Mars Di Bartolomeo, invité de l'émission "Background am Gespréich"

Guy Kaiser: De Mars Di Bartolomeo hat scho viru Méint Pisten opgezeechent wéi eise Pensiounssystem kéint reforméiert ginn. D'Reform ass absolut noutwenneg well a knapp 10 Joer fänken d'Reserven un zeréckzegoen. Ënnert dem Stréch koum eraus, am Schnëtt 3 Joer méi laang schaffe goen oder 15% abéissen. De Minister huet sech géint dës journalistesch Ofkierzung gewiert a mat Pensioun à la carte geäntwert. Mir dinn also eis Zerwéit un a loossen eis déi nächst 60 Minutten opdëschen. Fir d'éischt awer kënnt d'Entrée mam Iwwerbléck vun der Aktualitéit.

[Noriichteniwwerbléck]

Guy Kaiser: De Sozialminister Mars Di Bartolomeo huet am Pensiounsdëppe bal 11 Milliarde Reserven, onmoosseg vill Suen, well dës Reserve bedeit, och wa mir vun elo un alleguerten zesummen keen eenzege Cent méi kotiséieren, géingen déi Suen iwwer 3,5 Joer laang duergoen fir d'Pensiounen ze bezuelen. An awer muss reforméiert ginn, well d'IGSS huet scho viru Joren ausgerechent, datt dës Reserve a spéitstens 10 Joer ufänkt zeréckzegoen. Dem Minister säi Projet huet gëschter de Regierungsrot passéiert, an ass elo eisen Invité. Mars Di Bartolomeo ee schéine gudde Mëtteg.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Guy Kaiser: Ier mir an d'Pensioun sprangen, fir d'éischt awer e puer Wuert iwwer dat wat an de leschten Deeg a Wochen tëschent de Sozialpartner geschitt ass. Aus der Tripartite gouf eng elo genannt Unipartite. Jo net grad een Erfolleg fir de Lëtzebuerger Modell?

Mars Di Bartolomeo: Jo ech hätt mir jo och gewënscht, datt mir an der Traditioun, joerzéngtelaanger Traditioun vum Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog, vun dem Tripartitegedanke bliwwe wären, mä esou Episoden wéi mir der elo erlieft hunn, kënnen et ëmmer ginn. Déi déi doduerch den Tripartitemodell, de Lëtzebuerger Modell wëllen doutrieden, déi leie falsch. De Lëtzebuerger Modell, de Sozialdialog ass net dout, e gëtt net zu Graf gedroen, well och an deene leschte Wochen, wann déi dräi net ëmmer zesummesouzen, ass vill mateneen diskutéiert ginn. Vun der Regierung mat deenen zwee Sozialpartner.

Guy Kaiser: Mä awer déi 3 zesummen, dat geet net. Fir mech ass et e bësselchen d'Confirmatioun wéi wann dach de Sozialdialog zu Lëtzebuerg op den Hond komm wär. Ech huelen d'Beispill wat d'Gewerkschaften onbedéngt gären hätten, dat ass eng Reform vum Delegatiounsgesetz an dat wat ee gelies huet, wat d'Patronat jo gären hätt, komm mir paken dat Gesetz iwwerhaapt net un an ech mengen do ginn et awer scho staark Reiwungsmomenter.

Mars Di Bartolomeo: Jo et gi staark Differenzen, mä ech muss Iech soen Sozialdialog heescht jo net nëmme schwätzen, mä heescht och nolauschteren. An d'Regierung huet hei nogelauschtert. Déi zwee Partner aus der Regierung hunn an deene leschten Deeg extrem vill mateneen diskutéiert. Déi Solutiounen déi elo op den Dësch komm sinn, déi sinn net vum Himmel erofgefall, mä déi sinn no laangen Diskussiounen erauskomm. Dat ass och net, datt een elo den Zauberstaf geholl hätt an dann eng Äntwert op den Net-Dialog fonnt hätt. Dat ass fir d'éischt nogelauschtert ginn, dat mateneen diskutéiert a wéi dat fir ee gudden Arbiter de Fall ass, ass hei eng equilibréiert Propositioun erauskomm. Och wann elo net 3 Ënnerschrëften dorop stinn, dann ass awer, huet deen Drëtten deenen zwee aneren nogelauschtert an eppes op den Dësch geluet, wat vläicht net jiddwereen zefriddestellt, mä awer eng adequat Äntwert ass op eng Situatioun wou ronderëm alles, villes zesummebrécht a wou mir net esou kënne maachen, datt mir einfach de Kapp an de Sand stiechen an da mengen d'Karawan géif laanschtzéien. Mir hunn hei ee ganz serieuxe Problem um internationale Plang a mir hunn ee serieuxe Problem um Lëtzebuerger Plang. An do huet d'Regierung couragéiert Äntwerte ginn, nodeems si nogelauschtert huet.

Guy Kaiser: D'Regierung huet also alleng tranchéiert, dobäi si jo och e puer Saachen erausgefall, déi de Gesondheetsminister an dat sidd Dir jo reng zoufälleg och, sinn där Saachen erauskomm. Ech perséinlech hu musse schmunzelen am Ufank, wéi ech de Staatsminister héieren hunn d'Beispill vun den Zahnspangen fir Kanner ze erklären. Ech duecht mir, hu mir a Krisenzäite soss keng Problemer. Duerno gouf ech enges bessere beléiert, et géifen effektiv Problemer bestoe mat en Zänn am allgemengen an zwar bei Leit déi sozial méi schwaach stinn. Ass dat esou?

Mars Di Bartolomeo: Dir wësst, datt ech zanter Joere mech dofir asetzen, datt et an eenzelne Beräicher vun der Zännmedezin zu Verbesserunge kënnt. Dat ass ee relativ schwieregen Dossier, well een op eenzelne Plazen net déi Expertise huet déi ee brauch. Hei ass zwëschen de Sozialpartner diskutéiert ginn. Et ass an deene leschte Joeren näischt op den Dësch komm. Mir hunn doriwwer diskutéiert, datt bei eenzelnen Zännleeschtungen Leit mat bescheidenen Akommessen iwwerfuerdert ginn, wann ee Kand zum Beispill eng Zahnspang brauch. Do geet et bei d'Gromperen wat d'Eegebedeelegung ugeet. Et gëtt nach där Zännleeschtungen déi mir mussen upassen.

