Mars Di Bartolomeo au sujet de la réforme du système de pension

Jay Schiltz: Hien ass de Mann vun de schwieregen Dossieren. No der Gesondheetsreform, mat Dokteschstreik d'lescht Joer, sondéiert en den Ament iwwer d'Machbarkeet vun enger Renten- a Pensiounsreform. D'Diskussioune si garantéiert. Wourëms et dobäi geet, wëlle mir an der nächster Stonn versichen ze erklären. Invité bei eis am Studio ass de Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo. Gudde Mëtteg Här Di Bartolomeo.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Jay Schiltz: Éischt Fro Här Minister, muss ech elo méi laang schaffe goe fir manner Pensioun ze kréien? A passt elo wann ech gelift op wat Dir sot.

Mars Di Bartolomeo: Esou ass et sécher net richteg duergestallt. Ech weess net wéi al datt Dir sidd, awer am beschten Alter, ginn ech mol dovunner aus, net esou wäit vun der Pensioun ewech. Dir hutt herno d'Optioun, well mir net un d'Entréesconditioune réckele ginn, dat heescht bei 40 Cotisatiounsjoere kann ee mat 57 goen, bei 40 gemëschtenen Zäiten, effektiv Versécherungszäiten a Stagezäite kann ee mat 60 goen a quasi ouni Konditiounen, ausser 10 Versécherungsjoere, kann een och an Zukunft mat 65 goen.

Dat wat awer nei gëtt, dat ass, datt mir soen, fir datt mir d'Liewensfäegkeet vun eise Pensiounssystemer kënnen ofstützen, muss een an Zukunft der Entwécklung vun der Liewenserwaardung Rechnung droen. Dat heescht, hei kann net Rieds si vu sozialem Ofbau, mä op där enger Säit gewanne mir zousätzlech Liewenszäit am Duerchschnëtt an op där anerer Säit balancéiere mir dat aus, doduerch datt mir d'Optioun maachen, entweder entspriechend méi laang schaffe goen oder da wann een net wëllt méi laang schaffe goen, méi oder manner bescheiden manner an der Pensioun ze akzeptéieren.

Also op Är Fro, neen, Dir gitt net gezwonge fir méi laang schaffen ze goen, fir manner ze kréien mä Dir kritt d'Optioun fir e bësse méi laang schaffen ze goen, well Dir awer relativ no bei der Pensioun sidd, oder op e bëssen ze verzichten an do ass de Prinzip ganz einfach. Een deen éischter an d'Pensioun geet a seng Pensioun méi laang kritt, wéi deen dee méi laang an der Aarbecht bleift, deen dierf ënnert dem Stréch net méi erauskréien. Deen een dee méi laang schafft, dee kritt seng Pensioun méi eng kuerz Zäit, also ass d'Pensioun e bësse méi héich. An deen, deen éischter geet, kritt si méi laang an dofir ass si dee Moment e bësse méi niddereg. Also et ass just eng Equatioun, wou ee seet, an den nächste Jorzéngten, komm mir gi mol do dovun aus, well dat an deene leschte Jorzéngten och esou war, wanne mir, an dat ass eppes Positives, méi gutt Liewenszäit dobäi an dat fänke mir op. Also et ass keng Strof wéi een dat heiansdo duergestallt kritt.

Jay Schiltz: Gutt, probéiere mir dat wat Dir elo als Introduktioun quasi gesot hutt ze verdéiwen. Fir d'éischt mol, et ass jo dacks bei grousse Reformprojeten esou, datt sech jiddwereen iwwer iergend en Detail opreege kann an iwwer dat Grousst a Ganzt dann den Iwwerbléck verléiert. Dofir, vläicht mol vun hannen opgerullt, firwat musst Dir eigentlech déi Reform maachen?

Mars Di Bartolomeo: Jo, et ass déi kruzial Fro. Wann een nämlech kuckt wéi d'Situatioun haut ass an de Pensiounskeesen, da muss ee feststellen, mir hu Reserve vu bal 11 Milliarden. Dat mécht 3,7 mol d'Joeresausgaben aus. Dat heescht wann een elo während 3,7 Joer keen Euro Bäitrag géif kréien, kéint ee weiderhin d'Pensiounen ausbezuelen. Eis Pensioune si ganz gutt, am Verglach zu allen anere Länner. Dat wat ausbezuelt gëtt vun eise Pensiounsregimer ass am Duerchschnëtt, esou am Verglach zu deene meeschte Länner, duebel esou héich bis esouguer dräimol esou héich, wann een dat iwwer eng ganz Pensiounsperiod ausrechent. Also kéint ee soen, et ass alles an der Rei, mir brauche just esou weiderzemaachen.

Dat wär awer eng ganz geféierlech Wett. Well wann ee kuckt wéi gutt datt mir dru sinn, muss ee sech vläicht d'Fro stellen, firwat si mir esou gutt drun. An do gëtt et eng Haaptexplikatioun. D'Zuel vun deenen déi a Pensioun gaange sinn an deene leschte Joren huet sech lues entwéckelt. D'Zuel vun deenen déi Cotisatioune bezuelen ass explodéiert. A vu datt mir dat sougenanntent Ëmlageverfahren hunn, déi Aktiv bezuelen d'Pensioune vun deene jeeweilege Pensionéierten, ass déi gutt Situaitoun doduerch entstanen, datt d'Zuel vun deenen déi cotiséiere vill méi schnell gewuess ass, wéi vun deenen déi eng Rent kréien. Doduerch konnte mir vill Suen op d'Säit leeën. Dat sinn eis heiteg Reserven.

Zweet Ursaach, déi dozou gefouert huet, datt mir massiv Reserven haut hunn ass d’ Tatsaach, datt mir dräimol 8% Beiträg erhiewen an u sech fir d'Renten auszebezuelen nëmmen 21% brauchen. Dat heescht, mir hunn haut eng Differenz vun 3%, déi mir kënnen op d'Säit leeën. Dat ass d'Haaptexplikatioun, firwat datt mir esou gutt dru sinn.

Eis Trëmp vun haut, an dat ass déi gutt Situatioun, riskéieren awer zur Bedroung vu mar ze ginn. Well, dat ass eng einfach arithmetesch Formel, déi vill Bäitragszueler vun haut ginn déi vill Pensionéiert vu muer. Aan da gëtt et richteg deier an da gëtt et just zwou Solutiounen, wa mir wëllen déi selwecht Leeschtungen halen, ouni Leeschtungen a Fro ze stellen: mir musse weiderhi massiivst Aarbechtsplaze schafen. A wa mir dat héichrechnen op déi nächst 30-40 Joer, da misste mir d'Zuel vun de Beschäftegten hei zu Lëtzebuerg verduebelen erëm eng Kéier, respektiv esouguer méi wéi verduebelen, oder mir missten d'Beiträg verduebelen oder esouguer méi wéi verduebelen.

