtten an der Stolkris waren, eng aner Regierung esou vill Verantwortung, an esou vill Reformbereetschaft gewisen huet, wéi déi hei.

An et geet eis net drëm mat Reforme Saachen ofzebauen, mä et geet eis drëm fir Saachen, un deene mir hänken, ze consolidéieren. Wa mir eis net drëm bekëmmeren, gi se futti. Mir kënnen et da vläicht nach een, oder zwee, oder dräi Joer aushalen, mä da geet et d’Baach erof. An ech wëll net zu deene Politiker gehéieren, déi Bewäertes zu Graf droen.

Carole Schimmer: Et bleiwen eis nach e puer Minutten. Dir hutt elo vu Reforme geschwat. Eng grouss Reform war d’Gesondheetsreform, déi dëst Joer a Kraaft getrueden ass. Et bleiwen awer nach Chantieren op.

Wou läit den Dossier vum Patientendossier? Wou läit eigentlech deen Accord em de Referenzdokter, wou si mir do drun?

Mars Di Bartolomeo: Ma jo, dat ass eng ganz gutt Fro.

Mir hunn an deem leschte Joer wierklech extrem vill geschafft fir kënnen déi Reform ze beliewen.

Alleguer déi Reglementer, déi mir brauchen, fir zum Beispill d’Comptabilité analytique an de Spidäler, fir zum Beispill eng besser Dokumentatioun vun der Activité médicale, fir zum Beispill d’Schafung vun der Agence, déi de Patientendossier mat soll opbauen, fir zum Beispill d’Substitutioun an eenzelne ganz spezifesche Fäll vun de Medikamenter zu Gonschte vun deem gläichwäertegen, a méi bëllege Medikament, wéi zum Beispill dat Konventionellt fir d’Schafung vum Nofolger, oder vum Guet vum Hausdokter, all dat kënne mir ofhaken.

Virgëschter ass an der Gesondheetskees zwëschent den Dokteren an der Gesondheetskees d’Konventioun ënnerschriwwe ginn, déi et soll erméiglechen fir direkt am Ufank vum Joer de Referenzdokter ulafen ze loossen, mat senger Missioun fir de Patient ze guidéieren, mat senger Missioun fir bei der Präventioun kënnen de Patient ze begleeden, mat senger Missioun fir e gudden Iwwerbléck iwwer de gesamte Patient, an net nëmmen en Deel vum Patient ze maachen.

Dat heescht, all dat wat mir eis virgeholl hunn, hu mir schéin een nom aneren, am Konsens, am Konsens, konnten ofhaken.

Eng Reform schreiwen ass eppes, eng Reform ëmsetzen ass eppes aneschtes. A mir maachen dat schéin nom Mëllerprinzip, eent nom aneren. An do si mir an eisem Timing dran.

Carole Schimmer: Den Dossier vum Referenzdokter, Dir hutt et gesot, do ass en Accord elo komm.

Ass dat dann an Zukunft net eng Zort Gatekeeper, wéi d’Patientevertriedung dat eventuell gefaart huet?

Mars Di Bartolomeo: Déi Discussioun ass jo bei der Reform gefouert ginn, an déi ass tranchéiert ginn.

Hei ass keen Zwangscharakter dobäi, et ass eng fräiwëlleg Wiel. Dat Ganzt ass op Fräiwëllegkeet opgebaut, an an deenen Discussiounen, déi an der Gesondheetskees gefouert gi sinn, zwëschent de Sozialpartner, ass dat och nach eng Kéier bestätegt gi vun alle Säiten. Hei ass e Vertrauensdokter. Ech hunn dee Begrëff léiwer wéi Referenzdokter.

Vu Gatekeeper hunn ech ni geschwat, dat ass eng Discussioun am Ufank vun der Gesondheetsreform gewiescht, mä déi ass an de Verhandlungen, an den ëffentlechen Discussioune ganz kloer tranchéiert ginn. Et kann een natierlech och ëmmer erëm op d’Case départ zeréckkommen, mä dat hei war tranchéiert.

An ech denken och net drun, fir d’Patienten an e Schema ze zwéngen, deen e net wëllt.

Carole Schimmer: An eng traditionnel Fro zum Schluss vun dëser Émissioun. Eng Décisioun déi scho laang am Ausland getraff gouf, ass déi vum Fëmmverbuet och an de Caféen. Eppes wat Dir och wëllt hei zu Lëtzebuerg maachen. Wou si mir do drun?

Mars Di Bartolomeo: Ma ech sinn amgaangen un dem Avant-projet ze schaffen. Ech hat gesot, datt ech dat bis Enn dës Joers, uganks Joer géif finaliséieren. Ech hunn déi nächst Woch nach Gespréicher mat dem Secteur geplangt, an da wäert ech am Ufank vum Joer de Regierungspartner, der Regierung meng Propositioune virleeën.

Ech kann Iech garantéieren, datt de Schutz vun deenen, déi net mat wëlle fëmmen, ganz zolit verbessert gëtt.

Carole Schimmer: Vum nächste Joer un, oder vu wéini un, en Datum?

Mars Di Bartolomeo: Dir wësst, datt mir hei d’Chance hunn an enger richteger Demokratie ze liewen.

Wat de Minister wëllt dat ass eng Saach, wat en als Propositioun mécht dat ass eng aner Saach. Mir brauchen awer d’Parlament fir dat an d’Praxis ëmzesetzen. An ech wëll mech net dem Parlament substituéieren. Dat heescht, d’Parlament hëlt sech déi Zäit, déi et brauch fir iwwer dee Projet ze décidéieren. Ech hoffen, datt dat am Laf vum nächste Joer ka Realitéit ginn.

Carole Schimmer: Här Minister, Här Di Bartolomeo, dës Émissioun "Riicht eraus" ass elo eriwwer. Ech huelen un, datt Dir elo awer e bësse Vankanze maacht, oder op d’mannst e puer Deeg Rou hutt, iert Dir de Projet de loi iwwer d’Rentereform kënnt déponéieren. Ech op alle Fall, ech wënschen Iech ganz schéi Feierdeeg

Mars Di Bartolomeo: Jo, ech wënschen Iech dat selwecht, an ech wënschen all deenen, déi eis nogelauschtert hunn, flott Feierdeeg a virun allem eng gutt Gesondheet.

Dernière mise à jour