Guy Kaiser: Ma dat do kascht awer d'Gesondheetskeess nees vill Geld.

Mars Di Bartolomeo: Ebe just do huet de Gesondheets- a Sozialminister seng Roll och gespillt. Ech hu gesot, et kann net sinn, datt wa mir elo an dëser Situatioun, am Zesummenhang mat Index an Ausgläichleeschtungen, datt mir net kënnen d'Gesondheetskeess belaaschten, datt mir géife riskéieren erëm Beitragserhéijungen ze maachen, respektiv, datt fir déi eng Leeschtungsverbesserungen mir missten op där anerer Säit Leeschtungsverschlechterunge maachen. Do hunn ech drop insistéiert, datt et hei zu engem alternative Finanzement kënnt, sief dat iwwert d'Schafung vun engem Gesondheetsfong, wou Gelder aus gesondheetsschiedlege Gidder erafléissen, sief dat, datt duerch Taxenerhéijungen op gesondheetsschiedlege Gidder dat fir d'éischt an de Budget fléisst an dat un d'Gesondheetskeess weider

Guy Kaiser: Méi selektiv gitt Dir net vir, fir de Leit ze hëllefen?

Mars Di Bartolomeo: Also wësst Dir, hei ass elo de Prinzip a Bëtong gegoss. D'Sozialpartner wäerten zesumme mam Staatsvertrieder, dee jo iwwert d'Regierung jo elo nogeluecht kritt huet, fir an déi dote Richtung matzegoen, wäert déi genee Modalitéite klären. Selektivitéit gëtt et jo vum ekonomesche Plang gesinn, gëtt et awer och ob een eppes aus wierklech Gesondheetsgrënn brauch oder ob een eppes aus Schéinheetsgrënn brauch. Also eng gewësse Selektivitéit wäert do erakommen. Ech wëll awer soen, datt mir och wäerten oppasse wéi bei anere Leeschtungen, datt wa mir hei de Remboursement, also d'Réckbezuelen zugonschte vun de Patiente verbesseren, datt déi Verbesserungen net däerfen an deene falschen Täsche landen. Dat heescht, datt dat automatesch zu Tariferhéijunge géif féieren, och do musse mir also sécheren, datt, ofsécheren, datt net d'Tariffer gläichzäiteg steigen.

Mars Di Bartolomeo: Ech kennen eppes do dervun, well meng Kanner waren och an der Situatioun an dat do ass ee Beräich, beispillsweis Zahnspangen, wou Dir e bësse geschmunzelt hutt, wou d'Präisser wierklech bei Eenzelnen explodéiert sinn an engem Rhythmus deen net novollzéibar ass an do musse mir Fouss beim Mol halen.

Guy Kaiser: Ech muss nach bei eppes Aneres schmunzelen Här Di Bartolomeo, wann Dir vu gesondheetsschiedlege Gidder schwätzt. Ech mengen ze wësse wat Dir domatter mengt, Alkohol an Tubak an déi komme jo aus dem Indexwuerekuerf eraus. Dat heescht mir kréien endlech eng Zort Gesondheetsindex à la belge. Grad beim Tubak wäert Dir jo net traureg sinn.

Mars Di Bartolomeo: Nee ech sinn net traureg an ech si virun allem frou, datt de Premier dat doten ugekënnegt huet, datt een en Effekt vu Präiserhéijungen um Tubak am Index neutraliséiert. Wann dat vum Premier kënnt an de Premier seet, datt dat doten net aus ekonomeschen Ursaache gemaach gëtt, mä aus gesondheetspoliteschen Iwwerleeungen, da gesitt Dir datt de Premier heiansdo, oft op säi Medicus lauschtert.

Guy Kaiser: An elo zu der Fro vum Dag, wéi laang hutt Dir nach ze goe bis an d'Pensioun?

Mars Di Bartolomeo: Ma ech hunn nach vill Aarbecht viru mir. Et gëtt jo ëmmer gesot, datt déi Regierung keng Strukturreforme mécht. Wann ech elo just mäi Beräich kucken, dann hu mir an deene leschte Joren déi Klengegkeet vum Eenheetsstatut fäerdeg bruecht, wou eenzel aner Länner dreeme fir esou eppes kënnen ze maachen. Mir hunn et realiséiert, mir kommen herno vläicht nach an engem Saz dorop zréck. Well mir elo de serieuxen Impakt och vum Eenheetsstatut kréien. Dann hu mir d'Unfallreform hannerun eis bruecht. Do ass net esou vill driwwer geschwat ginn, mä dat ass eng bahnbriechend Reform gewiescht wou de Mitnahmeeffekt ewechgefall ass a Saachen déi net indemniséiert gi sinn bis elo indemniséiert ginn. Dann hu mir déi Klengegkeet fäerdeg bruecht vun enger Gesondheetsreform. Dir wësst, datt dat net einfach war a mir ee sechswöchege Streik haten, mä awer konsequent bliwwe sinn an déi Gesondheetsreform duerchbruecht hunn, déi elo progressiv a Kraaft gesat gëtt. Iwwregens de Vertrauensdokter dee leeft den 1. Januar un, d'Konventioun ass virgëschter zwëschen den Dokteren an der Gesondheetskeess ënnerschriwwe ginn. Dann hu mir elo d'Pensiounsreform, mir hu wéi ugekënnegt, virum Enn vum Hierscht, et ass net méi laang wou den Hierscht nach dauert, de Regierungsrot mam Projet de Loi net mat 6 Säiten, mä mat bal 100 Säiten di déi Reform duerstellt befaasst an duerno well mir och dat laangfristeg wëllen ofsécheren, gi mir un d'Reform vun der Fleegeversécherung, dat ass eng phantastesch, ee phantastesche Projet, deen d'Mady Delvaux senger Zäit geschaf huet, mä och do musse mir déi Fleegeversécherung pereniséieren, mir sinn déi nächst Joren a Sécherheet. Dat ass also d'Äntwert op Är Fro, ech hunn (ënnerbach)

Guy Kaiser: Ech hunn Iech déi Fro gestallt, wéini gitt Dir an d'Pensioun an zwar well ech selwer déi Fro och ëmmer méi dacks ze héiere kréien. Dat huet vläicht eppes ze doen, grad wéi bei Iech, mat de groen Hoer am Baart.