Mir mengen, datt et, schwéier virstellbar ass, datt mir an deenen nächsten 20-30 Joer bei enger Millioun oder 900.000 Aarbechtsplaze landen. Mir mengen och, datt et net am Intérêt wär vum Generatiounevertrag, datt déi Aktiv duebel esou vill Beiträg misste bezuele fir deene Pensionéierten hir Pensioun ze bezuelen. Dofir eis Iddi fir een intelligente Mix ze maachen, wou mir weiderhin op Wuesstem setzen, méi Aarbechtsplazen, awer vläicht realistesch Objektiver, wou mir op raisonnabel Cotisatiounserhéijunge setzen. Déi brauche mir net muer, mä mir brauche se vläicht iwwermuer, a wou mir op där anerer Säit soen, mir droen der Liewenserwaardung Rechnung, doduerch datt mir d'Leit invitéieren, wa si wëllen déi selwecht Héicht vu Pensioun sech garantéieren a méi engem schwieregen Ëmfeld, fir dann entspriechend méi laang schaffen ze goen. Mä bon, do wäert Dir mir eng Rei vu Froe stellen, wéi dat dann an der Praxis ëmzesetzen ass.

Jay Schiltz: Jo dat kënnt nach. Virdru wéilt ech Iech nach vläicht Froen, an Äre Berechnungen oder Iwwerleeungen, wat fir eng Roll oder wat fir een Impakt huet dobäi déi Frontaliersproblematik? Do ass et jo esou, datt elo ufänkt elo déi éischt Wellen och u Pensiounen an d'Ausland ze fléissen. Dat gëtt jo och an Zukunft net manner. Déi Sue sinn hei am Land eigentlech fort, déi ginn der Ekonomie och gréisstendeels verluer. Wat fir een Impakt huet dat?

Mars Di Bartolomeo: Also mir waren an deene leschte Joren oder an deem leschte Joerzéngt, ware mir an der glécklecher Situatioun, datt zwar d'Zuel vun de Pensiounen déi u Grenzgänger gaangen ass, datt déi zwar ganz däitlech an d'Lut gaangen ass, mä datt dat awer meeschtens Deelpensioune waren. Dat heescht d'Zuel ass stramm an d'Lut gaangen, mä vu datt et Deelpensioune waren, et ware meeschtens Leit déi och e gudden Deel vun hirer Carrière am Ausland geschafft hunn, sinn d'Dépensen net deem entspriechend an d'Lut gaangen.

Jay Schiltz: D'Zuel gëtt méi héich, déi hir ganz Carrière hei maachen.

Mars Di Bartolomeo: Dat ass ganz richteg. D'Zuel vun deenen déi ganz Carrièren hei zu Lëtzebuerg absolvéiert hunn, vu Grenzgänger, déi geet ganz drastesch an d'Lut an déi zukënfteg Pensionären, déi Grenzgänger waren, déi geet, déi wäert ganz zolitt an d'Lut goen. Dobäi kënnt, an dat betrëfft net nëmmen d'Grenzgänger, datt an deenen nächste puer Joren, déi ganz gebuertestaark Joergäng an de Pensiounsalter erakommen

Mars Di Bartolomeo: Dat heescht, innerhalb vun 10 Joer wäert d'Zuel vun deenen déi a Pensioun gi sech verduebelen. An dofir, Dir gesitt dat ganz richteg.

Ech mengen, mir ware jo frou, datt mir an de leschte Jorzéngten d'Grenzgänger haten, fir d'Ekonomie, och fir de Finanzement vun der Sécurité sociale, well dat duerchweegs jonk Leit waren déi bezuelt hunn a manner Leeschtunge gebraucht hunn. Mä iergendwann komme si an den Alter, wou si och Urecht hunn op Pensiounen. Grenzgänger hu jo enorm vill Virdeeler, mä si sinn esou onverschimt, wann een dat mol esou dierf soen, datt wa si 40 Joer zu Lëtzebuerg geschafft hunn, datt si och wëllen eng Pensioun hunn. Et liicht an, datt si grad esou gutt wéi mir e Recht op déi Pensioun hunn. An Dir hutt et gesot, déi Pensiounen déi ginn dann gréisstendeels déi Säit der Grenz ausginn a si kaschten och richteg Geld.

Dat wat also eisen Avantage war, vill jonk Bäitragszueler, dat ass mar de Risiko. Wann ee vu Risiko dierf schwätzen, well e calculabel ass. Jiddweree weess et jo, wou och vill Pensiounen entstinn.

A mir sinn der Meenung, datt een dat haut muss ugoen. An da versteet ee vläicht, firwat datt ech wëll déi Pensiounsreform maachen. Wann ee mat esou Donnéeë konfrontéiert ass, datt d'Zuel vun deenen déi a Pensioun gi sech wäert verduebelen, an dann nach weider wäert steigen, datt, fir bei vill méi Pensionéierten d'Leeschtungen ze halen, ee schwéier sech ka virstellen, datt ee bis op eng Millioun a wann een dat méi wäit kuckt, op nach vill méi Aarbechtsplazen histeiert. Wou solle mir se schafen? A wat fir engem Secteur solle mir se schafen? Ech gesinn dat net.

An et muss een och soen, datt et net ganz realistesch ass, datt een deene Jonke vu muer géif duebel esou héich Cotisatiounen zoumudden. A wann een dann an deem dote Wëssen oder mat deenen doten Donnéeë konfrontéiert ass, da seet ee sech, komm mir paken dat elo zu engem Zäitpunkt un, wou all Luten op Gréng stinn, wou mir wëssen, datt se mar op orange sprangen an iwwermar rout ginn. Maache mir dat a Rou, mat enger roueger Hand, ouni mam Beilen dranzeschloen, no eise bewäerte Prinzipien a Wäerter. An da soe mir eis vläicht, wa mir eis an de Spijel kucken, mir hunn dee beschtméigleche Pensiounssystem vun eisen Elteren a Grousselteren hannerlooss kritt. Et ass eis verdammte Flicht fir en ähnlech gudde Pensiounsregime un eis Kanner weider ze ginn. An dat ass den Inhalt do dovun.

A wësst Dir, ech brauch mir net vu Bréissel eppes diktéieren ze loossen an och net vun iergend engem aneren. Mä wann ech Iech mat deenen doten Donnéeë konfrontéieren an ech froen Iech, huet een da besser mat eng vernünfteg Reformapproche ze huelen oder ze waarde bis datt alles opgebraucht ass, an dann deenen déi hannendru kommen ze soen, Dir hutt nach héchstens d'Halschent vun deem zegutt wat mir hunn?

Ech komme mir schlecht an där Roll vir, datt mir an enger Generatioun dat verbroden, wat mir iwwer Generatiounen opgebaut hunn.

Jay Schiltz: Wat sinn dann elo, oder wat wieren déi grouss Linnen, mat deenen Dir dann dat Zil wat Dir Iech setzt wëllt erreechen? Woura besteet déi Pensiounsreform an de groussen Zich?

Mars Di Bartolomeo: Also dat wat jo wichteg ass, an dat wat ëmmer als selbstverständlech duergestallt gëtt, oder vergiess gëtt, dat sinn déi Saachen déi mir mat der Pensiounsreform wëllen ofsécheren. Ofséchere wëlle mir emol fir d'éischt dee Solidaritéitsprinzip dee mir haut hunn. Ofséchere wëlle mir de System, d'Ëmlageverfahren, dat heescht, déi Aktiv bezuelen d'Pensioune vun deene Pensionéierten. Ofséchere wëlle mir déi Paritéit an de Beiträg. Déi verséchert Betriber an de Staat bezuele jee een Drëttel vun de Cotisatiounen. Dat wëlle mir ofsécheren.

Da wëlle mir net un de legale Pensiounsalter goen. Dir hutt gesinn, an Däitschland gi se vu 65 op 67, a Frankräich gi se 2 Joer an d'Lut. Mir ginn net an d'Lut. Mir bleiwe bei eisem legale Pensiounsalter a mir, ech hat dat ganz am Ufank gesot, mir bleiwen och bei den Entréesconditiounen. Dat heescht, den Entréesticket bleift dee selwechten. An Zukunft kënnen d'Leit och mat 57 goen, bei 40 Déngschtjoeren, si kënne mat 60 goen, bei 40 Versécherungsjoeren, gekoppelt mat enger entspriechender Zuel vu Stagezäiten, a si kënne mat 65 goen, wa si wéinstens 10 Versécherungsjoeren hunn.

An da kënnt dat Neit dobäi. Mir ginn elo net schneiden, mä mir soen, dat wat een an Zukunft u Liewenserwaardung dobäi gewënnt, dat balancéiere mir aus. Well wa mir dat net maachen, da bezuele mir d'Pensiounen um Niveau vun haut, ouni Géigeleeschtung, ëmmer méi laang aus an da packe mir et op eemol net méi.

Dofir soe mir, wann een, an der Praxis kann dat jo liicht divergéieren, wann ee seet, datt een am Duerchschnëtt pro 10 Joer ee Joer Liewenserwaardung dobäi wënnt an dat kann een iwwer déi lescht Jorzéngten novollzéien. dann ass dat net neutral an da kann een, dierf een, vu datt een haut am Alter och aneschters ass wéi fréier, dierf ee verlaangen, datt dat méi oder manner unenee gekoppelt gëtt.

An da wëlle mir déi kleng Pensioune schützen. Also, een dee schwéier schafft an normalerweis eng kleng Pensioun huet, dee gëtt hei net getraff. An do gëtt et och e Konsens mat alle Säiten, wou mir bis elo diskutéiert hunn.

Wat och wichteg ass, et kommen nei Iddien an déi Pensiounsreform eran. Mir wëllen zum Beispill fir déi Generatiounen déi mar op den Aarbechtsmaart kommen en individuellen neie Pensiounsregime schafen, dat heescht wou jiddweree fir sech cotiséiere kann, soll a muss an net méi un deenen Droits dérivés hänkt, wou also eng Fra meeschtens just d'Pensiounsrechter iwwer hire Mann kritt. Mir wëllen do an eng nei Richtung eragoen.

A wat och nei ass, mir wëllen d'Méiglechkeet am ëffentleche Regime fir Zousazpensioune schafen, net elo Zousazpensioune fir niddereg Pensiounen auszegläichen, mä bei gudde Pensiounen dat deem erlaben, deen et wëllt, nach eppes op d'Säit ze leeën dee vläicht e bëssen éischter wëll goen an da seet, ech spueren dann awer trotzdem e bëssen un, fir ongeféier dee selwechten Niveau ze halen, fir ëm dat opzemaachen.

Vläicht dann an dräi Wierder wéi dat soll ausgesinn. Mir maachen den neie Berechnungsmodell. Dee leeft an zwee Sätz explizéiert dorop aus, datt een, wann ee bereet ass der Liewenserwaardung Rechnung ze droen, datt een dann in etwa déi selwecht Pensioun behält wéi haut. Wann ee seet, dat interesséiert mech net, dat betrëfft mech net, da muss een entspriechend deem eng Reduktioun un senger Pensioun a Kaf huelen. Dat si keng dramatesch [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: 15%.

Mars Di Bartolomeo: Neen, dat ass jo – iwweregens, et gëtt an d'Vitrine gestallt, mar muss jiddwereen 3 Joer méi laang schaffe goen, oder et muss jiddweree 15% Abouss a Kaf huelen. Dat ass Kabes. Dat wier eng theoretesch Rechnung fir deen deen haut ufänkt mat schaffen, wéi deem seng Situatioun a 40 Joer wär. Mä déi Reform déi entwéckelt sech op enger Zäitschinn. Deen haut 1 Joer, 3 Joer, 5 Joer vun der Pensioun ass, bei deem ass et eng Fro vun e puer Méint, respektiv vu Grimmele vu Stellen hanner dem Komma. An et ass also falsch duergestallt, datt d'Leit elo ab mar mussen 3 Joer méi laang schaffe goen.

Deen, deen 10 Joer vun der Pensioun ewech ass oder deen, deen 20 Joer vun der Pensioun ewech ass, dee geet am schlëmmste Fall, wann dat schlëmm ass, geet et ëm e puer Méint oder 1 Joer, 1,5 Joer méi laang schaffen, oder hëlt a Kaf, datt deen een oder anere Prozentpunkt op der Säit bleift.

An ech hat virdrun eppes ugedeit, wat awer enorm wichteg ass. Dee Pensiounssystem deen ass gebaut ginn zu engem Zäitpunkt wou d'Leit 65 Joer al gi sinn, oder 60. Si hunn 1 oder 2 oder 3 oder 5 Joer hir Pensioun kritt an da ware si net méi do. Haut si mir an enger Situatioun, datt mir mat 57 an der Regel 58, 59, 60 an d'Pensioun ginn, an datt mir d'Chance hu 80, 85, Muncher iwwer 90 a gudder Gesondheet ze ginn. Dat ass eng Differenz.

A wéi gesot, dat wat mir als Modell ubidden, liicht an. Dat wat s du op där enger Säit als Liewenserwaardung bäigewënns, dat balancéiers du aus mat méi enger laanger Liewensaarbechtszäit, mä awer net nëmmen domat. An da kënnt ee wichtegen Element, mir maachen e Mix. Mir gräifen also, aneschters wéi d'UEL dat vun eis verlaangt huet, op verkraftbar Cotisatiounserhéijungen iwwer déi Lafdauer déi mir elo upeilen zréck. Do gëtt da spekuléiert, wéini kommen déi, déi Bäitragserhéijungen?

Jay Schiltz: Jo, do gëtt et jo elo divergent Aussoen.

Mars Di Bartolomeo: Ganz einfach, ech soe wa mir se brauchen.