Mars Di Bartolomeo: Mä wësst Dir Här Kaiser, vun Iech gleewen ech jo datselwecht wéi vu mir, ech ka mir net virstellen, datt Dir an 3,4, 5 Joer näischt méi géift maachen.

Guy Kaiser: Dat musse mir ofwaarden. Mä eppes (ënnerbrach)

Mars Di Bartolomeo: Mä ech hunn nach net wëlles an d'Pensioun ze goen an ech hu jiddefalls net wëlles vun deenen Aneren eppes ze fuerderen wat ech mir net selwer och offuerderen.

Guy Kaiser: Gutt also ech sinn iwwerzeegt mir héieren eis bestëmmt nach déi eng oder aner Kéier hei zréck. Mä eppes wat mech ëmmer nees verwonnert, dat ass et gi Leit déi schwätze scho mat 45 Joer vun der Pensioun. Zugläich weess ech awer och, datt et Leit gëtt déi an deem Alter kierperlech scho staark ugeschloe sinn. Do wonnert et mech ebe manner. Et ginn ebe grouss Diskrepanzen do bei de Leit. Loosse mir eis awer mol lues un Är Reform eruntaaschten. Ech sot an der Introductioun, d'Situatioun ass gutt an awer muss reforméiert ginn. Eis Cotisatioune leie jo bekanntlech den Ament bei 24%. Mir brauche just 21% fir déi lafend Ausgabe kënnen ze couvréieren. An anere Wierder, eis Reservë klammen ëmmer nach weider. Mir kéinten also och weiderhi gutt liewen oder?

Mars Di Bartolomeo: Jo Dir hutt ganz Recht. Wann een de Gesondheetszoustand vun eisem Pensiounssystem op haut kuckt, da muss ee soen, deen ass gesond. Mir hu 24% Beiträg, mir brauchen der 21 fir kënnen d'Leeschtungen all Joer auszebezuelen. Mir hu bal 11 Milliarde Reserven. Dir hutt gesot, dat geet duer fir déi Pensiounen ouni datt een Euro erakënnt während bal 4 Joer auszebezuelen. Mä wann een deen dote Gesondheetszoustand esou feststellt, da muss ee sech och d'Fro stellen, wourop ass dee gudde Gesondheetszoustand zeréckzeféieren? Dee gudde Gesondheetszoustand ass drop zeréckzeféieren, datt et hei zu Lëtzebuerg glécklecherweis ee Konsens gëtt, datt obwuel een nëmmen 21, virun e puer Joer waren et der nach 19, 21% Beiträg brauch, ee fräiwëlleg der 24 bezilt. Dat heescht 3% leeë mir d'office an d'Reserve. Dat Zweet an dat gëtt ëmmer vergiess, dat ass datt hei zu Lëtzebuerg de Staat, d'Allgemengheet, d'Steieren mat 1,2 Milliarde sech un de Pensiounskeesen bedeelegen. 1,2 Milliarden Euro. Dat sinn bal 50 Milliarden aler Lëtzebuerger Frang. Déi gi vum Staatsbudget an d'Pensiounskeesen. Wann dat net de Fall wär Här Kaiser, da wäre mir haut net an enger Situatioun wou mir Reservë géifen uleeën, mä da wäre mir elo schonn am Defizit. An dee leschten, deen drëtte Punkt firwat datt mir esou gutt drusinn, dat ass, datt an deene leschten 30 Joer den Emploi regelrecht explodéiert ass. Mir hunn innerhalb vun 30 Joer, 40 Joer den Emploi bal verdräifacht. An dat ass de Problem. Déi Trëmp vun haut (ënnerbrach)

Guy Kaiser: Dat ass de Schwaachpunkt dann zougläich vu mar.

Mars Di Bartolomeo: Dat sinn d'Risike vu mar. Aus enger einfacher Iwwerleeung, déi vill Beitragszueler vun haut, déi et erlaben deene relativ wéinege Pensionéierte vun haut gutt Pensiounen ze bezuelen, dat sinn déi ganz vill Pensionéiert vu mar, déi esou onverschimt sinn, datt si och nach gär eng Pensioun hunn. A wann een herno dräimol esouvill Pensionéierter huet, einfach Arithmetik, da bräicht een theoretesch och 2 3 mol esouvill Cotisanten. An da fänkt et un, da muss dee leschte sech och Froe stellen, da bräichte mir a 40 Joer ongeféier 1 Millioun Leit déi hei zu Lëtzebuerg schaffen. An Dir kënnt Iech ganz gutt drun erënnere wat fir ee Spektakel, datt mir hei am Land (ënnerbrach)

Guy Kaiser: Dat war mam 700.000 Awunnerstaat.

Mars Di Bartolomeo: datt mir hei am Land haten, wéi gesot ginn ass, mir géifen op 700.000 Awunner zousteieren. Wa mir an därselwechter Logik wären Här Kaiser, wéi deemools, da misste mir jäizen, mir missten op d'Barrikade goen. Wann haut gesot gëtt mir bräichten 1 Millioun Cotisanten fir déi Pensioune kënne weider ze bezuelen. An dofir dat ass eng vun deenen Ursaachen, well mir net wëllen, datt d'Trëmp vun haut zum Risiko, zum Gau vu mar féiert, datt mir an enger gudder Situatioun an déi hu mir, elo d'Jalonge setzen, fir dee Pensiounssystem dee mir vun eise Pappen a Grousspappe geierft hunn an enger intakter an engem intakte Gesondheetszoustand un eis Kanner a Kanneskanner ze iwwerginn. Wat mir haut net maache bezuele si mar duebelt.

Guy Kaiser: Da loosse mir elo mol Äer Reform kucken. A 15 Joer, wéi Dir et gesot hutt, oder schonns e puer Joer virdrun, gi vill Leit an d'Pensioun an dat gëtt eng Belaaschtung fir d'Reserven. En plus ass dann d'Liewenserwaardung ëm 11 Joer an där Tëschenzäit geklommen. Et hätt ee jo dann 3 Méiglechkeeten deem entgéintzewierken. Entweder et schaaft ee weider Aarbechtsplazen, virausgesat d'Economie erlaabt eis dat an da gi mir wierklech stramm op dat duer wat Dir gesot hutt, 700000 oder 1 Millioun Staat duer an da muss ee sech d'Fro stellen, wëlle mir dat? Den zweete Punkt ass, mir setzen d'Cotisatiounen an d'Luucht, dat wier déi zweet Méiglechkeet an deen Drëtten dat wier mir kierzen d'Leeschtungen. Är Propositioun Här Di Bartolomeo gouf op dat heitent, ech betounen dat, resuméiert: entweder 3 Joer méi laang schaffen oder 15% abéissen. Mat där Formule sidd Dir net averstanen. Hei är Reaktioun de 24. Oktober am Bouneweger Casino.

Mars Di Bartolomeo (O-Toun): Ech wëll Iech nach eng Kéier hei ganz kloer soen, datt esou Duerstellungen wéi entweder 3 Joer méi laang schaffe goen oder 15% Verloscht a Kaf huelen, datt dat éischtens total aus dem Kontext erausgerappt ass, well ee selwer de Choix huet fir et ze steieren an datt dat an enger Perspektive vu 40 Joer iwwerhaapt denkbar wär, mä iwwerhaapt net zoutrëfft fir alleguer déi Leit déi am Moment schaffen oder scho während enger gewëssener Zäit schaffen.

Guy Kaiser: Déi 3 Joer méi laang schaffen, et ass richteg an et ass och falsch. Et hänkt ebe vun där eenzelner wéi soll ech soe Cotisatiounscarrière of. Also mol ugeholl, ech schaffe 40 Joer, cotiséieren also och 40 Joer. Wat ännert am neie System par rapport zu deem ablécklechen?

Mars Di Bartolomeo: Also wann ech elo Är Fro huelen, Dir hätt elo 40 Joer geschafft an Dir wäert no bei der Pensioun, da soen ech Iech, Dir braucht Iech iwwerhaapt keng Gedanken ze maachen. Dir hutt dat bruecht wat Dir ze bréngen hutt. Dir braucht Iech keng Suergen ze maachen. Dat ass nämlech de Modell dee mir opgebaut hunn, dee setzt op e puer Pilieren. Ech probéieren dat ganz kuerz z'explizéieren. Wann een de Modell erklärt, da muss ee fir d'éischt mol soen wat een ofséchert. An dee Modell dee mir elo an der Regierung am Prinzip guttgeheescht hunn an am Januar wäerten definitiv duerch de Regierungsrot goen, well keng prinzipiell Awänn vun de Regierungsmemberen gemaach gi sinn a well och déi zou Majoritéitsfraktiounen de Konzept droen. De Konzept séchert mol fir d'éischt dat Bewährtent of. Dat heescht eise Pensiounssystem bleift ee solidareschen, deen op d'Solidaritéit zwëschent jonk an al, gutt Verdéngenden a manner Verdéngenden opgebaut ass am Géigesaz zum Dschungelgesetz, wou jiddweree fir sech zoustänneg ass a wou dee mam décke Portefeuille sech gutt Pensioune kann uspueren an deen deen ee klenge Portefeuille huet, se dräimol manner gutt ewech géif kommen, wéi haut. Da séchere mir of déi Tripartitefinanzéierung. Da séchere mir of d'Entréeskonditiounen fir an d'Pensioun eranzekommen. Déi Schlësselalteren, wou mir bis elo hunn 65 bal ouni Konditiounen, 60 Mix zwëschen Versécherungszäiten a Stagezäiten a 57 wann ee 40 Versécherungsjoeren huet, déi bleiwe bestoen. Ech wëll Iech just soen am Ausland, am Ausland, ee Saz, am Ausland maache se dat net esou. Do soe si zum Beispill an Däitschland, Dir musst elo net, Dir musst net nëmme méi bis 65, mä Dir musst elo bis 67 schaffe goen, fir eng Pensioun ze kréien. Am Frankräich soe se Dir musst elo direkt innerhalb vun enger ganz kuerzer Iwwergangszäit musst Dir 2 Joer méi laang schafe goen. Bei eis soe mir, Dir hutt d'Wiel nach zu deenen Konditiounen an d'Pensioun eranzegoen. Dat wat nei ass, dat ass, datt mir an Zukunft der Liewenserwaardung wäerte Rechnung droen.

Guy Kaiser: Jo op wat fir eng Manéier?

Mars Di Bartolomeo: Ma jo dann huet een de Choix entweder der Liewenserwaardung Rechnung ze droen, et wënnt ee Liewensjoeren dobäi. Wann ee Liewensjoeren dobäi kritt, da kritt een d'Pensioun jo och méi laang. Da muss een deementspriechend méi laang schaffe goen. Ech huelen d'Beispill vun engem, wann ech dat dote géif applizéieren op een deen nach ee Joer virun der Pensioun ass an ech bei deem scho géif applizéieren, datt e senger Liewenserwaardung Rechnung misst droen, da géif et do, dee géif e puer Deeg oder eng Woch oder zwou Woche méi laang schaffe goen.

Guy Kaiser: Huele mir d'Beispill vun engem deen dann elo, wann d'Reform bis a Kraaft ass, mengetwegen den 1. Januar 2013 (ënnerbrach)

Mars Di Bartolomeo: mar op den Aarbechtsmaart kënnt .

Guy Kaiser: Dee kënnt op den Aarbechtsmaart, dee fänkt u mat schaffen. Et ass jo esou, datt d'Majoration proportionelle lues ma sécher am Laf vun der Cotisatounscarrière zeréckgeet, vun 1,85 op 1,60. Dat bréngt jo awer da mat sech, datt een natierlech automatesch da fir op deen nämlechte Pensiounsniveau ze komme wéi deen dee biswell besteet, datt een dann deementspriechend muss méi laang schaffen.

Mars Di Bartolomeo: Richteg

Guy Kaiser: Da kommen 3 Joer eraus.