Mir hunn am Moment 24% Beiträg a mir bräichten der 21%. Komm mir si frou doriwwer, datt mir déi Reserv hunn. Wann dat eng Kéier kippt oder amgaangen ass ze kippen, datt mir méi Beiträg riskéieren ze brauchen wéi déi, déi mir ophiewen, ma da muss een e Geste och a Saache Beiträg maachen.

An dat Zweet wat enorm wichteg ass, wat een awer jiddwerengem muss soen, deen elo liichtfankeg seet, Dir musst méi laang schaffe goen. Et muss een och soe wann ee vun de Leit verlaangt, datt si méi laang schaffe ginn, da muss een hinnen d’Conditiounen och ginn, fir datt si dierfe méi laang schaffe goen. Ënner gudde Conditiounen, adaptéiert un déi jeeweileg Alterssituatioun. An ech hunn de Patrone ganz kloer gesot, datt si entweder do matmaachen, mat konkrete Verflichtungen an Engagementer, mat Seuilen déi een ustrieft, oder datt soss den Drock méi staark op d'Cotisatioune gëtt. An de Patron huet och Intérêt hei matzewierken a seng Leit, och déi méi erfahre Leit ze fideliséieren. Wann ee weess, datt an deenen nächste Joren d'Zuel vun deenen déi an d'Pensioun gi sech verduebele wäert. Wa mir do net d'Leit méi laang fideliséieren an de Betriber, ënner gudde Conditiounen, da froen ech mech wou mir soss déi Aarbechter a Beamte siche ginn, wa mir net eis Reserven opbauen.

Jay Schiltz: Dorop wollt ech vläicht am zweeten Deel vun der Emissioun och nach zréckkommen. Mä ech komme, nach zréck op d'Cotisatiounen. Dir sot, mir erhéijen elo net, dat ka mar sinn, et kann iwwermar sinn, wa mir et brauchen. D'Generalinspektioun vun der Sozialversécherungen huet vill gerechent, datt dat 2022 schonn ënner Ëmstänn kéint de Fall sinn, datt et net méi duergeet déi lafend Ausgaben ze decken ouni un d'Reserven ze goen. Ass dat esou? Wa jo, wier dann 2022 de Stéchdatum?

Mars Di Bartolomeo: Also am Moment gesäit dat esou aus. Mir hu gesinn, datt mir duerch d'Kris ganz gutt komm sinn. Am Joer 2010 konnte mir zousätzlech Reserve vun 950 Milliounen uleeën. Dat heescht mir si gutt duerch d'Kris komm.

Mä wann eis den Himmel op de Kapp géif falen an et op eemol géif riets a lénks kraachen, ma jo da réckelt deen Datum do méi no bäi. Wat wichteg ass, datt mir keng Cotisatiounsfetischisten dorëmmer hunn, weder bei der Regierung nach bei de Gewerkschaften, déi awer léiwer op d'Recetten zréckgräife wéi op Leeschtungsadaptatiounen, vun de Patronen guer net ze schwätzen. Mä ech mengen, datt d'Konviktioun, d'Iwwerzeegung sech och duerchgesat huet, datt déi niddereg Beiträg gutt si fir déijéineg déi se bezuelen, mä datt dat awer och ganz kloer en Avantage ass fir zousätzlech Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg ze schafen.

Esou datt, wann ee seet Cotisatiounserhéijungen, datt ee muss hannendru soen, déi musse verkraftbar sinn, fir deen Eenzelnen awer och fir déi aner déi bezuelen. Mä et dierf een net ausschléissen, an Dir hutt richteg gesot, bei dem Wëssensstand dee mir elo hunn, riskéiert dat Verhältnis Recetten an Dépensen ëm 2020 ze kippen. Wa mir natierlech vill besser Wirtschaftsresultater hunn, da gëtt et méi laang, a wa se vill méi schlecht sinn, bon da féiere mir eng aner Diskussioun nach.

Jay Schiltz: A wéi engem Ordre de grandeur kënnten esou Erhéijunge falen? Et geet jo alt Rieds vun 30%?

Mars Di Bartolomeo: Also mir hunn dat wat an der Regierungspropositiounen dran ass, à discuter, dat ass datt mir fir déi Period bis an den nächsten 30-40 Joer raisonnabel dovun aus kéinte goen, datt d'Cotisatioune fir déi 3 Partner ëm jee progressiv 2% kéinte steigen. Dat heescht, vun insgesamt 24% haut, 3 mol 8, op 3 mol 10. Awer an Etappë géife steigen.

Dat ass verkraftbar, well et muss ee jo wëssen, datt wa mir zu esou engem Schrëtt ginn, datt mir och Nopeschlänner hunn, an déi am Moment vill méi héich mat de Cotisatioune leien an déi an deenen nächsten 20, 30 oder 40 Joer vläicht net an deem selwechte Mooss wéi mir, well si net déi Explosioun vum Aarbechtsmaart haten a well och d'Zuel vun deene Pensionéierten do net esou staark steigt, awer och mat der Problematik konfrontéiert sinn. Wéi gesot vläicht net esou drastesch, mä awer ëmmerhin. An do wäerten och an den Nopeschlänner d'Cotisatiounen an d'Lut goen a wa mir da vernünfteg dat och maachen, da verléiere mir net u Kompetitivitéit.

Jay Schiltz: Gutt, dat wier et da mol gewiescht scho fir den éischten Deel. Am zweeten Deel dann no den Neiegkeeten elo vun halwer schwätze mir da weider iwwer d'Pensiounsreform och ënnert anerem wat d'Kritiken un där Reform ugeet.

[Noriichteniwwerbléck vum Serge Kesseler]

Jay Schiltz: Zweeten Deel vun eiser Emissioun "Riicht eraus" mam Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo. Et geet ëm d'Reform vun de Pensiounen a vun de Renten. Vill Kritik gëtt et allerdéngs och. Dir hat an de leschte Woche Sondéierungsgespréicher bei de Gewerkschaften an och mam Patronat. D'Patronat seet, déi Reform geet net wäit genuch. Et ginn Horrorszenarien opgezeechent. Ëm d'Joerhonnertwenn misste mir eng 7 Millioune Beschäftegter hei am Land hu fir déi Keesen z'alimentéieren. Et gëtt näischt gemaach fir 2050, orakelt d'UEL ëmmerhin schonn annerhallef Millioun Salariéë viraus. Sinn dat elo fir Iech Zuelespillereien? Huelt Dir déi Previsiounen eescht? Bedeite se Iech eppes? Ass dat realistesch?

Mars Di Bartolomeo: Et kann een natierlech alles onendlech oprechenen. An da kënnt ee schonn zu extrem impressionante Wuesstemschifferen déi ee misst erreeche fir dat kënnen z'erreechen.

Mä et dierf een an deem heiten Dossier net ze vill provokativ sinn. De Pensiounssystem ass hei zu Lëtzebuerg ganz héich opgehaangen. An et muss een och emol d'Avantagë vun engem gudde Pensiounssystem an de Virdergrond stellen. Hei zu Lëtzebuerg ass d'Altersaarmut d'absolut Ausnam. Mir sti wäitaus besser wéi all aner europäesch an international Partner duerch ebe gutt Pensiounen.

Eis gutt Sozialversécherungen hunn eis et erlaabt fir gutt duerch d'Kris ze kommen, well wéineg Leit elo direkt ofgehaange gi sinn. Dat suergt och fir Kohesioun an enger Gesellschaft. A wann een do ufänkt, ze vill wahllos schneiden ze goen, total Ofschafung vum Ajustement zum Beispill an och den Ajustement vun de Joresverdéngschter, also eng duebel Ofschafung vum Ajustement kënnt net fir d'Regierung a Fro. Och wann ee bei dem Ajustement, mengen ech, de Realitéiten nach méi staark muss Rechnung droen, wéi entwéckelt sech mëttelfristeg de Pensiounssystem? Wéi ass d'Verhältnis tëscht Cotisanten a Pensionéierter? Wéi entwéckelt sech den Aarbechtsmaart? An esou weider. Dat sinn Diskussiounen déi ee ka féieren.

Wann ech elo déi rezenst Gespréicher mat Gewerkschaften a Patronat eng Kéier roueg oflafe loossen, da mierken ech awer, datt Bewegung an deem Pensiounsdossier dran ass. Et muss ee wësse vu wou ee kënnt.

2003 ass de Rentendësch gemaach ginn wou op ee Coup d'Ausgaben iwwer Budget an iwwer Pensiounskeesen ëm 10% gehéicht gi sinn. Op ee Coup. Mir hunn déi lescht Period genotzt, heiansdo reprochéiert kritt mir hätten net aus der Hëft geschoss, fir op d'Problematik vun de Pensiounen mëttel- a laangfristeg opmierksam ze maachen. An Dir gesitt, den Débat huet awer changéiert. Do ass eng Evolutioun dran.

Et ass haut kee méi dee seet mir musse massiv Erhéiunge maachen. Jiddweree seet, jo mir mussen u Reformen erugoen. An den Däiwel läit am Detail an d'Approchë si verschidden. D'Patronat huet éischter d'Tendenz fir ze soen, gitt un d'Leeschtungen. Gitt net un d'Cotisatiounen. Gitt u méi laang schaffen.

Iwweregens Evolutioun bei de Patronen, si froen net méi d'Erhéijung vum legale Pensiounsalter. Dat war virun 2 Joer nach de Fall. An deenen Diskussiounen déi mir gefouert hunn, hunn d'Patronen och agesinn, datt et näischt notzt wa mir vu 65 op 67 ginn, well d'Problematik sech ofspillt tëscht 57 an 65.

Bei de Gewerkschaften hunn ech och eng ganz zolitt Evolutioun gesinn. Virun e puer Méint ass nach den Deplafonnement vun de Cotisatioune gefuerdert ginn. Dat fannen ech am Pabeier vun deenen 3 Gewerkschaften erëm. D'Gewerkschaften hunn eng nei Iddi. Si soen, et misst een en neie Pilier am Finanzement schafen, doduerch datt ee wéi bei der Fleegeversécherung eng spezial Cotisatioun géif schafen, déi net méi op der Aarbecht läit, mä wou jiddwereen op Grond vu sengem Verméige géif cotiséieren.

An dat mengen ech, wat mir an der Diskussioun an deenen nächste Méint musse verbindlech eriwwer bréngen, dat ass, wann ee sech op dee Wee mécht, datt wann een ënner gudde Conditioune méi al gëtt, datt een dann och bei der Aarbechtsleeschtung eppes muss drop leeën. Datt een déi Conditioune muss schafen.

An ech stelle mir do e seriöse Pakt vir, tëschent Regierung, de Betriber an och deenen anere Partner, wou mir de Wierder och praktesch Konsequenze follege loossen, andeem mir eis eeler Mataarbechter net méi eraus kieren, Adaptatioune maache vun der Aarbecht un de Mënsch an net de Mënsch onbedéngt an de Wénkel klappen. Méi flexibel Modeller schafe vu Kombinatioun, vun Deelaarbecht, mat Deelpensioun.

All dat sinn Elementer déi mir elo an deem Comité permanent pour l'emploi, zesumme mam Aarbechtsminister, deen eng ganz Rei vu gudde Pisten entwéckelt huet, wäerten thematiséieren. A wou mir och zu Accorden, verbindlechen Accorden musse kommen, well soss [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Wéi wëllt Dir dann d'Patronat dozou bréngen, eeler Leit am Aarbechtsprozess ze halen? E spezielle Kënnegungsschutz zum Beispill, wéi d'Gewerkschaften dat an hirer Note de réflexion gefuerdert hunn?

Mars Di Bartolomeo: Also et gëtt eng ganz Rei vun Elementer. Fir mech ass dat kräftegst Argument, déi Tatsaachen, datt d'Betriber selwer den Intérêt hu fir hir Leit ze fideliséieren, wa se dann déi Berechnunge maache wéi vill Leit an Zukunft an d'Pensioun ginn, wa mir et rulle loossen. Dat heescht, et ass e wierklechen Intérêt do.

Mir musse kënne Fördermoossnamen envisagéieren. Dat ass dran. Well et ass ëmmer besser mir investéieren an d'Aarbecht an an de Maintien dans l'emploi – net nëmme wéinst de Cotisatiounen, mä wéinst enger ganzer Rei vun Ursaachen – amplaz, datt mir Leit fréizäiteg desengagéieren, keng Beiträg méi bezuelen, eventuell op aner Sozialleeschtungen ugewise sinn. Dat heescht Fördermoossnamen.

An dann, wann dat net gräift, mengen ech muss een dee sech senge méi räife Mataarbechter ouni Grond entleedegt, dee muss dann och de Präis dofir bezuelen. Ech ka mir virstellen, datt Betriber déi systematesch hir eeler Mataarbechter erausekelen, datt déi gehale gi Cotisatioune weider ze bezuelen, oder, oder, oder. An do kann ee sech munches afale loossen.

Mä ech mengen, et ass elo mol Zäit fir vun Engagementer ze diskutéieren. Seuilen zum Beispill. Wann ee sech engagéiert e Seuil z'erreeche vum Emploi vun de Senioren. Grad wéi beim Emploi feminin. Wann ee sech dat als Zil setzt, als verbindlecht Zil setzt an da seet, wa mir dat erreechen, tant mieux. A wa mir dat net erreechen, da geschitt dat an dat. Et gëtt jo verlaangt vun den Arbeitnehmer, sech zu esou Saachen ze engagéieren. Et kann een dat och vun de Betriber verlaangen. Ech wëll elo net direkt soen, datt ee mat contraignante Gesetzesmoossname muss ufänken, déi och kënne kontraproduktiv sinn. Mä datt een dat awer net ausschléisst, wann een net viru kënnt mat konkreten Engagementer wou och d'Ënnerschrëft drënner ass.