Mars Di Bartolomeo: Richteg, mä et kommen, et wënnt ee méi wéi 3 Joer. An dat ass dat Reduktiivt vun deem wat Dir virdru geschildert hutt. Ech wëll Iech just Fakten op den Dësch leeën. An deene leschte 50 Joer hu mir am Duerchschnëtt iwwert 11 Joer u Liewenserwaardung gewonnen. An därselwechter Period ass de reelle Pensiounsalter ëm 5 Joer erofgaangen. Dat heescht, déi Pensiounen innerhalb vu 50 Joer ginn ëm 15 Joer méi laang ausbezuelt. Wann Dir mir elo sot, datt dat keen Impakt huet op de Gesondheetszoustand vun enger Keess, jo da musst Dir mir erkläre wéi déi wundersame Brotvermehrung do méiglech ass, wa mir manner laang schaffen, méi al ginn an nach méi Pensioun. Dofir (ënnerbrach)

Guy Kaiser: Op deem dote Plang si mir eis jo och eens Här Di Bartolomeo, mir wësse reng mathematesch gesi wat vun de Chifferen op eis duerkënnt, mä fir eng ganz Partie Leit wäert et awer enorm komplizéiert sinn esou laang ze schaffen. Ech huelen zum Beispill déi jonk Leit déi haut Universitéit maachen. Déi fänke mat 25, och alt mol mat 27 28 Joer un. Fir déi gëtt et ee laange Wee ze goen, wa si mussen esou laang schaffen. Wéi ginn iwwerhaapt déi Schouljoren an Zukunft ugerechent?

Mars Di Bartolomeo: Do ännert sech ganz wéineg un de Stagezäiten. Déi bleiwe quasi intakt. Mir fänke just nom Regierungsrot dee mir gëschter haten, ee Joer méi spéit un. Bis elo huet ee schonn Ersatzzäite mat 18 Joer kritt, déi ginn elo op 19 gesat an déi kënne bis maximal 26 Joer lafen. Erlaabt mir awer fir de Gedankegang dee mir virdrun haten ofzeschléissen. Et gëtt ëmmer esou duergestallt wéi wann de Fait, datt een an Zukunft e bësse je nodeems wéi laang datt ee schonn an dem Aarbechtsprozess ass, progressiv e bësse méi laang schaffe misst goen, datt dat een sozialen Ofbau wär. Et gëtt vergiess, datt dat jo net ersatzlos ass. Als Contrepartie an dat gëtt bewisen duerch dat wat an deene leschte 50 Joer de Fall war, gewënnt een zousätzlech Liewensjoeren, also zousätzlech Joren dobäi, wou ee seng Pensioun kritt. An dat hei ass eigentlech an domatt, dofir geet dat doten Element bei der Pensiounsreform jo net duer, heimatt gëtt leedeglech ausgeglach déi progressiv Liewenserwaardung. An dat wat eigentlech de Fort ass vun där Reform, wéi mir se elo am Regierungsrot haten, dat ass, datt et net eng eesäiteg Reform ass. Déi eesäiteg géif op Leeschtungen awierken. D'Formel vun der Liewenserwaardung ass dat eent Element. Mir brauchen och progressiv a verkraftbar Kotisatiounserhéijungen. A mir brauchen een Upaken, esouwuel vun deenen Aktiven wéi vun deenen Pensionéierten. An anere Wierder Här Kaiser, wa mar de Regime ufänkt ze wackelen, da ginn net nëmmen déi Aktiv gefrot, fir een zousätzlechen Beitrag ze maachen oder e bësse méi laang schaffen ze goen, mä da wäerten och déi Pensionéiert wou mir alleguer zesummen dofir gesuergt hunn datt si anstänneg Pensiounen hunn, mat mussen upaken, doduerch datt d'Pensioune méi lues wuessen.

Guy Kaiser: Deen doten Detail gesi mir dann an der zweeter Halschent, well an dëser Emissioun ass et wéi am ganze Liewen, d'Zäit si leeft a si leeft an et ass elo gläich 1 Minutt bis halwer. Ech schécken Iech net an d'Pensioun, dofir an d'Paus, et ass nämlech esou lues un der Zäit fir eis Neiegkeeten.

[Noriichten]

Guy Kaiser: A wa mir hei um Radio schwätzen, dat bedeit jo dann Här Minister, datt mir allebéid nach am aktive Liewen dra sinn. De Sujet mam Sozialminister ass par conter dat sougenannten passiivt Liewen. Mir hate virun der Paus driwwer Rieds, ee Mënsch deen Uni gemaach huet, fänkt fréistens mat 24 Joer u mat schaffen, e kritt 5 Joer Schoul ugerechent, also vun 19 hat Dir gesot bis ee Maximum vu 26- e muss also nom alle System op mannst bis 60 Joer goen. Nom neie Modell, da kommen ech erëm op dat zréck plus minus 3 Joer méi?

Mars Di Bartolomeo: Dir bleift bei deenen 3 Joer, entspriechend vun där Zäit, well mir hu jo och Studenten déi elo scho laang am Aarbechtsprozess sinn. Een deen (ënnerbrach)

Guy Kaiser: Deen ass manner laang d'accord.

Mars Di Bartolomeo: Voilà, een dee mar réischt ufänkt, an dee gär eng entspriechend Pensioun, eng vergläichbar Pensioun huet mat haut, dee muss bis zu 3 Joer méi laang schaffen.

Guy Kaiser: Da bleiwen ech bei deem Beispill loosse mir soen 63 Joer.

Mars Di Bartolomeo: Iwwert eng ganz Period vu 40 Joer.

Guy Kaiser: D'Gewerkschafte fäerte jo do de béise Patron. Huet de Mënsch haut iwwerhaapt nach eng Chance bis no 60 Joer iwwerhaapt am Aarbechtsprozess dran ze bleiwen? Ass en esou laang an deem, ech soen elo mol tëscht Uféierungszeeche Metusalemalter iwwerhaapt nach toleréiert?

Mars Di Bartolomeo: Ech géif jo net dovun ausgoen, datt Dir der Meenung sidd, datt Dir an ech am Metusalemalter sinn. Ech si bal 60 Joer al, fille mech nach wéi nei- an ech weess, datt Dir eng kleng hallef Dose Joren hanneru mir sidd an Dir gesitt och nach aus (ënnerbach)

Guy Kaiser: Dat ass jo ganz gentil an awer kritt een heiansdo Remarquen ze héieren, du bass jo den Dinosaurier.

Mars Di Bartolomeo: Jo a well et an der Praxis och esou ass, datt wa mir eisen Job géife verléieren, et net esou einfach ass een neien Job ze kréien, si mir der Meenung, datt wa mir dat Zil wat déi Reform huet, fir d'Leit méi laang am Aarbechtsprozess ze halen, wou Klammer op Klammer zou, muss gesot ginn, datt hei zu Lëtzebuerg Leit weltwäit mat am jéngsten an d'Pensioun ginn, Klammer zou, datt d'Viraussetzung do dofir ass, datt mir d'Aarbecht un de Mënsch upassen an net ëmgedréit, datt mir ee regelrechte Pakt fir den Emploi senior vun deene méi eelere Mataarbechter mat de Betriber, mat de Sozialpartner schléissen. Iwwregens ass dat och gëschter als ee vun den Elementer vun deem Paquet zréckbehale ginn, déi de Premier presentéiert huet. Dee Pacte pour l'emploi senior wou d'Gewerkschafte sech ganz staark dofir asetzen a wou d'Patronen dat éischter sensibiliséierend wëlle maachen. Wou ech awer ganz kloer der Meenung sinn, datt dat, datt d'Obligatioun muss do sinn, datt ee sech an deenen nächste Joer systematesch mat där Fro ausenanersetzt. Aus zwou Ursaachen: éischtens wëlle mir jo d'Leit méi laang an der Aarbecht halen , fir datt si méi laang cotiséieren.

Guy Kaiser: Dir wëllt net si mussen.

Mars Di Bartolomeo: Nee si hunn nach ëmmer de Choix zwëschen méi laang schaffe goen oder e bësse manner an der Pensioun hunn. Dat ass iwwregens den Ënnerscheed zwëschen all deene Reformen déi am Ausland gemaach gi sinn, wou d'Leit wierklech gezwonge gi sinn. Hei ass et eng Optioun. Dat heescht mir hunn, mir wëllen d'Leit méi laang an der Aarbecht hale wéinst de Pensiounen, mä mir mussen och dozou bäidroen a positiv Moossname maachen, fir datt mir d'Leit méi laang an de Betriber halen. Well soss d'Betriber an deenen nächste Joren, Jorzéngten ee ganz serieuxe Problem kréien. Well d'Zuel vun deene Leit déi an d'Pensioun ginn duerch d'Babyboomer wäert sech an deenen nächsten 10 Joer verduebelen, verduebelen. Dat heescht et ginn duebel esouvill Leit an d'Pensioun wéi haut an déi Aarbechter, déi Beamten, déi Salariéen wéi et jo heescht nom Eenheetsstatut, déi feelen de Betriber.

Guy Kaiser: Här Di Bartolomeo et ass jo mol dovunner ofgesinn, datt et soll u sech egal sinn wéini Dir an d'Pensioun gitt, ob Dir et elo maacht no deem ale Modell oder no deem neien, da sinn et je nodeems wéi, e puer Méint méi oder e puer Méint manner, respektiv Dir verléiert e puer Prozent. Dir hutt eng relativ, soen ech mol eng net ze schlecht Pensioun. Elo ginn et awer déi Leit déi wierklech keng gutt Pensioun kréien, quitte datt een ëmmer ka soen eis Pensioun ass héich am Verglach mat den Nopeschlänner. Déi kréie keng héich Pensioun an déi mussen awer déi puer Joere méi schaffen, soss verléiere si 15% an dat deet deene wéi.

Mars Di Bartolomeo: Nee, alt erëm eng Kéier ass dat falsch wat Dir sot. Dat ass awer net Äre Feeler, well dat ass ee Moment esou duergestallt ginn, well gläichzäiteg mat der Adaptatioun vun deene proportionelle Majoratioune héije mir d'Grondrent. Fir besonnesch déi méi kleng, déi bescheide Renten opzefänken, wou normalerweis méi ee penibelen Job hannendrun hänkt. An doduerch datt mir mat der Grondrent progressiv eropginn, wa mir progressiv mat de proportionelle Majoratioun erofginn, gëtt fir déi kleng Revenuen, gëtt fir déi kleng Pensiounen gëtt dat net deeselwechten Impakt. Un déi Pensiounen, déi méi kleng Pensiounen, Mindestpensiounen, do gëtt et zu Lëtzebuerg ee Konsens, gi mir net drun. Wat ech awer nach wollt soen zu der Fro brénge mir et ronn fir déi Konditiounen ze schafe fir d'Leit méi laang am Betrib ze halen? Ma do sinn ech zouverlässeg, well och ëmmer méi Betriber erkennen, datt d'Aarbechtskräften net méi esou liicht ze fanne sinn, och net esou liicht méi an der Grenzregioun. A wa mir wëlle weider op Wuesstem setzen, well dat ass deen drëtte Pilier wou déi Reform drop baséiert. Mir brauche weiderhin ee Wuesstem, da brauche mir déi Aarbechtskräften an ech wëll Iech just niewebäi soen, datt mir bei där Reform net fäertereg si mat deene Perspektiven déi mir als Basis huelen, mir setzen op ee Wuesstem an deenen nächste 40 Joer vun am Duerchschnëtt 3% an ee Wuesstem vun dem Emploi vun 1,5%. elo géif deen een oder anere Chef vun enger Zentralbank soen, dat wär keck. Wann een awer 40 Joer zeréckkuckt, dann hu mir fir déi Period vu 40 Joer an och fir déi eenzel Tranchë vun deene 40 Joer, jeeweils ee Wuesstem gehat dee largement iwwert deenen 3% war, esouwuel beim Wirtschaftswuesstem wéi och bei dem Wuesstem vun den Aarbechtsplazen. Esou datt een awer net ka vun Onverantwortlechkeet schwätzen, wann ee sech op eng Period vu 40 Joer ka baséieren an da seet, gutt mir huelen net deen héijen Duerchschnëtt, mä mir bleiwen däitlech ënnert deem dote Wuesstem fir kënnen déi Pensiounsreform dorop ze baséieren.