Jay Schiltz: Erlaabt mir, Här Minister, vläicht nach eng Präzisioun. Dir hutt et virdru scho kuerz ugedeit. Mä d'Patronat hätt jo gär bei där Reform de Rentenajustement ofgeschaf. Nach eng Kéier ze präziséieren. Dir gitt do net un deen Ajustement fréckelen?

Mars Di Bartolomeo: Also, mir ginn den Ajustement net ofschafen. Ech muss soen, et sinn och ëmmer méi Jonker déi sech an déi Diskussioun aschalten an déi soen, gutt mir si bereet eppes ze bréngen iwwer Cotisatiounen, iwwer méi laang schaffe goen. Mä jee nodeem wéi d'Situatioun ass, kréie mir gesot, misst een och kucke wéi et mat der Evolutioun ass bei deenen déi an der Pensioun sinn.

De Prinzip an dëser Reform ass, datt déi déi an der Pensioun sinn hir Droits acquis behalen. Mä wann elo ufänkt eng Beitragssituatioun ze kippen, wann eng wirtschaftlech Situatioun ongënschteg wär. Wa mir ufänke bei der Relatioun tëschent deenen déi cotiséieren an deenen déi d'Pensioun kréien, wann dat ufänkt ze kippen. Wa mëttelfristeg Moyene vun de Pensiounskeesen hypothekéiert sinn, also d'Ressourcen ufänke méi rar ze ginn, da muss een och kënnen de System vum Ajustement ponderéieren, Net ofschafen.

Wann alles op gréng ass, selbstverständlech, da bleiwe mir beim bewährte System. Mä wann een ufänkt op orange ze schalten, da mengen ech mussen net nëmmen déi Aktiv mat upaken, mä da muss een och kënnen déi Diskussioun féieren, wéi d'Contributioun vun deene Pensionéierten ass. Ech mengen, datt dat net fir muer an iwwermuer ass. Dat ass eng Diskussioun déi ee muss verbanne mat de Cotisatiounen. Zum Beispill, wann een also deenen Aktive méi ofverlaangt, da muss ee mengen ech och kënne soen, datt een déi Pensionéiert muss mat an d'Boot era bréngen.

Jay Schiltz: Wéi geet et elo mat Ärer Reform virun? Gëtt den Dossier op klenger Flam gehale bis no de Gemengewahlen wéi d'Lëtzebuerger Land dat leschte Freideg spekuléiert huet? Eng méiglech Denkpaus sech gegonnt iwwer de Summer bis an den Hierscht eran?

Mars Di Bartolomeo: Neen, mir schaffen an Aarbechtsgruppe monter weider, och iwwer d'Vakanz. An do hunn déi eng oder aner Date keen Afloss drop. Ech muss soen, datt et e ganz komplexen Dossier ass. Mir hate geduecht, datt déi Stellungnahme vun de Sozialpartner schnell géife kommen. Dat huet elo déi Zäit gedauert déi et gedauert huet. Dat ass net dee geréngste Reproche. Ech mengen, d'Sozialpartner hunn eng seriös Aarbecht gemaach a mir wäerten d'Conclusiounen aus deene Stellungspabeieren zéien an dann eisen Avant-projet zügeg finaliséieren.

Ech muss soen, datt déi Individualiséierung déi mir wëlle maachen, datt dat méi e komplexen Dossier ass, an datt dat eis déi eng oder déi aner Woche méi kascht. Also mir maachen dat an där Zäit déi mir brauchen. An dat ass ganz léif, wann e Journalist e Lien mat de Gemengewahle mécht oder mat engem anere Pretext. Ech zéien dat doten duerch, well ech dovun iwwerzeegt sinn, datt dat wat mir haut net maache vun eise Kanner duebel oder dräifach bezuelt muss ginn. An ech hu meng eegen Iwwerzeegungen, mat deenen ech un esou eng Reform eru ginn. Dat sinn déi Wäerter vu Solidaritéit, vun Equiliberen, vun engem gudde Mix. An dofir maachen ech dat léiwer selwer a loossen deen Dossier net vergammelen fir engem aneren en z'iwwerginn dee vläicht den Zauberkünstler éischter gleeft, déi menge mir missten eisem Ëmlageverfahren um Mëschtekoup vun der Geschicht entsuergen an esou séier wéi méiglech an e Kapitaliséierungssystem era goen.

Ech brauch do net méi vill Argumenter ze gebrauchen. Wa mir de Kapitaliséierungssystem gehat hätten, virun dëser Finanzkris, dann hätt eis Situatioun an de Pensiounsfonge ganz aneschters ausgesinn wéi haut. Mir hunn dat en bon père de famille gemaach, an dee Generatiounevertrag ass fir mech nach ëmmer gutt, och wann ee muss op si fir an engem Vertrag, wann eben Evolutioune komme, vläicht nei Kapitelen dobäi ze schreiwen an deem Geescht wou mir bis elo haten. Wwer et soll een de Courage hu fir de Leit d'Wourecht ze soen.

Jay Schiltz: Dir hutt et elo och gebraucht a virdrun an der Emissioun och schonn. Déi Kompensatiounsfongen, d'Reserve vun de Pensiounskeesen. Vläicht nach eng Fro wat déi ethesch Ausriichtung vun den Investissementer do ronderëm ugeet. Investéiere mir nach ëmmer an Aktien vun dubiosen Entreprisen wéi Waffenhändler, Nuklearlobby an esou weider? Gefuerdert gëtt jo ënner anerem och nach vu Gewerkschaften oder Ethika, datt sech Lëtzebuerg e Gesetz géif gi fir den Aktienportfolio vum Fonds de compensation e kloere Kader géif schafen. Denkt Dir un esou e Gesetz?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, datt et am Moment och ouni Gesetz geet. Mir hunn d'Verwaltung, d'Gestioun enger Équipë uvertraut, wat fir mech lauter integer a ganz gutt Leit sinn, déi aus de staatleche Verwaltunge kommen, déi vun de Gewerkschafte kommen, déi aus de Betriber kommen an déi sécher net dubios Placementer bewosst wëlle maachen. Dofir musse mir eis all Argumenter op eis Säit ginn.

International Konventiounen déi sinn ze respektéieren. Politesch Décisiounen déi falen an deem engen oder anere Beräich, sief dat den Energieberäich, sief dat d'Tubaksindustrie oder anerer, déi sinn, wann dee Konsens do ass, ze respektéieren. An ech stelle fest, datt d'Gestionnairë vun deem Fong eng seriös Diskussioun féiere mat gudde Partner wéi se méiglechst vill Argumenter op hir Säit kënne kréie fir ze verhënneren, datt esou béis Iwwerraschunge kommen.

An ech soen et nach eng Kéier déi doten Investissementer sinn net bewosst gemaach ginn, mä déi sinn an engem ganz grousse Portefeuille opgetaucht. Viru 6 Méint wosst nach kee wien Tepco wier. Haut weess jiddwereen et, an haut géif kee méi 1 Euro an déi dote Fongen era stiechen. Bon, fir esou Iwwerraschunge virzebeuge kucke mir wat auslännesch Fonge maachen déi e gudde Label hunn, a schaffe mir mat anstännege Partner zesummen a respektéiere selbstverständlech déi europäesch an international Konventiounen.

Jay Schiltz: Gutt, och dës Emissioun bréngt eis 2 der Pensioun ëm eng Stonn méi no, Här Minister. Et bleiwen eis elo nach 8 Minutten. Ech wollt domat de Pensiounsdossier zou maachen, well Dir sidd jo net nëmme Sozialminister, mä och nach zoustänneg fir d'Gesondheet am Land. Dat lescht Joer hat Dir do e schwierege Match fir déi Gesondheet ze reforméieren. Zanter 6 Méint ass dat ëmgesat, a Kraaft. Kënnt Dir elo vläicht schonn en éischte Bilan zéien? Ass Lëtzebuerg an en akute medezinesche Versuergungsnoutfall geroden wéi dat virausgesot gouf?

Mars Di Bartolomeo: Also, ech si ganz zefridde mam Ëmsetzungsprozess an Dir gesitt, dobaussen ass net méi déi grouss Entrüstung iwwer d'Gesondheetsreform. Eis Gesondheetskeess entwéckelt sech anstänneg. Ech menge mir kënnen an dat nächst Joer mat e bësse méi Zouversiicht era kucken wéi an déi Jore virdrun.

Mir sinn amgaang sou fundamental Konzepter wéi d'Revaloriséierung vum Vertrauensdokter ganz intensiv mat den Dokteren auszeschaffen, vum 5. Januar un. Dat heescht, direkt no där akuter Phas.

A wann ee kuckt wat um europäesche Plang an de leschte Méint gelaf ass. Mir hunn an der Zwëschenzäit déi grenziwwerschreidend Gesondheetsdirektiv. A wann Dir déi kuckt, do fannt Dir alleguer déi Prinzipien erëm déi mir an eiser Gesondheetsreform ganz grouss geschriwwen hunn. Dat heescht Patientesécherheet, d'Qualitéitssécherung, Dokumentatioun, Transparenz, de Patient als gläichberechtegte Partner eran huelen. Mir waren also virun eiser Zäit op dem richtege Wee.

An déi Gesondheetsreform erlaabt eis och déi europäesch Direktiv déi mir wesentlech mat beaflosst hu besser ëmzesetzen. Et gëtt natierlech ëmmer déi eng oder déi aner Kritikpunkten. Mä ech mengen och an der Gesondheetsreform huet sech bewährt, datt een de Courage huet fir dat wichtegt, dat wesentlecht, dat wäertvollt ofzesécheren. Sech heiansdo ze bewegen. An hei ass d'Haaptsaach consolidéiert ginn. Et huet jiddweree sech e bësse misste bewegen. An ech mengen déi Bewegung ass et derwäert, well mir hunn ee vun deene solidareschste Gesondheetssystemer déi et iwwerhaapt op der Welt gëtt.

An no der Reform ass dee System net geschwächt ginn, mä e gëtt an den nächste Méint a Joren, wa mir d'Transpositioun virun dreiwen, éischter gestäerkt. Ech kréien och, wat ech och verstinn, heiansdo Reaktioune wéinst 2,50 € déi heiansdo à tort et à travers nach gefrot ginn, déi eng oder aner Reklamatioun. Dat wäerte mir bilanzéieren, am Hierscht. Mä ech kréien awer och eng ganz Rei vu positive Reaktiounen, och an der Zwëschenzäit vum Terrain, datt mir a Beräicher viru kommen wou dat eben sou geplätschert ass.

Déi Iddi vun de Kompetenzzentren, wou mir virun e puer Méint doriwwer diskutéiert hunn, déi mécht hire Wee. Déi Diskussioun déi mir haten iwwer Kompetenzzentre beim Kriibs, wou et méi oder manner hefteg diskutéiert ginn ass, déi gëtt elo zesumme mam Terrain aneschters opgewéckelt an enger participativer Approche, net an enger ukloender Approche. An do komme mir wierklech virun. An dann, an där Debatt iwwer d'Gesondheetsreform sinn op där enger Säit, grad wéi op där aner Säit heiansdo méi pointéiert Aussoe gemaach ginn. Mir sinn elo rëm zur Normalitéit iwwergaang. Awer net doduerch, datt mir da soen, et ass elo erëm alles gutt an alles tipptopp. Mä andeem mir op deene Plaze wou mir nach besser kënne ginn, ganz konstruktiv zesumme schaffen. An ech si ganz zefridden iwwer déi Evolutioun déi mir zanter dem éischte Januar haten.

Jay Schiltz: Fir d'Preparatioun vun esou enger Emissioun wéi déi hei froen ech ëmmer gär an der Redaktioun d'Kollegen, ob se déi eng oder aner Fro vläicht un den Invité hätten. Eng Fro aus der Redaktioun, Dir hat am Ufank, wéi Dir Gesondheetsminister gouft ugekënnegt, Iech och ëm d’Zréckbezuele vun homeopathesche Medikamenter an Dokteschrechnungen ze këmmeren. Bis ewell ass awer do nach net ganz vill geschitt, oder?

Mars Di Bartolomeo: Dat ass net richteg. Ech hunn dat ugekënnegt gehat zu engem Zäitpunkt wou iwwer e Gesetz de Remboursement vun den homeopathesche Medikamenter ofgeschaf gi war. Ech hunn ech eng Proposition de loi gemaach fir dat erëm anzeféieren. An eent vun deenen éischte Gesetzer déi ënner menger Responsabilitéit gestëmmt gi sinn, war d'Erëmhierstellung vun dem Remboursement vun homeopathesche Medikamenter, wéi dat virdrun de Fall war. Dat war dat wat ech versprach hat. Méi hat ech net versprach.

Mir sinn am Moment amgaang un enger Rei vu Gesondheetsberuffer, der Definitioun vun enger Rei vu Gesondheetsberuffer ze schaffen. Ënner anerem d'Beruffsbild vum Psychotherapeut, wat extrem wichteg ass. An dat wäerte mir an den nächste Méint finaliséieren.

Wann Dir mir erlaabt, just ee Wuert nach iwwer wichteg Chantieren ze soen, déi kuerz virun der Fäerdegstellung sinn. Mir hunn ugekënnegt mir géifen e modernt Patienterechtsgesetz maachen. Den Avant-projet ass fäerdeg. Deen ass an enger éischter Consultatiounsronn. Déi Leit, déi Partner mat deene mir zesumme schaffen, déi soen hir Meenung zu deem Text. Mir wäerten där Meenung sou wäit wéi méiglech Rechnung droen an dann, entweder just virun der Vakanz, wat awer manner probabel ass, oder ganz fréi no der Vakanz dee Projet an d'Regierung zréckhuelen an en deponéieren.