Guy Kaiser: Geet Är Rechnung iwwerhaapt op? Ech menge mir sinn eis jo eens, dat doten dat leeft an engem Joer un, mir zwee zum Beispill mir hunn dann d'Majoritéit vun eise Joren déi hu mir nom ale Modell hannert eis an eis aktiivt Liewe gëtt dann ëm e puer Méint eropgesat. Da brauch dës Reform jo awer enorm Zäit bis datt se gräift. Mol ugeholl ech perséinlech misst 5 Méint méi laang schaffe wéi nom ale Modell, dat mécht der Kaz awer nach laang kee Bockel,

Mars Di Bartolomeo: Dir hutt ganz Recht. Et wär erëm eng Kéier vill zevill reduktiv fir déi Reform op deem eenzegen Element do ze baséieren. Déi Reform baséiert op enger Rei vu Pilieren. Deen éischte Pilier ass dee vun der Berücksichtegung vun der Liewenserwaardung, dat heescht et akzeptéiert een déi Equatioun entweder e bësse méi laang schaffen ze goen oder e bësse manner erauszekréien.

Guy Kaiser: Mä déi gräift eréischt a 40 Joer.

Mars Di Bartolomeo: Nee loosst mech wann ech gelift de Raisonnement fäerdeg maachen an da gesitt Dir, datt dat ee Ganzt ass. Dat Zweet, mir brauchen zousätzlech Recetten, also sinn an der Reform verkraftbar Bäitragserhéijunge virgesinn, ob dat elo drastesch Beitragserhéijunge sinn oder ob ee sech un deem kann inspiréieren wat d'Gewerkschafte vun engem neie Modell baséieren, ähnlech wéi op d'Fleegeversécherung ausgeet, dat sief dohigestallt. Mä den zweete Pilier sinn zousätzlech Recetten. Den drëtte Pilier dat ass ee Wuesstem dee mir brauchen, esouwuel beim Emploi wéi bei der Wirtschaft. De véierte Pilier dat ass wann de System bis ufänkt méi schwaach op der Broscht ze ginn, dat heescht wann d'Beiträg net méi duerginn fir d'Ausgaben ze decken, da paken och déi Pensionéiert mat un, doduerch datt mir den Ajustement ofbremsen, respektiv esou Leeschtunge wéi den 13. Mount, deen am Rentendësch erfonnt ginn ass,

Guy Kaiser: Jo dat sinn elo 10 Joer hir

Mars Di Bartolomeo: deen dann zur Diskussioun stellen.

Guy Kaiser: Mä déi Hausse vun de Cotisatiounen Här Minister, déi gëtt elo ugeschwat an Ärem Gesetzprojet, et ass awer net, datt dat schonns decidéiert ass.

Mars Di Bartolomeo: Nee et ass eng Partie intégrante, et ass Partie intégrante vun deem heite Projet.

Guy Kaiser: Wann Dir an e pur Joer gesitt, datt Dir net eens gitt mat deem éischte Pilier vun der Reform, datt déi Suen (ënnerbrach)

Mars Di Bartolomeo: Nee nee, also et ass geduecht ,datt wann d'Verhältnis zwëschen Recetten an Dépense kippt, da musse mir awierken op d'Cotisatiounen, da musse mir awierken op den Ajustement. Dat geschitt net an deenen nächsten 2, 3 oder 5 Joer, dat geschitt esou wéi mir dat virausgeschat hunn an enger Echéance vun 7 bis 10 Joer. Dee leschte Pilier a loosst mir dat awer nach mat eranhuelen, dat sinn d'Reserven. Fir déi ganz Reform ofzefierderen si mir frou, datt mir déi Reserven hunn. Well do geet et bis datt mir et fäerdegbréngen, datt dee Regime sech dréit, ass eng relativ laang Iwwergangsperiod an an där Iwwergangsperiod kënne mir op d'Reserven zréckgräifen, fir dat Ganzt ofzefiederen a mir ginn dovun aus, datt duerch déi Moossnamen déi an deene progressiv, wierklech op enger Zäitschinn net elo mam décken Hummer direkt, dat brauche mir net, dat ass jo eben d'Chance déi mir hunn, datt mir an enger gesonder Situatioun sinn, mat ville Reserven, datt mir dat progressiv kënne maachen. Déi progressiv Moossnamen déi erlaben eis et an deem Horizont 40 Joer, datt mir de Pensoiunsregime equilibréieren an dann an engem richtegen Ëmlageverfahren sinn, wou een op där enger Säit Recettë kritt, op där anerer Säit Dépensen huet an déi sech iwwer länger Zäiten decken. Dat heescht also, Dir gesitt, et ass ee Ganzt an et däerf een net eng Moossnam erausgräifen, well mat enger Moossnam alleng geet et net duer fir déi dote Reform ze maachen an dann (ënnerbrach)

Guy Kaiser: 50% vun eisen Nolauschterer si Fraen. Nach eppes ganz Kuerzes wat d'Babyjoeren betrëfft, ännert sech do iergendeppes?

Mars Di Bartolomeo: Ech si frou, datt Dir déi dote Fro stellt, well et ass jo net esou, datt mir elo mat der Reform nëmme Moossname maachen wou deen een oder anere seet, elo musse mir erëm ee Beitrag leeschten. Mä mir hunn och eng ganz Rei vu Verbesserunge virgesinn. Fir déi Situatioun wou een eng Berufsënnerbriechung mécht, sief dat well een doheembleift am Intérêt vun der Famill, Mann oder Fra, sief dat datt een eng Année sabatique mécht, fir weider studéieren ze goen oder wat ëmmer een an deem Joer wëllt maachen, schafe mir elo d'Méiglechkeet, fördere mir elo d'Méiglechkeet fir sech an alle Situatioune weider ze versécheren, doduerch datt mir soen et kann ee seng Rechter wahren. Dat ass net wiesentlech pensiounssteigerend, mä fir seng Rechter ze halen, fir ab ee gewëssenen Alter a Pensioun ze goen, geet et duer wann een op Basis vun engem Drëttel vum Mindestloun cotiséiert an et hält een doduerch vollstänneg Cotisatiounszäiten. Dat ass ee wichtege Punkt an där doter Reform an erlaabt engem an alle Situatiounen vollstänneg Carrière ze hunn, iwwregens just an engem Saz resuméiert, ech géif jiddwerengem dobausse roden, an alle Liewenssituatiounen, ëmmer sech weider ze verséchere wat d'Pensioun ugeet, well et weess een ni wéi d'Liewe geet a wann een déi falsch Decisioun hëlt fir ze ënnerbriechen, dat deet engem herno leed an da kann een dat net erëm richteg maachen.

Guy Kaiser: Här Minister virun engem Joer waart Dir jo och schonns eisen Invité, deemools allerdéngs als Gesondheetsminister, elo an dësem Januar dee kënnt soll jo de Referenzdokter, domatter changéiere mir elo abrupt de Sujet, de Referenzdokter oder och de Vertrauensdokter endlech Realitéit ginn. Muss ech als Patient deen Dokter hunn?

Mars Di Bartolomeo: Nee. Sécher net. Et ass keen Zwang dobäi, mä Dir hutt Intérêt an Ären eegenen Intérêt (ënnerbrach)

Guy Kaiser: Firwat?

Mars Di Bartolomeo: Ma well eigentlech de Referenzdokter, Vertrauensdokter oder Hausdokter, dat ass de klasseschen Hausdokter wéi mir e kennen an do wënnt Eenheetsstatut (ënnerbrach)

Guy Kaiser: Wat ännert sech dann, ech soen elo mol tëscht dem Hausdokter an elo dem Vertrauensdokter?

Mars Di Bartolomeo: Ma et kënnt méi Systematik eran. Am Intérêt vun der ëffentlecher Gesondheet associéiere mir den Hausdokter vill méi staark u strukturéierte Preventiounsprogrammer, associéiere mir den Hausdokter vill méi staark un der Supervisioun vun der gesamter Krankheets- oder Gesondheetsgeschicht vum Patient. Ee Spezialist deen de Patient gesäit wéinst engem punktuelle Problem, ob dat um Knéi ass oder um Häerz, deen huet net dee gesamten Iwwerbléck iwwert d'Krankegeschicht vum Patient. Den Hausdokter soll iwwert den Dossier vum Patient deen e geréiert zesumme mam Patient déi global Iwwersiicht kréien, e soll och déi Donnée kréien, fir d'Gesondheet vum Patient wichteg sinn an e soll de systematesche Beroder gi vum Patient, duerch ee Gesondheetssystem deen ëmmer méi komplex gëtt. Ech si ganz frou, datt virun 2 Deeg déi Konventioun tëscht der Gesondheetskeess an den Dokteren ënnerschriwwe ginn ass an datt mir mam Modell vum Vertrauensdokter plangméisseg zum Joreswiessel kënnen ufänken. Gesitt Dir, et ass ee Beispill, datt mir net nëmmen eng Reform gemaach hunn, mä datt mir se systematesch ëmsetzen, all eenzelne Punkt vun där doter Reform gëtt ëmgesat.

Guy Kaiser: U sech kënnt Dir jo mat Äerer Politik zefridde sinn. Wann ech kucken, am Politbarometer vun haut am Tageblatt, bleift Dir am Süden op der drëtter Plaz, 62% fannen ech mol guer net esou schlecht.

Mars Di Bartolomeo: Jo dat si Momentopnamen. Ech sinn natierlech frou, wann ech net ënnen um Wutz leien, mä méi frou sinn ech doriwwer wann ech mech moies kann an de Spigel kucken an op d'Fro ob ech deenen Iddien trei bliwwe sinn, déi ech ëmmer (ënnerbrach)

Guy Kaiser: Mengt Dir dann dir kéint déi dote Plaz halen och no der Pensiounsreform?

Mars Di Bartolomeo: Ma wësst Dir, ech wëll Iech just eppes soen, eng Motivatioun an der Politik ze sinn ass déi fir dat, wat mir u fantastesche Sozialsaachen opgebaut hunn, fir dat um Liewen ze halen a weider ze entwéckelen. Ganz am Ufank vun der Emissioun hu mir iwwert den Index geschwat. Ech kann Iech soen, datt ech mech beim Index an de Spigel ka kucken, mat deene Propositiounen déi mir maachen, well si no bei deem sinn wat och op eise Kongresser diskutéiert gëtt. Mir hu ganz objektiv ee Problem weltwäit an och hei zu Lëtzebuerg a mat deem Modell hei séchere mir den Index of. Mir ginn de Leit d'Garantie, wéi a kengem anere Land op der Welt, datt eemol d'Joer een Ausgläich vun 2,5% gemaach gëtt, mir sécheren also een Acquis of. A bei der Pensiounsreform ass et genee datselwecht.

Guy Kaiser: Sot a wann dann d'Antitubaksgesetz iergendwann eng Kéier kënnt, sidd Dir da politesch gefëmmt?

Mars Di Bartolomeo: Mengen ech net. Ech wollt Iech just soen, wann Dir mir nach déi Chance gitt bei der Pensiounsreform ass et datselwecht: wat mir hei maache kréie mir net vu jiddwerengem op d'Schëller geklappt. Mä ech mengen, datt een déi wäertvoll Saachen déi een huet am Sozialen, sief dat den Index, sief dat d'Pensiounssystem, sief dat de Gesondheetssystem, datt ee sech do muss drëm këmmere wann een déi wäertvoll Elementer wëll oprecht erhalen. Wann ee sech net drëm këmmert, wann een et lafe léisst, wann ee Problemer einfach wutsche léisst, dann hält een déi Systemer net, mä et mécht ee se en Fait futti. Wie sech also net beweegt am Sozialen, ass éischter ee Kaputtmacher wéi deen dee Realitéiten an d'Ae kuckt a fantastesch Systemer upasst un d'Problemer a se net wutsche léisst. Dofir soen ech Iech d'Fëmmen, dat Fëmmgesetz wat Dir ugeschwat hutt, mengen ech ass och aus, ech si Gesondheetsminister, ech sinn net Tubaksminister, hunn ech eng Kéier gesot a well ech Gesondheetsminister sinn, hunn ech déi verdammte Flicht fir déi déi net wëlle matfëmmen ze schützen an dat wäert ech maachen.

Guy Kaiser: Doriwwer schwätze mir da bestëmmt an engem Joer. Domatter Här Minister schléisse mir dës Emissioun of. Et war iwwregens dee leschte Background fir dëst Joer. Mir wënschen de Pensionéierten an den Aktiven ee schéine Chrëschtdag, fir datt mir eis dann, wéi Dir et gesot hutt, bei gudder Gesondheet egal ob Dir fëmmt oder net de 7. Januar erëmhéieren. Här Di Bartolomeo Merci.

Dernière mise à jour