Jay Schiltz: Gutt, vill diskutéiert gëtt am Land den Ament och iwwer d'Reform vum Avortementsgesetz. Ech weess, dat ass kee gesondheetspoliteschen Dossier. Dir haalt Iech och aus der Diskussioun eraus. Ass de Gesondheetsminister net concernéiert?

Mars Di Bartolomeo: Dach. De Gesondheetsminister ass selbstverständlech mat concernéiert.

Ech stelle mat Satisfactioun fest, datt Bewegung am Dossier dran ass. Bon, et wonnert keen, datt ech soen, a menger eegener Iwwerzeegung bleiwen ech der Meenung, datt eng Fristeléisung dat richteg wier. Mä déi 2 Partner hu sech an de leschte Méint bewegt an dat wat sech elo ofzeechent, dat ass, datt een aus deenen 2 Consultatiounen eigentlech eng an 2 Voleten mécht. Datt dat eng gutt Approche ass.

An ech sinn an enger anerer Eegeschaft als Gesondheetsminister betraff. Ech hunn eppes wat zanter Jorzéngten an der Diskussioun ass kuerz virun der Finaliséierung. Dat ass de Remboursement vu Contraceptifen. Wann een iwwer Avortement schwätzt, da schwätzt ee selbstverständlech driwwer fir an deenen Noutsituatiounen de Fraen de Choix ze loossen wat ze décidéieren. Mä et heescht awer och, datt een esou Noutsituatioune ka verhënneren duerch eng responsabel Sexualitéit, duerch e gudden Zougang zu de Contraceptifen wou mir en éischte Volet scho gemaach haten an de Schoulen, an elo en zweete Volet wäert nokommen, datt mir eng quasi gratis Zurverfügungstellung vun de Contraceptife maache fir Frae bis 25 Joer. Dat ass och en enorm wichtege Volet. Wann een Avortement schwätzt, da muss een och gläichzäiteg soen [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Erlaabt, datt ech nach eng Kéier zréckkommen op déi Consultatioun. Dat gëtt elo gemaach, dat ass elo nëmme méi eng anstatt 2. Mir erspueren der Fra do e Spiissruttelaf. Et bleift awer, datt dat obligatoresch ass. Firwat bréngt et eng Partei wéi d'LSAP, eng sozialistesch Partei, ech wëll dat mol nach eng Kéier an Erënnerung ruffen, firwat bréngt déi et net fäerdeg fir enger Fra zouzegestoen, selwer fir sech kënnen ze décidéieren?

Mars Di Bartolomeo: D'LSAP géif dat fäerdeg bréngen wann Dir mathëlleft, datt mir muer an dësem Land d'absolut Majoritéit hunn, respektiv eng Koalitioun hu wou déi 2 Partner dat genee d'selwecht gesinn.

An dëser Koalitioun hunn déi 2 Partner eegen Iwwerzeegungen, a fir datt mir awer viru kommen, hunn déi 2 sech misste bewegen. Fir mech ass zum Beispill e wesentlechen Element an deem dote Gesetz deen, datt ee Mineur d‘âge dee bis elo an der Illegalitéit war, datt deen d'Méiglechkeet kritt fir net mussen e Kand auszedroen oder an d'Illegalitéit eran ze goen, mä och de Wee opgemaach kritt wann, Noutsituatiounen do sinn, fir kënnen eng eegestänneg Décisioun mat enger Vertrauenspersoun, oder och mat den Elteren, mä awer och mat enger Vertrauenspersoun ze huelen.

Ech wiere mech géint esou eng Duerstellung, wéi Dir elo gebraucht hutt, datt eng LSAP net à même wier fir an esou engem quokelegen Dossier, wou 2 fundamental entgéigegesate Meenungen openee getraff sinn, a wou trotzdem et méiglech war fir e ganz grousse Schratt virunzekommen, datt d’LSAP hir Aarbecht net gemaach hätt. Et hätt ee kënnen esou viru fuere wéi aner Parteie virdrun, en net-Konsens, eng net-Eenegung feststellen, an dann et dobäi loosse wéi et war.

Ech mengen, datt dat hei, wa mir elo eng Eenegung fannen am Detail, zu där Solutioun déi sech ofzeechent, datt dat e ganz wesentleche Fortschrëtt ass, och am Hibléck op eng méi fräi Décisioun, déi d’Fra och hei am Land kann huelen, an net muss an d’Ausland goen. Gekoppelt mat deene Präventiounsmoossnamen, déi a jiddwerengem sengem Intérêt sinn, well den Avortement ass kee Selbstzweck. Jiddwereen ass der Meenung, datt en Avortement zu deem et net kënnt, doduerch datt et net zu enger ongewollter Schwangerschaft kënnt, datt dat eppes Guddes ass. An dofir soen ech, et ass den zweeten Element vun där Diskussioun déi mir musse féieren, direkt parallel zu der Diskussioun iwwer den Avortement, dat ass d’méi-Bereetschaft zur Zurverfügungstellung vu Moyene fir eng gutt Opklärung, de Volet Contraceptifen, an, an, an. An dann hu mir wierklech en anstännege Schrëtt gemaach.

Jay Schiltz: Eis Zäit ass ofgelaf, Här Di Bartolomeo. Eng allerleschte Fro nach: wéi laang dierf ech a mengem Lieblingscafé beim Fränz nach bei mengem Patt fëmmen? Wéini ass et fir d’Fëmmverbuet an de Caféen?

Mars Di Bartolomeo: Ech kann Iech keen Datum nennen, ma ech kann Iech eng Démarche soen. Ech hunn de Bilan gemaach esou wéi ech dat ugekënnegt hat. Ech hunn d’Regierung mat deem Bilan konfrontéiert, Dee Bilan ass ganz positiv, an ech wäert an deenen nächste Méint meng Hausaufgabe maachen, esou wéi se am Regierungsprogramm definéiert sinn. Dat heescht, de Schutz vun deenen déi net fëmmen ausdehnen, stäerken, a mat engem Akzent op déi Jonk.

An et iwwerrascht Iech net wann ech Iech soen, datt, wann ech deen Avant-projet fäerdeg hunn, datt ech proposéieren, fir de Fëmmverbuet op Bistroen, op Discothéiken an och de faule Kompromëss dee gemaach ginn ass mat fëmme bis eng gewësse Stonn an dann erëm net méi fëmmen, an dann erëm fëmmen, datt mir do fir kloer Verhältnisser suergen. Net fir déi déi fëmmen ze strofen, ma fir d’Gesondheet ze belounen.

Jay Schiltz: Dat wier et gewiescht fir dës Emissioun "Riicht eraus" mam Sozial- a Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Merci, Här Minister, datt Dir Iech Zäit geholl hutt.

Dernière mise à jour